Naw

Ech stinn op der Kräizung beim S. senger Wunneng; et ass zwanzeg vir zéng. Ech kennen seng Apartementsnummer net, an ech froen mech op ech soll déi zwiellef Cent ausginn vir em vu mengem lëtzebuergeschen Handy eng SMS ze schreiwen wou et bleiwt. Wahrscheinlech steet et nach virum Spigel seng schwaarz gewellten Hoer ze kämmen – si gesinn zwar schéin aus, mä ech stellen mer et schrecklech vir mam Kamp duerch esou eppes ze kommen. De Recht sëtzt schon zéng Minuten am Cours, et ass egal, mir ginn do souwisou net hin.
Ech hat schon ëmmer Mënsche gären, déi mat engem Laachen um Gesiicht duerch d’Welt ginn. Wann se dann och nach weiblech sinn a wëssen wat RSS an SEO ass, ass dat scho bal d’Perfektioun. Mä dës Kéier verléiwen ech mech net. Ech dierf net. An ech wëll dat och guer net. Et kënnt dee Punkt am Liewen, wou ee sech muss décidéieren op een sech eng Frëndin sicht a mat där glécklech gëtt, oder sech op sech selwer konzentréiert. Sech selwer weiderentwéckelt, fir op laang Dauer glécklech ze sinn. Virun där Entscheedung stinn ech. Stoung ech. Si ass scho längst gefall. Ech brauch einfach nëmmen Frëndschaft am Moment. Dëst Joer gehéiert ganz aleng mir, an ech deelen dat mat kengem. Et gëtt Zäit. Mä ech sinn schon ëmmer méi einfach mat Meedecher eenz ginn ewéi mat Kärelen. Als Kënschtler huet een vläit méi weiblech Hormoner am Kierper. Mä ech si kee Biolog, a wahrscheinlech ass dat alles Blödsinn wat ech mer zesummereimen.
Meng kuerz Hoer fillen sech nach ëmmer komësch un. Een hallewt Joer war ech net bei engem Coiffeur an dunn sot ech einfach: schneid mer dat alles erof. Op en halwen Inch, roueg e bësse manner. Aacht Pond wollt en dofir. Dat ass ee Pond méi wéi zu Cardiff, an eng zéng Euro manner ewéi an deem Land, wou ech de Summer war. En Neiufank verdéngt och eng nei Frisur. Iergendwou hunn ech eng Kéier gelies et hätt ee psychologesche Grond sech d’Hoer ze schneiden wann een e Broch wëll. Ech weess net awéifern ech de Broch wollt, mä ech hu gespuert, dass ech e géing brauchen. Ech fille mech ewéi wann ech ukomm wier. Ech weess nach net wou. Ukommen heescht och fortgoen, an ech weess zumindest wouhier ech kommen. All Kéiers wann ee mech freet vu wou ech sinn soen ech Cardiff. Opgewuess sinn ech zu Lëtzebuerg, hänken ech hannendrun. Mä a mengem Häerzen sinn ech Walliser.
Ass et net wonnerbar, dass ech elo hei stinn an op ee Mënsch waarden, dee bis viru kuerzem nach op engem anere Kontinent geliewt huet an deen esouvill nei Geschichten kann erzielen? Muenchmol geschéie Wonner, sot den Dekan gëschter. Wonner geschéien déi ganzen Zäit – et muss een se just erkennen. Ech gesinn d’S. zur Dier erauskommen. Zéng Minuten ze spéit. Et ass egal. Haut fänkt den Hierscht un. Haut ass ee perfekten Dag. Och wann et riicht eran schifft. Et hëlleft déi Tréin ze verstoppen – vu Gléck, vu Vermëssen, vu Béidem. Deen éischten Dag vu mengem Joer.

Schwarzwälderkirschtorte und Currywurst

Ech kommen mer scho bal fir ewéi wann ech Drogen geholl hätt, esou frou sinn ech hei ze sinn. Et schéngt een staarken Sënn vu Gemeinschaft tëscht de MACE (Master of Arts in Creative Economy) Studenten ze herrschen – iwwer d’Joeren ewech. Mir waren en Donneschdeg mat hinnen eppes drénken an hunn eis erzielen gelooss, wéi déi eenzel Proffen esou sinn, wat fir eng Problemer een huet als Student ouni fest Fakultéit (MACE geet wéi gesot iwwer all d’Fakultéiten ewech, dat heescht eben och, dass ee keng fest Heemescht huet). Gëschter Owend waren mer op d’Tent London, en Deel vun der London Design Week, wou ee groussen Deel vu Studenten vun der Kingston University ausgestallt hunn, an eng ganz Rei Firmen mat wierklech coole Produiten. Besonnesch begeeschtert huet mech d’Istanbul Door, eng Dier, déi am Fall vun engem Erdbiewen kann an der Mëtt gefaalt ginn an wou een sech kann drënner setzen fir geschützt ze sinn. Wann ech mech richteg erënneren, war dat de Projet vun enger Studentin vum MA Design: Product and Space. Ee weidere Projet vun engem Student an deem Fach war “A Room to Die In”. Mat der Fro “mir schléiferen Déieren an, wann hier Qualen ze grouss ginn, firwat verweigeren mer dat Recht dann de Mënschen?” als Basis gouf een klengt Schlofzëmmer gebaut, an ausgerechent ewéivill Sauerstoff een an deem Zëmmer hätt fir z’iwwerliewen: ongeféier 6 Stonnen. Wahrscheinlech deen emotional am Erdréckendsten Projet deen ech gesinn hunn. Een faszinante Projet war Tischgeflüster, dat vum jüdesche Museum Berlin an Optrag gestallt gouf. Eidel Telleren op engem Dësch erklären d’Symbolik vun diversen Iessenssaachen an eenzelne Reliounen. All Kéiers wann een den Teller nees niddersetzt an ophierwt héiert een eng nei Informatioun, a wann een en Teller op en aneren Deel vum Dësch réckelt an ophierwt kritt een déi relevant Informatiounen an enger anerer Relioun (et stoung – an der jeweileger Sprooch – um Dësch, wéi eng Relioun et ass). En wierklech coole Produit koum aus de Niederlanden: flux. E Stull, deen komplett kann zesummegeklappt ginn, an déi stabil an esouguer bequem sinn.
No Tent sinn mer alleguerten zesummen Iessen gaangen (d’Nuetsliewen ronderem d’Old Truman Brewery ass wierklech cool). Ech hunn mech mat engem Kölner de ganzen Owend op däitsch ënnerhalen, während ronderem eis um Dësch eng Kroatin, eng Norwegerin, en Türk, een Englänner an ee Russ souzen. Verschiddener dovunner a mengem Joer, verschiddener net (de Kölner, zum Beispill). D’Kroatin huet am Laf vum Owend dann och gemengt, et wier erstaunelech ewéi gudd mer schéngen eenz ze ginn a wéi net jiddfereen nom Cours heem leeft. Mä wéi d’MACE Leit vum läschte Joer erklärt hunn, wann ee keng Heemescht huet, ass et méi agréabel zesumme Nomad ze sinn ewéi aleng.

(Bäh. An ech hunn mäin lëtzebuergeschen Telefon geblockt, well ech dräi mol de falsche PIN aginn huet. Bis Chrëschtdag ass déi Nummer da mol doud. Dat kënnt dovunner, wann een zevill verschidde PINen muss verhalen. Ech sinn also am Moment just online z’ereechen, bis ech en Dënnschdeg hoffentlech mäi briteschen Handy erëmkréien.)

Everything Will Be Alright

Haut hat ech also mäin éischten Dag op der Kingston University. Där, wéi ech gewuer gi sinn, populärster Uni zu London (keng aner Uni huet esouvill Umeldungen). Woumatter ech dann nach méi frou sinn, erakomm ze sinn a virun allem eng unconditional offer kritt gehat ze hunn. Meng éischt Andréck si gréisstendeels positiv. Meng Haaptfakultéit – Business and Law – läit um Site vun enger fréierer Mansion, an ech hu manner laang gebraucht fir dohinner ewéi ech gefaart hat. De Negativ ass, dass um Campus gebaut gëtt – en Gebei dat komplett selbstversuergend ass, an en gréngen Daach wäert hunn. An dat eréischt fäerdeg gëtt, nodeems mäi Joer eriwwer ass.
Wat mäin zweete Campus ass, weess ech nach net. Ech treffen eréischt muer d’Publizistik Proffen, wou ech dann mäin Stonneplang kréien. Fir d’Publizistik si mer just zu zwee aus mengem Master an dat Meedchen schéngt ganz an der Rei ze sinn, esouwäit ech dat no e puer Stonnen halt beurteelen kann. Mir waren zesummen iessen an eppes drénken, an mir liewen allen zwee nach, ech gesinn dat emol als positiv un.
Den MA ass ee gudd Stéck méi cool, ewéi dat op hierem Internetsite geklongen huet. Mir hunn all Freideg een ganzen Dag Cours zesummen als MA Creative Economy Studenten, an de Recht vun der Woch gi mer an déi aner Fakultéiten fir eis jeweileg Spezialisatiounen – dat geet vun Advertising iwwer Fashion an Product Design bis Museum & Galleries. Et ass, ewéi eis haut emmer erëm erklärt gouf, een multi-disziplinären MA, deen am Moment nach eenzegarteg ass.
D’Coursen sinn FUCKDATGËTTSOUVILLARBËSCHT an WOWDATKLÉNGTSOUGÄIL. Mir mussen nämlech a Gruppen vun 3-4 Leit eng Idee fir e Produit ausschaffen an deen dann als richteg Firma vermaarten. Als llc (limited liability company, also eng s.àr.l.), an déi dat ganzt Joer iwwer managen. Ausserdeem musse mer eis ee Mentor an der Industrie sichen, deen an deem Beruf schafft an deem mir eis spéider gesinn, an mat deem diskutéieren, fir dann eis Gedanken doriwwer opzeschreiwen.
Et gëtt een ustrengend Joer, mengen ech. Mä ech freeën mech. Well et kléngt ewéi déi Art Erausfuerderung, déi ech wëll. An ech dobäi dat léieren, wat ech wëll.

Welcome Home

London. Ech hätt virun dräi Joer, wéi ech déi éischte Kéier mat mengem Bruder hei war, net domatter gerechent jemols hei ze liewen. D’Stad huet mech net ugesprach – fir net ze soen ofgestouss. Ze grouss, ze hektesch, ze onfrëndlech, ze deier, ze trostlos, ze apathesch, ze erdréckend. Elo sëtzen ech a mengem éischten Apartement, am Südweste vu London, an esou schlëmm kënnt mer dat momentan guer net fir. Ech kennen nach guer keen hei – am Recht vu London schon, mä hei am Eck eben net. An de Recht vu London ass wäit ewech (hei fiert keen Tube). Villäicht gefällt et mer dofir. Ech sinn zu London, an awer net. Et ass onvirstellbar roueg hei, ech hunn zwee Parken direkt virun der Dier, eng Spillplaz em den Eck, d’Heiser hei si wierklech wonnerschéin, et ass praktesch kee Verkéier, an ech héieren déi aner Bewunner net (dach, deen am Apartement iwwert mer huet d’läscht Nuecht d’Bett quietsche gedoen – mä iwwert esou e “Kaméidi” gesinn ech kee Grond mech opzereegen).
Ech war den Owend mat mengem Papp a Central London, a komescherweis huet et mer do och gefall. Mir sinn iwwer de Piccadilly Circus getrëppelt – voller Touristen –, iwwer de Leicester Square – genau esou voll mat Touristen – an de Covent Garden – zimlech roueg. Mir hunn am gréissten Apple Store vun der Welt mam iPad gespillt – ech gesinn zwar nach ëmmer net de Sënn vun deem Apparat an, mä d’Handhabung ass wierklech gutt gemaach. Ech mengen et ass, well ech mech elo kann ganz offiziell iwwer all déi Dreckstouristen an doddler (Träntler, déi engem net aus dem Wee ginn) opreegen. “’cause I’m a Londoner and you are all wankers!” Ewéi de Marcus Brigstocke dat esou schéi seet.
London ass awer och d’Chance fir een Neiufank, an esouvill ewéi ech där schon a mengem Liewen hat, et ass ëmmer eppes Guddes um Enn dobäi erauskomm. Ech sinn hei fir dee Beruf ze léieren, deen ech wëll ausüben. An all déi Méiglechkeeten déi eng nei Stad bidd! Nei Leit déi et gëllt kennenzeléieren, nei Plazen déi et gëllt z’entdecken, nei Erfahrungen déi et gëllt ze maachen, nei Erennerungen déi et gëllt ze schafen. Natirlech vermëssen ech Wales a Frënn, mä Frënn vermëssen ass ee Gefill un dat ech mech gewinnt hunn – déi meeschten Zäit zanter dem 5. Schouljoer hunn ech domatter verbruecht, Frënn a Klassekomeroden Äddi ze soen. Et ass ee Präiss vun deem ech geléiert hunn, dass en et méi ewéi wäert ass ze bezuelen – déi, déi solle bleiwen, bleiwen, an et mécht glécklech dat ze léieren, wat ee wëll.
En Deel vun der Akzeptanz vis-à-vis vu London verdanken ech wuel och dem Ben Moor senger iwweraus genialer Hörspillserie Undone, déi zanter e puer Joer op Radio 7 leeft. (Ech wëll endlech déi véiert Staffel!) Mir huet déi Serie d’Stad e gudd Stéck méi no bruecht, an ech kucken se mëttlerweil mat ganz aneren Aan.
London, ey. Doheem also.

Goniochromism

Weave threads of undreamt lives,
plunge starlight in a swan lake,
save your reflection in a raindrop,
and you’ll find every rainbow’s end.

There’s nothing here for you to see,
but the images you’ll draw with clouds.
There’s nothing here for you to feel,
but the longing that’s beating in your heart.

Let sorrow simmer down two nights,
sing a duet with the voice in your heart,
keep one stone from every beach you see,
and you’ll find your song in a musical box.

There’s everything here for you to see,
through smiles that make the world go round.
There’s everything here for you to feel,
through tears that give you colours on a clear day.

Did you plan this disappearance in pellets
of frozen rain exploding you
into a million rainbows?

The tarmac curdled, the street lights shivered,
the hail blazed past my eyes, blinded me, pierced
through my powerless hands and held me down.

No last words could be heard in the storm,
none, it seemed, were even uttered. It was indeed
a disappearance well carried out.

Now I’m drinking liquid sun rays
and it’s looking like another distraught day,
they taste of mint and citrus and heartbroken smiles.

I cannot remember how I felt before these clouds
hit the ground and blew dust all over.
Through the blazing particles it’s been dawning on me –

this city’s lost it all and means something no more.

Kuerzkritiken, oder sou (7)

Scott Pilgrim vs the World. Ech hunn d’Graphic Novels net gelies, an wierklech gefreet hat ech mech op de Film och net. Mä nodeems ech de Cast um rouden Teppech gesinn hat fir d’Europapremiär, konnt ech et trotzdem net méi erwaarden en ze gesinn. An de Film enttäuscht wierklech net. En ass verdammt witzeg, originell (ech hunn d’Geschicht wéi gesot net kannt), an extrem kuerzweileg. E Jong muss déi siwen Exen mat Superkräften vu senger Frëndin besiegen, fir dierfe mat em zesummen ze sinn. Dat Ganzt ass wéi ee Computerspill verfilmt: fir all Ex deen e besiegt, kritt e Mënz an muenchmol e Bonus. Et ass total iwwerdriwwen, verréckt an iwwerdréit – an onbeschreiwlech flott. D’Schauspiller sinn top an hiere Rollen (och wann d’Winstead wierklech eng arrogant Kou ass, et kann nu mol trotzdem schauspilleren), virun allem de Michael Cera an den Jason Schwartzman hu mir gefall. Fazit: et misst all Film eng Progressbar fir d’Pissen hunn – esou gelaacht hunn ech nach ni bei sou engem bescheuerte Witz. De Film muss ee gesinn hunn.

Dinner for Schmucks. Oh mäi Gott, wat ee wahnsinnege Cast. De Steve Carrell (The Office), de Zach Galifianakis (The Hangover), den Jemaine Clement (Flight of the Conchords), de Bruce Greenwood (Star Trek), de Ron Livingston (Defying Gravity), d’Kristen Schaal (Flight of the Conchords), den David Walliams (Little Britain), de Chris O’Dowd (The IT Crowd), an, jo, esouguer de wahrscheinlech berühmste Bauchriedner vun eiser Zäit, den Jeff Dunham. Bei esou engem Cast ass d’Geschicht scho bal Nierwesaach – Mann – gespillt vum Paul Rudd (Friends) – muss Idiot – Steve Carrell – op en Iessen invitéieren, fir dass d’Chefetage sech kann iwwer den Idiot lëschteg maachen. Idiot stellt sech als ustrengend awer liebenswäert eraus. Mann léiert eng Lektioun fir d’Liewen. Si ass duerchaus ënnerhalend a kuerzweileg, awer näischt originelles. Fazit: et muss een de Film net gesinn hunn, mä e bidd trotzdem flott zwou Stonnen Ënnerhalung.

dConstruct 2010

Ech hunn de läschte Freideg méi iwwer d’Welt a mech geléiert ewéi a gudd zwanzeg Joër Edukatiounssystem, an an deem engen Dag méi interessant Leit kennengeléiert ewéi jemols virdrunner. Engersäits gouf et vill gratis Téi a Kaffi, währendeem een sech konnt mat anere Konferenzgänger ënnerhalen an Visitekaarten austauschen. Et waren eng Rei Firmen do, Fontdeck zum Beispill a PayPal, Advertising Firmen, an och Microsoft (déi d’Gedrénks gesponsert hunn). Ironescherweis stoung ech beim Microsoftstand am Längsten an hu mech mat engem vun den IE9 Entwéckler ënnerhalen. Soll ech iech emol eppes verroden? Den IE9 gesäit verdammt gäil aus – e kann esouguer CSS3 an HTML5. An e kann et wierklech, déi Demoen déi ech gewise krut waren duerchaus impressionant. Et war och erfrëschend ze héieren, dass Microsoft eng vill méi rational Astellung zu Flash huet an net blann drop schléit ouni driwwer nozedenken. HTML5 kann nämlech bei wäitem net alles wat Flash och mat Video kann. An nodeems ech de neien Windows Phone gesinn hunn (deen de nächste Februar soll erauskommen) kann ech nëmme soen, deen géing ech mer éischter kafen ewéi den iPhone.
Zu de Spriecher: si waren allesamt genial. Den John Gruber hunn ech e bëssen ustrengend fonnt, well en sech déi ganzen Zäit hannert dem Laptop verstoppt huet an säin Thema The Auteur Theory of Design zwar interessant war, mä en d’Hallschent vun der Zäit gebraucht huet fir z’erklären vu wat e finalement géing schwätzen. Trotzdem: den John Gruber!
D’Samantha Warren huet esou interessant iwwer Typefaces geschwat, dass esouguer deem Läschten dierft dono kloer gewiercht sinn, dass et ni egal ass wéi eng Schrëft ee benotzt. D’Hannah Donovan huet e Concert gespillt a mat Hëllef vu Mozart a Beethoven erklärt wat de Sënn an Zweck vun Improvisatioun ass. Den James Bridle, deen ech perséinlech net kannt hunn, war fir mech dann eng Revelatioun. En huet iwwert Wikiracing geschwat an iwwer Historiographie – en Thema, mat deem ech mech wierklech guer net auskannt hunn, mä wat extrem faszinant ass an iwwer dat ech elo wuel nach méi wäert liesen. Den David McCandless huet ee Virtrag gehalen mam Title “Information is Beautiful” deen et och bei TED (a leider enger staark gekierzter Fassung) gëtt. An um Enn… Ja! De Star. De Moment wou jiddfereen am Publikum säin iPad ewech geluecht huet, geklappt, geruff, gepaff gouf. Et war ewéi wann den Trent Reznor den Johnny Cash op d’Bühn geholl hätt fir mat em zesummen Hurt ze sangen. De Merlin Mann. Kerning, Orgasms & Those Goddamned Japanese Toothpicks war den Titel vu sengem Virtrag, an deem et drëm goung wat ee Nerd ass, dass jiddfereen am Sall een ass, a firwat d’Welt Nerds brauch.
Wësst der wat? Ech hunn mech nach ni esou verstanen gefillt ewéi ënnert all deene Leit. Net, dass ech mech net géing akzeptéiert fillen am Liewen. Mä hei waren e puer honnert Mënschen, déi genau esou sinn ewéi ech. Déi Saache gesot hunn, déi mech direkt ugesprach hunn. Esou, ewéi wann ech selwer gesot hätt. An dat war ee Gefill, dat besser ass ewéi all Drog. An ech gi mer dee Kick garantéiert d’nächst Joer nees sichen.

D’Spriecher (eng Foto vum Marty Neumeier feelt, well ech mer do nach net sécher war op ech dierft Fotoe maachen):


Brendan Dawes


Samantha Warren


David McCandless


Hannah Donovan


James Bridle


John Gruber


Tom Coates


Merlin Mann