Ech hunn de läschte Freideg méi iwwer d’Welt a mech geléiert ewéi a gudd zwanzeg Joër Edukatiounssystem, an an deem engen Dag méi interessant Leit kennengeléiert ewéi jemols virdrunner. Engersäits gouf et vill gratis Téi a Kaffi, währendeem een sech konnt mat anere Konferenzgänger ënnerhalen an Visitekaarten austauschen. Et waren eng Rei Firmen do, Fontdeck zum Beispill a PayPal, Advertising Firmen, an och Microsoft (déi d’Gedrénks gesponsert hunn). Ironescherweis stoung ech beim Microsoftstand am Längsten an hu mech mat engem vun den IE9 Entwéckler ënnerhalen. Soll ech iech emol eppes verroden? Den IE9 gesäit verdammt gäil aus – e kann esouguer CSS3 an HTML5. An e kann et wierklech, déi Demoen déi ech gewise krut waren duerchaus impressionant. Et war och erfrëschend ze héieren, dass Microsoft eng vill méi rational Astellung zu Flash huet an net blann drop schléit ouni driwwer nozedenken. HTML5 kann nämlech bei wäitem net alles wat Flash och mat Video kann. An nodeems ech de neien Windows Phone gesinn hunn (deen de nächste Februar soll erauskommen) kann ech nëmme soen, deen géing ech mer éischter kafen ewéi den iPhone.
Zu de Spriecher: si waren allesamt genial. Den John Gruber hunn ech e bëssen ustrengend fonnt, well en sech déi ganzen Zäit hannert dem Laptop verstoppt huet an säin Thema The Auteur Theory of Design zwar interessant war, mä en d’Hallschent vun der Zäit gebraucht huet fir z’erklären vu wat e finalement géing schwätzen. Trotzdem: den John Gruber!
D’Spriecher (eng Foto vum Marty Neumeier feelt, well ech mer do nach net sécher war op ech dierft Fotoe maachen):
Brendan Dawes
Samantha Warren
David McCandless
Hannah Donovan
James Bridle
John Gruber
Tom Coates
Merlin Mann
Wéi bass du dann op der Konferenz do geland? Wousst net dass du sou en Design-Nerd wiers … ?
Ps. Wéilt ech hätt och ralauschteren kënnen :) Dat ass de Nodeel vun Lëtzebuerg, net souvill interessant Konferenzen …
Ech weess emol net méi, wou ech se fonnt hat. Wahrscheinlech hat iergendeen se mir géigeniwwer erwähnt.
Ech géing mech selwer och net als Designer bezeechnen, och wann ech mer am Lycée domatter Täschegeld verdéngt hunn, ech hunn net genuch Talent fir an deem iwwersätegte Maart vun haut matzespillen. Et ass awer virun allem d’Typographie (ech lafen och duerch d’Strooss an erkennen iwwerall d’Typefaces, dann d’Tippfeeler an dann den Inhalt) an Webdesign déi mech hautzedags faszinéieren. Et war jo awer och emol net strictement iwwer Design, et war vill éischter ewéi ee Think Tank wou sech vill d’Fro gestallt gouf, wat nom Web 3.0(!) kënnt.
Ech war och zu Lëtzebuerg awer schon op interessanten Konferenzen. Mä et muss een sech halt iwwerall an de richtege Kreeser beweegen fir esou eppes matzekréien. Dat ass an England och net anescht, well esouguer op der Websäit vun der Plaz wou d’Konferenz war, ass se net agedroen.
Klengt interessant. An freet mech, dat s du sou vill Spass do haas!
Mä irgendwéi bléift mir nom Liesen e bessen d’Gefill, du häss iwwerdriwwen – oder et waar eben déi beschten Konferenz vun der Welt gewierscht. Mä heiansdo ass et viläit och ubruecht, ze iwwerdreiwen.Virun allem awwer: Du kenns dach guer net all d’Drogen! ;)
Kuck der dee Lineup un. Wéi kann dat net déi beschte Konferenz vun der Welt gewierscht sinn.
Ech wëll se och guer net kennen. :D