Welcome Home

London. Ech hätt virun dräi Joer, wéi ech déi éischte Kéier mat mengem Bruder hei war, net domatter gerechent jemols hei ze liewen. D’Stad huet mech net ugesprach – fir net ze soen ofgestouss. Ze grouss, ze hektesch, ze onfrëndlech, ze deier, ze trostlos, ze apathesch, ze erdréckend. Elo sëtzen ech a mengem éischten Apartement, am Südweste vu London, an esou schlëmm kënnt mer dat momentan guer net fir. Ech kennen nach guer keen hei – am Recht vu London schon, mä hei am Eck eben net. An de Recht vu London ass wäit ewech (hei fiert keen Tube). Villäicht gefällt et mer dofir. Ech sinn zu London, an awer net. Et ass onvirstellbar roueg hei, ech hunn zwee Parken direkt virun der Dier, eng Spillplaz em den Eck, d’Heiser hei si wierklech wonnerschéin, et ass praktesch kee Verkéier, an ech héieren déi aner Bewunner net (dach, deen am Apartement iwwert mer huet d’läscht Nuecht d’Bett quietsche gedoen – mä iwwert esou e “Kaméidi” gesinn ech kee Grond mech opzereegen).
Ech war den Owend mat mengem Papp a Central London, a komescherweis huet et mer do och gefall. Mir sinn iwwer de Piccadilly Circus getrëppelt – voller Touristen –, iwwer de Leicester Square – genau esou voll mat Touristen – an de Covent Garden – zimlech roueg. Mir hunn am gréissten Apple Store vun der Welt mam iPad gespillt – ech gesinn zwar nach ëmmer net de Sënn vun deem Apparat an, mä d’Handhabung ass wierklech gutt gemaach. Ech mengen et ass, well ech mech elo kann ganz offiziell iwwer all déi Dreckstouristen an doddler (Träntler, déi engem net aus dem Wee ginn) opreegen. “’cause I’m a Londoner and you are all wankers!” Ewéi de Marcus Brigstocke dat esou schéi seet.
London ass awer och d’Chance fir een Neiufank, an esouvill ewéi ech där schon a mengem Liewen hat, et ass ëmmer eppes Guddes um Enn dobäi erauskomm. Ech sinn hei fir dee Beruf ze léieren, deen ech wëll ausüben. An all déi Méiglechkeeten déi eng nei Stad bidd! Nei Leit déi et gëllt kennenzeléieren, nei Plazen déi et gëllt z’entdecken, nei Erfahrungen déi et gëllt ze maachen, nei Erennerungen déi et gëllt ze schafen. Natirlech vermëssen ech Wales a Frënn, mä Frënn vermëssen ass ee Gefill un dat ech mech gewinnt hunn – déi meeschten Zäit zanter dem 5. Schouljoer hunn ech domatter verbruecht, Frënn a Klassekomeroden Äddi ze soen. Et ass ee Präiss vun deem ech geléiert hunn, dass en et méi ewéi wäert ass ze bezuelen – déi, déi solle bleiwen, bleiwen, an et mécht glécklech dat ze léieren, wat ee wëll.
En Deel vun der Akzeptanz vis-à-vis vu London verdanken ech wuel och dem Ben Moor senger iwweraus genialer Hörspillserie Undone, déi zanter e puer Joer op Radio 7 leeft. (Ech wëll endlech déi véiert Staffel!) Mir huet déi Serie d’Stad e gudd Stéck méi no bruecht, an ech kucken se mëttlerweil mat ganz aneren Aan.
London, ey. Doheem also.

7 thoughts on “Welcome Home”

  1. Ech dierf dech drun erenneren wats de vrun 3 Joër hei geschriwwen haas:

    London ass elo emol Favorit fir meng MPhil/DPhil Studien (muss ech mer natirlech och nach eng Kéier d’Uni selwer ukucken goen mee vun deem wat ech sou vu Kolleegen héiren ass un de Londoner Unien eigentlech net vill auszesetzen). :)

    =)

  2. Lo verstopp dech net hannert engem Kommentar :P am Post selwer stung deemols och:

    and my only thought on the way to the airport: I do not want to leave.

    =)

  3. Aaaasou Thierry, jojojo! Du hues also nëmme sou gema wéi wanns de London géings haassen… :P

  4. Dir nervt. :P Da war et iwwerdriwwen wéi meng Astellung deemols vu London war wéi ech déi éischte Kéier hei war – obwuel ech éierlech där Meenung war, mä dofir huet ee jo Blog(lieser). :)

    Wat ech hei geschriwwen hunn ass awer nach emmer korrekt: déi läscht Joeren war dat meng Meenung vu London (bis op e puer Momenter). Dat läit awer och villäicht dorun, dass ech a Wales endlech eng Heemecht fonnt hat, an London déi grouss onfrëndlech Stad war wou et näischt fir mech gouf. (London ass och nach ëmmer onfrëndlech. An dat soen mer esou guer Londoner Kolleegen ëmmer erem. Ech fänken just un ze léieren, wou et manner onfrëndlech Ecker ginn – wäit ewech vum Zentrum.)

  5. Weess de Thierry, et duerf ee seng Meenung änneren :-)

    Wann ech déi nächste Kéier zu London sinn, kommen ech bis laanscht.

  6. Scho kloer. D’Opreegung ass jo awer, dass ech am Nachinhein (ongewollt) behaapt hunn, meng Meenung wier schon deemols esou gewiercht. :)

    Cool, gären!

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *