Deg

A läschter Zäit fillen ech mech oft esou ewéi virun iwwer zwee Joer, wéi ech mat den Erasmusstudenten em d’Haiser gezu sinn. Ewéi wann et sech loune géif, um Liewen ze sinn. Alles ass esou intensiv ewéi et net méi war zanter der Vakanz an der Schwäiz. Wann ech esou driwwer nodenken, ech vermësse keng Zäit vu mengem Liewen esou ewéi dat halleft Joer dat ech mat deene Leit hat.
Mäi Brudder an ech sti virum Trocadero um Iwwerleeë wou mer sollen eppes drénke goen, wéi ech eng SMS vum Meedche kréien. Ech wousst zwar, dass et an der Stad wier, mä op engem TESOL Seminaire mat senger Klass, an der gerénger Chance, dass mer eis géinge gesinn. Mir huelen d’Piccadilly a maachen eis aus Central London eraus. Zanter ech hei wunnen, gi mir all déi Touristen nach vill méi op de Geescht ewéi virdrunner schon – ech hu mer vu gebiertege Londoner soe gelooss, dass dat, an de Fait dass ech TfL net kann ausstoen, mech zu engem echte Londoner mécht. Et huet mech e bësse gefreet wéi ech dat héieren hunn.
“Eppes dat ni ugefaangen huet, kann net op en Enn goen,” sot eng Frëndin viru kuerzem. Et hat Recht – d’Meedchen an ech hu ni ugefaangen, an villäicht fillen ech dofir esou wéineg ewéi den Tom an ech an den O’Neills erakommen an ech hat gesinn. Hatt gesäit mech net direkt; wann ech géing a Klischeeën denken kéint ech elo behaapten et wier mer ewéi eng Metapher virkomm fir eis zwee. Mä wann ech éierlech sinn, denken ech net vill ausser, “ah, do sëtzt et.” Mir emaarmen eis, kuerz – vill méi kuerz ewéi déi läschte Kéier.
Mir schwätzen net vill mateneen – déi meeschten Zäit blödelt hatt mat senger Klass ronderëm, an ech sëtze mam Tom op engem aneren Dësch. E bëssen ass et vläit awer eriwwer – ech hätt virun e puer Wochen nach alles fir hatt gemaach. Ech ka mech nach an all Detail drun erënneren ewéi ech him déi éischte Kéier sot, dass ech et gären hunn. Et ass eng Welt ginn, déi sech muenchmol ufillt ewéi gëschter, mä vill méi oft ass et eng Welt déi esou wäit ewech läit ewéi déi Vakanz an der Schwäiz, wou ech alles hat wat ech wollt a mer dat Wëssen, dass esou eppes net vun Dauer ka sinn, egal war.
Mir gesinn eis an zwou Wochen erëm wann ech zeréck kommen, an déi al Welt déi ech ni wollt opginn, well ech gemengt hunn d’Schiet op der Mauer wieren d’Wourecht. Ech si net méi verléift, an doriwwer sinn ech frou. Ech krut mäi Neiufank. Ech si glécklech well ech eenzeg fir mech liewen – wahrscheinlech fir déi éischte Kéier. Et mécht d’Meedchen net manner wichteg. Ouni hatt wier ech ni hei ukomm.

Zitater (28)

Hei si jo lauter Anarcho-Syndikalisten am Studio! // Ech komme grad aus der Vakanz. Ech si voll mat Armagnac an Intelieweren. // Huet hatt Strëmp u beim Sex? Hues du Strëmp u beim Sex? Ass et Matleedssex? // Lëtzebuerg ass d’Burkina Faso vu Japan. // Ech wëll d’Grande-Duchesse buppen. // D’Nazien sinn all an Amerika geflücht. // Dat gesäit esou schéin aus. ZERSTÖREN! // Ech hunn eng donkel Säit a mer. // Ech ginn op d’Premiär vum neien Harry Potter a späizen dem Emma Watson op säi raséierte Kapp. // I’ve used up all my niceness for the month, and we’re only the first. Now fuck off. // Can we have a table for… How many are we? 26, please. // As soon as she said that he launched a war on Penguin Books for their misuse of the semi-colon I thought ‘I’m gonna love his seminar.’ Is that bad? // You watch Star Trek? You know that’s the bad kind of geeky. // Everyone loves masturbation. // My girlfriend is still not over the fact that you asked her if she would mind a sandwich. // Thierry, you’re a very bitter and twisted man. I swear it even sounds bitter when you say ‘I’m going to the toilet.’ // I don’t believe that you’ve actually slept with a woman. // You really want to know why I don’t like you? You have evil eyes. // If you stay another fifteen minutes I’ll give you a goodbye hug, now if that doesn’t make you want to leave right now… // I know it says the lift can take ten people. But not ten of you it wouldn’t. // You can handle your drinks. I respect that in a man.

Christian Kane

Ech hunn ee vu nëmmen 300 Ticketen fir dem Christian Kane (muencherengem vläit besser bekannt als Schauspiller) säin éischte Gig an Europa zanter dräi Joer – an dem Eenzegen! – erwëscht. An der héichdesignter Bar McQueen zu Shoreditch. Sot ech schon, ewéi gäil et ass an dëser Stad ze wunnen?

An senger Haaptroll bei Leverage als con-artist Eliot Spencer.

An senger Roll als Affekot Lindsey McDonald bei Angel.

Gebuertsdag

Haut huet net nemmen de Joël eng Käerz méi auszeblosen, mä och dëse Blog feiert Gebuertsdag, de Fënneften. Wéi ech mat Bloggen ugefaangen hunn, sollt dat heiten ee gemeinsame Projet mam Serge ginn, mä opgrond kreativer Differenzen (wat, dat ginn ech zou, vu menger Säit ausgoung) huet dat net laang gedauert. Mëttlerweil deelt en sech dofir mam Leti e Blog. Et ass vill geschidd zanterhier, 2005 hunn ech nach mam Gloda a mam Franck zesummen d’Bänk op der Uni Lëtzebuerg gedréckt – deen Éischten huet zanterhier vill wonnerbar Fotoen op sengem Blog veröffentlecht, deen Zweeten interviewt a Kalifornien een Hollywoodstar nom aneren. An ech sinn no véier Joer a Wales op London geplënnert a bereeden am Moment alles vir fir an e puer Wochen eng Firma ze grënnen. Bis op d’Joer 2008, dat emotional wuel déi gréissten Achterbunnfahrt war déi ech bis elo a mengem Liewen hat a wou ech méi Feeler gemaach hunn ewéi ech kéinnt opzielen, ass dëse Blog wuel eng zimlech ausgiebeg Dokumentatioun vun där Persoun, déi ech zanter dem Enn vum Lycée gi sinn. Duerch dëse Blog hunn ech net nëmmen – direkt oder indirekt – wonnerbar Leit am RL kennegeléiert, wéi, ënnert anerem, de Joël A., de Georges, d’Leti, d’Grinsekatze an de Madhatter, de Benem an de Joël S., ech hunn och – dank dem Joël A. – ugefaangen e Roman ze schreiwen (fir déi, déi et intresséiert, et feelen nach ongeféier 40’000 Wierder – dat si ronn 80 getippten DIN A4 Säiten).
Well ee komplette Réckbléck awer vill ze laang géing ginn, wëll ech op dëser Plaz just Merci soen fir déi iwwer 4’100 Kommentaren, fir d’Flattren an d’Stäre klicken, Merci och de stëlle Lieser a ganz besonnesch Merci deene vun iech, déi dem Blog zanter sengen Ufanksdeeg trei bliwwe sinn. Op déi nächst fënnef Joer!

Never Let Me Go

Haut huet den London Film Festival ugefaangen, an den Eröffnungsfilm vum zweewöchege Festival ass d’Verfilmung vum Kazuro Ishiguro sengem Roman Never Let Me Go. Virun allem wéinst dem Carey Mulligan, dat mer zanter senger Haaptroll an der grandioser 2007er Doctor Who Folg Blink sympathesch ass, war ech dann de Mëtteg op de Leicester Square an hu mer dräi Stonne laang d’Féiss an de Bauch gestaan an eng Stonn laang geknipst a gefilmt. Am coolsten war d’Carey Mulligan – zwar huet d’Keira Knightley och Autogramme ginn, genau sou wéi den Andrew Garfield an de Mark Strong (an e puer aner Leit, vun deenen ech de Numm net weess, also wann ee mer ka soen wien déi dräi läscht Persounen sinn? Chris, ech kucken op dech.), mä d’Carey Mulligan huet sech awer express vun de Fotografen ewech gemaach an ass zeréck bei d’Fans gaangen. Dofir gouf et vun der Press ausgebuht, wat ech engersäits kann novollzéien, well et fir de Fotograf eng Merde ass ouni Foto zeréck bei d’Zeitung ze kommen, mer hatt dofir op der anerer Säit awer extrem sympathesch gemaach huet. Ausserdem ass dat Bild vun him mat Abstand mäi Léiwstent vun haut.

Klein-Thierry geet mat der Mëttelschicht akafen.

Waitrose ass déi Plaz, wou een d’Hiem aus dem Schaf hëllt ier een dohinner geet. Eng Plaz fir déi Leit, déi sech a Groussbritannien “Mëttelschicht” nennen, am Recht vun der Welt awer wuel mam méi korrekten Terme Uewerschicht bezeechent ginn. Eng Plaz wou sech déi Leit kënne wuelfillen, well se wëssen, dass all déi aner Leit dobannen och Geld hunn, an och en Hiem, oder zumindest e Lacoste Polo an deier Schong undinn. Et ginn am Waitrose och keng “shop assistants”, ewéi et där a soss all Geschäft ginn, mä “Partners”. Jo, mat groussem P, w.e.g. Et ass eppes, dat ee muss gesinn fir et ze gleewen, well et gëtt zu Lëtzebuerg wierklech kee Pendant dozou. Waitrose ass eng radikal aner Welt, wou ee net fir besser Produiten bezillt, mä dofir, dass ee net muss mat der “working class”, also der Ënnerschicht, zesummen an der Keess stoen. Dobäi ass et een hondsgewéinleche Supermarché – okay, de Wäirayon ass e bësse méi grouss, well wat wier eng Mëttelschicht ouni ee Glas oder zwee beim Iesse vun organeschen Hummus. Et kritt een zu 95% exakt déi selwecht Produiten ewéi an all anere Supermarché. Déi selwecht Mark Brout ass am Waitrose 15p méi deier, dat ass net vill, mä no e Puer rechent sech dat schon. D’Fleesch ass gréisstendeels zwee bis dräimol esou deier, 6 Fischstäbecher kritt ee fir £4.99 (am Tesco genau déi selwecht Mark fir £0.99). Just Kellogg’s, deen ass wierklech lächerlech bëlleg (£1.20 fir 750g, am Sainsbury’s £2.87 fir 500g). An – dat nervt mech e bëssen – Waitrose ass déi eenzeg Plaz an engem Emkreess vu 5 Kilometer wou een Tofu a Salami kritt. Saachen, déi ech hei zu London léieren – ech hätt se net kéinnte virausgesinn.

Essay Nummer 1

Ech wäert garantéiert fluchen wann ech bis e puer Nuechten an de Bibliothéike verbruecht hunn (fir all Thema eng kilometerlaang Lëscht mat Sekundärliteratur, als Ausgangspunkt), mä ech fannen d’Essaythemen déi ech fir ee vu menge core modules hunn zimlech cool. Iwwerhaapt, dee Cours. Dräi Stonne Konschtgeschicht Freidesmoies mat engem geniale Proff. Le Corbusier, Degas, Manet, Matisse, Baudelaire, Apollinaire, Jonathan Ive. Sou gäil.

1. In what way(s), if at all, has the growth of the Creative Industries benefitted creative practitioners (that is, artists and designers in all fields) themselves? If it has done so, why are many artists critical of the concept and of its effects? Your answer to this question can focus on your chosen specialty.

2. How, and for what reasons, have cultural practices, and their industries, been harnessed in projects of urban regeneration?

3. Discuss the global spread of the Creative Industries ‘phenomenon’ and its associated governmental policies. If you’re from outside the UK, you may focus on the case of your own home country if you wish, though you should give some consideration to the global context.

4. Explore critically how the global financial crisis has impacted upon entrepreneurial business activity for the Creative Industries. This should be considered from a macro perspective initially and then also in more detail at a micro level, either focussing on your home country and / or your chosen specialty.

5. In what way has social responsibility affected the business strategy of the Creative Industries over the past decade? This should be considered from a macro perspective initially and then also in more detail at a micro level, either focussing on your home country and / or your chosen specialty.

6. Consider the consequences of climate change on the Creative Industries. This should be considered from a macro perspective initially and then also in more detail at a micro level, either focussing on your home country and / or your chosen specialty.

Dancing With Myself

Ech froe mech, ob ech gemaach si fir alleng ze wunnen. Wéi ech nach an der Schoul war, hunn ech déi Momenter ewou ech eleng doheem war ëmmer genoss, si waren eppes Aussergewéinleches, eppes Aneres. Mä gréisstendeels war ëmmer eppes ronderem mech lass, oder et souzen zumindest aner Persounen am selwechte Raum. Ech vermëssen zanter e puer Deeg déi spuenesch Gameshow, déi ech all Summer mat der ganzer Famill gekuckt hunn, El Grand Prix del verano. Ech ka mech nach ganz genau drun erënneren. Un déi Leeder um Schluss. Un de Ramón, deen mas! a menos! geruff huet bis de Loftball explodéiert ass an d’Ronn eriwwer war, a mat senge permanent wiesselnden Assistentinnen duerch den Owend gefouert huet. Engersäits vermëssen ech se, well et mer oft vill ze roueg ass a mengem Apartement. Well déi Stëll mech nostalgesch mécht fir d’Vergangheet. Meng Wunneng ass, ewéi den Jeremy dat ëmmer gäeren nennt, eng “Festung der Einsamkeit”. Am Géigesaz zum Clark Kent ass et fir mech awer bis ewell nach keen Zufluchtsort, mä just déi Plaz wou ech halt en Daach iwwer dem Kapp hunn an Iessen am Frigo. Anerersäits war ech d’läschte Freidegowend mat enger Mexikanerin iessen an de simple Fait Spuenesch ze héieren a mat deem bëssen, un dat ech mech nach kann erënneren vun deem wat ech als Kand vun där Gameshow geléiert a vu menger Mamm opgeraf hunn, probéiert hunn et ze verstoen, huet mech och nees zeréck an d’Vergangenheet befuerdert.
Eng Vergangenheet, déi wäit ewech läit. Wann ech dem Joël säi wonnerbaren Text iwwer d’Plënneren liesen, muss ech drun denken, dass et mir scho vill ze oft esou gaangen ass. Ech hunn an de läschte véier Joer, inklusiv menger aktueller Wunneng, op aacht verschiddene Plaze gewunnt. An den Halls – wat ech ëmmer gäere verdrängen –, mam Sir, an engem Apartement well eis Wunneng nach net fäerdeg war, dunn déi Wunneng aus där mer Chrëschtdag illegal erausgeheit goufen, déi Fotell vun enger Frëndin op där ech dunn hu misse liewen, an eng Wunneng direkt nierwt der firëschter, an dunn ee Joer am genialsten Haus an der Stad fir dat jiddfereen eis beneid huet a wou d’Dier ëmmer fir jiddfereen op war.
Meng Dier hei ass zou. Et sinn esouguer dräi Dieren. D’Haaptdier ënnenan, dann eng Dier fir an ee klenge Virraum, an dann nach eng Dier fir a meng eigentlech Wunneng. Ech si mer sécher, ech wäert mer schon Erënnerungen usammelen op dëser Plaz, esou ewéi ech dat nach ëmmer gemaach hunn. Wann ech eppes geléiert hunn an all de Joeren wou ech Primärschoulen, Lycéeën, Unien a Wunnengen gewiesselt hunn ass et, dass um Enn ëmmer alles okay ass. Ech si gudd dra ginn, iwwerall mäi Gléck ze fannen. Dat hei ass eng nei Erausfuerderung. Zumindest bis Enn August 2011 liewen ech komplett aleng. Iergendwann wäert mer dat och gefalen. Bis dohinner schwelgen ech an der Vergangenheet mat Episoden vu Babylon 5, dat ech fir d’läscht als Kand mat menger Mamm gekuckt hunn, an Time Trax mam einsamen awer héich moraleschen Held Captain Darien Lambert, engem vu menge Kandheetsidoler, an The Tribe, déi australesch Kannerserie déi wuel net ganz onschëlleg drun ass, dass ech un engem Roman iwwer eng postapokalyptesch Welt wurschtelen.
“Huel alles mat, wat s de kréie kanns,” sot mäi Bop mer um Stierfbett. E Saz, un deen ech zanterhier all Dag denken. Jo, dat heite gëtt och mäin Doheem, esou wéi all déi aner Plazen et waren. An ech maachen dat Wonnerbarsten draus wat mer méiglech ass. Mas! Bis de Loftball explodéiert.