Essay Nummer 1

Ech wäert garantéiert fluchen wann ech bis e puer Nuechten an de Bibliothéike verbruecht hunn (fir all Thema eng kilometerlaang Lëscht mat Sekundärliteratur, als Ausgangspunkt), mä ech fannen d’Essaythemen déi ech fir ee vu menge core modules hunn zimlech cool. Iwwerhaapt, dee Cours. Dräi Stonne Konschtgeschicht Freidesmoies mat engem geniale Proff. Le Corbusier, Degas, Manet, Matisse, Baudelaire, Apollinaire, Jonathan Ive. Sou gäil.

1. In what way(s), if at all, has the growth of the Creative Industries benefitted creative practitioners (that is, artists and designers in all fields) themselves? If it has done so, why are many artists critical of the concept and of its effects? Your answer to this question can focus on your chosen specialty.

2. How, and for what reasons, have cultural practices, and their industries, been harnessed in projects of urban regeneration?

3. Discuss the global spread of the Creative Industries ‘phenomenon’ and its associated governmental policies. If you’re from outside the UK, you may focus on the case of your own home country if you wish, though you should give some consideration to the global context.

4. Explore critically how the global financial crisis has impacted upon entrepreneurial business activity for the Creative Industries. This should be considered from a macro perspective initially and then also in more detail at a micro level, either focussing on your home country and / or your chosen specialty.

5. In what way has social responsibility affected the business strategy of the Creative Industries over the past decade? This should be considered from a macro perspective initially and then also in more detail at a micro level, either focussing on your home country and / or your chosen specialty.

6. Consider the consequences of climate change on the Creative Industries. This should be considered from a macro perspective initially and then also in more detail at a micro level, either focussing on your home country and / or your chosen specialty.

19 thoughts on “Essay Nummer 1”

  1. Nummer 6 ass och mengen ech deen Essay, deen ech huelen. Ech fannen nohaltegen Design interessant, an et gëtt och genuch aktuell Literatur driwwer. Woubäi 2 reizt mech och, well ech dovunner wierklech guer näischt weess.

  2. Nohaltegkeet (och esou ee Wuert, seufz) ass jo awer net ëmmer direkt mam Klimawandel verbonnen. Woubäi mir fir de Bichermaart jo mol direkt den FSC-zertifizéirten Pabéier afällt. Hach, Interdisziplinaritéit ass eppes schéines!

  3. Ech fannen dat englescht Wuert sustainability trëfft et vill besser. Net ëmmer, nee, Nohaltegkeet déngt jo ë.a. och dozou, dass mer net an eisem eegene Knascht erstécken. Mä de Klimawandel ass awer een grousse Afloss wann et em Nohaltegkeet an de creative industries geet. Et leeft natierlech och den aneren Wee, Apple huet sech gezwongen gesinn duerch den Drock vu Greenpeace an dem Marché eng Emweltpolitik anzeféieren an anert Material fir hier Produiten ze verwenden. Ech hunn jiddefalls nach vill Recherche ze maachen. :)

    Interdisziplinaritéit hunn ech wierklech genuch. Ech hunn dëst Semester Haaptfächer an dräi verschiddene Fakultéiten (op dräi Campusen). Deen hei Cours ass vun der Faculty of Arts, Design and Architecture. D’Publizistikcoursen sinn op der Faculty of Arts and Social Sciences, an ech hunn Entrepreneurship Coursen op der Faculty of Business and Law. (Dofir huet et och éiweg gedauert, bis ech een definitiven Stonneplang hat. Dat war net esou cool.)

  4. Fro 6 ass wierklech cool. Erënnert mech bëssen un mäi Literaturcours dëst Joer, deen aus engem zwou Stonne Blocktutorial besteet, a wou mer Gedichter liesen an driwwer diskutéieren a wéi engem Sënn se ekologesch interessant sinn. Genial.

  5. Kennt dir zwee w.e.g. mol laanscht kommen wann déi nächst Fachstudienkommission ass? Dann erkläre mer de Leit, wiesou d’BOKU nierft Technik, Naturwessenschaft an Sozioökonomie nach eng véiert, geschteswessenschaftlech Seil braucht.

  6. Wat ass de minimum u Wierder deens de muss schréiwen? Well wanns de dech op däin “home country” bei deenen Froen baséiers, kriss de vläit eng 200 Wierder zesummen ^^

  7. Maja, 200 Wierder fir dee Satz ‘Zu Lëtzebuerg gëtt et guer keng Creative Industries’ auszebauen. ;)

  8. De britesche Kulturministère définéiert Creative Industries als “those industries which have their origin in individual creativity, skill and talent and which have a potential for wealth and job creation through the generation and exploitation of intellectual property.” Also sou zimlech de Contraire vun allem wat den RTL ass. ;)

  9. ech fannen fier dei programmer an ideen dei do laafen passt dat awer 100% drop :D et ass super kreativen scheiss, ech mengen do muss een mol drop kommen daat ass eng konscht :P

  10. Et gëtt zu Lëtzebuerg jo keng Theateren, et gi keng Filmer gedréint, keng Bicher geschriwwen an och keng Musek opgeholl …
    Kloer ass dat alles ganz kleng, mä méi wéi RTL-Bashing kann ee sécherlech aus dem Thema maachen.

  11. Et gëtt, an dat ass de Knackpunkt, allerdéngs kee Bewosstsäin fir d’Creative Industries ewéi dat hei gëtt. London ass – well d’Creative Industries vun hei kommen – zu engem internationalen Hub ginn fir d’creative economy. Kloër ginn et zu Lëtzebuerg Eenzelinitiativen, mä et gëtt kee Versuch vun der Regierung fir eng Industrie dorauser ze maachen, an dorëms geet et: keen Duerftheater deen duerch fräiwelleg Hëllef liewt oder grouss Veranstaltungen, déi vun engem Partner eng Finanzsprëtz kréien fir iwwerhaapt kënnen z’existéieren, mä eng Industrie déi nëmmen vun sech aus iwwerliewt an drop ausgeluecht ass fir Profit ze maachen andeems se mat radikal neie Konzepter opkënnt. Déi radikal nei Konzepter feelen zu Lëtzebuerg, et ass kee Land wou et Innovatioun gëtt am kreative Beräich (am wëssenschaftlechen an technologeschen d’ailleurs och net). Mir iwwersetzen entweder Theaterstécker aus dem Ausland, loossen auslännesch Kënschtler kommen, a wann mer selwer z.B. e Buch schreiwen ass dat ni eppes esou aflossräiches, dass et d’Kulturlandschaft verännert, weder national an, vill méi wichteg, och net international.

  12. A vu wege Filmer: entweder et sinn därer, déi reng lëtzebuergesch sinn, an dofir och ni méi wéi e puer dausend Leit gesinn, wann et ganz gudd geet, oder mir dierfen en auslänneschen Film zu Lëtzebuerg dréie loossen, mä da kënnt d’Talent (gréisstendeels) aus dem Ausland. Natierlech si mir kleng, mä kleng heescht och, dass een sech kéinnt liicht adaptéieren – mä mir adaptéieren eis net, mir wëlle bleiwe wat mer sinn (wat och ëmmer dat ass).

  13. Nummer 6 ass wirklech en interessant Thema, mengen géing deen och huelen.
    Mä bon lo eppes wat ‘slightly off topic’ ass. Ka keen esou een How-To schreiwen wéi een seng Essay Topics gescheit a geschéckt auswielt…? Well ech hunn elo schon d’Gefill wéi wann ech mer mat menge Choix’en selwer an d’Been geschoss hätt.

  14. Ech géing soen, wiel en Thema dat dech intresséiert. Dat ass relativ wichteg, well du muss dech jo zimlech déif dranhänken, a wann et der guer näischt seet ass d’Arbécht vill méi ustrengend. Iwwerlee der, ob s de schon vun iergendengem Thema eppes weess oder eng staark Meenung zu eppes hues. An kuck, ob s de genuch Sekundärliteratur fënns zum Thema, dass de der kanns sécher sinn och genuch Material ze hunn.

  15. wessenschaftlechen Bereich keng innovatiounen an Ideen ? do weilt ech der awer mol widerspriechen, den Biobankenprojet an verbonnen Forschung klengt zwar relatif drechen, ass awer relativ wertvoll. An doran investeieren mer (Letzebuerg) souguer relativ fill Milliounen an den nächsten 5 Joer. :)
    @Joel ech soot bewosst RTL well mer soss neischt affällt zu Letzebuerg waat een keint als “Industrie” am kreativen Bereich bezeechnen. Et ginn fill kleng super cool Projeten op dei een als Letzeboier stolz si kann. Mais eben net an enger industrieller Skala.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *