Klein-Thierry geet mat der Mëttelschicht akafen.

Waitrose ass déi Plaz, wou een d’Hiem aus dem Schaf hëllt ier een dohinner geet. Eng Plaz fir déi Leit, déi sech a Groussbritannien “Mëttelschicht” nennen, am Recht vun der Welt awer wuel mam méi korrekten Terme Uewerschicht bezeechent ginn. Eng Plaz wou sech déi Leit kënne wuelfillen, well se wëssen, dass all déi aner Leit dobannen och Geld hunn, an och en Hiem, oder zumindest e Lacoste Polo an deier Schong undinn. Et ginn am Waitrose och keng “shop assistants”, ewéi et där a soss all Geschäft ginn, mä “Partners”. Jo, mat groussem P, w.e.g. Et ass eppes, dat ee muss gesinn fir et ze gleewen, well et gëtt zu Lëtzebuerg wierklech kee Pendant dozou. Waitrose ass eng radikal aner Welt, wou ee net fir besser Produiten bezillt, mä dofir, dass ee net muss mat der “working class”, also der Ënnerschicht, zesummen an der Keess stoen. Dobäi ass et een hondsgewéinleche Supermarché – okay, de Wäirayon ass e bësse méi grouss, well wat wier eng Mëttelschicht ouni ee Glas oder zwee beim Iesse vun organeschen Hummus. Et kritt een zu 95% exakt déi selwecht Produiten ewéi an all anere Supermarché. Déi selwecht Mark Brout ass am Waitrose 15p méi deier, dat ass net vill, mä no e Puer rechent sech dat schon. D’Fleesch ass gréisstendeels zwee bis dräimol esou deier, 6 Fischstäbecher kritt ee fir £4.99 (am Tesco genau déi selwecht Mark fir £0.99). Just Kellogg’s, deen ass wierklech lächerlech bëlleg (£1.20 fir 750g, am Sainsbury’s £2.87 fir 500g). An – dat nervt mech e bëssen – Waitrose ass déi eenzeg Plaz an engem Emkreess vu 5 Kilometer wou een Tofu a Salami kritt. Saachen, déi ech hei zu London léieren – ech hätt se net kéinnte virausgesinn.

13 thoughts on “Klein-Thierry geet mat der Mëttelschicht akafen.”

  1. Also Mëttelschicht am UK = enescht Mëttelschicht zu Lëtzebuerg ;) wanns de zu Lëtzebuerg an der “Uewerschicht” bass, bast de jo hei am UK e “Multimillionär”/”Multimilliardär.”

    P.S. Eng ganz Retsch Zorte Salami kriss de awer normalerwéis och am Sainsbury’s :S

  2. Thierry, Thierry,
    emmer dei Posts wou ech keint dat dreifacht kommenteiren wei den Text lang ass :D
    Hun awer net allzefill Zeit dofier deen wichtegsten Punkt: meng Hiemer sin am Verglach zu mengen Tshirten ekonomesch viabel duerch Langlebegkeet.
    Ok an nach eppes: bezillt een fleit net och mei weinst dem Partner (aka Customer service) an scheinbar den Hellefsprojeten an dei Waitrose laut Wikipedia investeiert ? An aneren Wieder en Hiemenfilter ass fleit manner en Ziel wei eng Konsequenz ?
    Disclaimer: ech hun zefill puupeg (wei schreiwt een dat verdammten Wuert) Saachen och net gär, mais hei an der Belsch bspw hun ech den Choix tescht enger frz an enger belscher Supermarchés Chaine, dei Belsch ass bessen mei deier mee dofier huet een Platz fier mam Akaafsweenchen ze fueren an et ass propper do (keng verwielegt Zaloten am Regal an um Buedem), an dat ass mier den Preis dann bspw weert.
    Disclaimer 2: (Mee ech ginn zou ech wo na nie am Waitrose doweinst alles reng spekulativ)

  3. Déi Kéieren wou ech am Waitrose war hunn déi mir zwar vum Kader hier gutt gefall. Ok, bessen schickimicki, dat stëmmt. Mee fir Propperheet (an Rou well manner Läit) sinn ech bereet e bëssen méi ze bezuelen. Präisser hunn ech awer usech net verglach …

  4. Den Auchan ass allerdëngs zb Samsdes och extrem ustrengend a Punkto Zuel (an Aart) vun de Läit. Do gefällt mer en Delhaize (och vum Interieur) zb besser, mee sou een hunn leider ech net an der Géigend.

  5. Ech hunn keen eenzegen Partner am Waitrose gesinn, et hounge just bei e puer Artikelen Schëlder, et kéinnt een ee “Waitrose Partner” froen wann een sech net sécher wier wéi ee Produit ee soll kafen. An déi aner Supermarchéen hei investéieren och alleguerten an Hëllefsprojeten. Tesco beispillsweis investéiert emmer nees Milliounen a Schoulen an rezent och an d’Kriibsfuerschung.

    Et gëtt hei keen Ënnerscheed tëscht der Propperheet. Ech war och amfong hei nach ni an engem Supermarché, wou Zalot um Buedem geleeën hätt oder ech net genuch Plaz gehat hätt fir mam Weenchen doduerch ze kommen. An et ware genau esou iwwerfëllt mat Leit ewéi all anere Supermarché, mä dat hänkt wuel ewéi iwwerall vun der Auerzäit of.

    Den Auchan fannen ech ëmmer ustrengend, net nëmme Samsdes. An den Delhaize ass och nëmmen eppes wou ech higinn, well et halt dat Nohsten ass. Cactus ass allerdéngs bei wäitem dat Schlëmmst, mat hierem permanenten Afréieren an Enteeën sinn d’Saache scho futti iers de doheem bass.

  6. Ech ginn nëmmen an de Waitrose akafen. D’Saachen hunn eng héich Qualitéit, an et gëtt einfach alles. D’Aarbechter si frëndlech. A Waitrose gëtt et richteg Fleesch, Kéis a Fëschtthéiken an net just d’Plastiksgeschir. An et gëtt richtegt Brout, nieft dem Hovis an Warburton (?) Dreck.
    Wëlls de lo wierklech soen, dass Tesco, Sainsbury’s, Somerfield, a Konsorten besser si wéi Waitrose? Et kann een och Saachen schlecht rieden, wou et einfach näischt ze mäkele gëtt. Hei zu Glasgow gi wierklech all meng Bekannten, an dat sinn nëmme Studenten, opmannst deelweis an de Waitrose akafen.

    PS: als éischt de Geck mat Hummus maachen an duerno iwwer säi Besoin fir Tofu schwätzen ass zimlech aarm.

  7. Ech hat nach ni de Problem, dass iergendwou een onfrëndlech mat mer gewiercht wier an engem Supermarché hei. Fleesch, Kéis a Fëschthéiken ginn et hei och am Tesco, mä ech kafen mer déi Saachen souwisou um Maart, well se do vill méi bëlleg sinn an dank lokalem Ubau och net eng Woch an engem Camion louchen (all Plaz déi mer Ärdbieren am Oktober wëll undréien ass louche). Richtegt Brout kritt een hei och am Sainsbury’s an am M&S, béid hu Bäckereien am Geschäft. Ech behaapten net, dass se all besser wieren ewéi Waitrose, mä vir de Groussdeel vun de Produiten gesinn ech einfach net an firwat ech soll fir déi selwecht Mark dräimol méi bezuelen. Firwat £5 fir de selwechten Téi oder Schokla ausginn, deen ech anerwäerts fir £2 oder £3 kréien? Wat ech wëll soen ass, dass Waitrose net besser ass ewéi déi aner, och wann et vu baussen deen Androck mécht.

    Ech gi mer awer och weider de Kellogg’s an de Waitrose kafen an de Tofu. Well dank £7400 Aschreiwungsgebühr kann ech mer dat guer net leeschten, d’Geld zur Fënster erauszegeheien. Also ginn ech mer d’Saachen dohinner kafen, wou d’Präis/Leeschtungsverhältnis am beschte stëmmt. An dat ass zum allergréissten Deel eben net Waitrose.

    Den Hummus war eng Referenz op de Marcus Brigstocke. :)

  8. Schweiz 4tw: oofhängeg fun der greisst fum Migros sind d’Preisser och mei deier oder mei belleg ^^, an dat ganz bewosst

  9. Dat ass hei och esou. An et hänkt net nëmmen vun der Gréisst vum Geschäft of, mä och dovunner wou et läit. (Mat allem, iwwregens. Deemno wous de tanks bezills de méi, och bei der selwechter Firma. An dat kann schon zwou Stroosse weider de Fall sinn.)

  10. De Problem u Supermarchéen, déi ëmmer propper ausgesinn an ëmmer voll mat Liewensmëttel sinn, ass, dat déi extrem vill ewechwerfen. An wann ech ewechwerfe soen, mengen ech ewechwerfe an net “un Obdachloser ginn”. Dat sinn da meeschtens net mol schlecht oder ofgelaf Saache, mä zB. Brout oder Geméis wat net méi verkaaft gëtt well den aneren Daach ee Camion mat néiem kennt. An do kann däin Hiem nach esou laang halen, Butteker déi eng gigantesch Iwwerproduktioun förderen sinn net cool.
    Hei bezils de awer ëmmer nëmmen jee no Kette méi. Woubäi de “Spar” méi bëlleg ass wéi de “Gourmet Spar”. Mä du kriss esouguer am Hofer (Aldi) Bio-Produiten, also gëtt et net onbedéngt ee Grond, fir an déi deier Geschäfter eran ze goen, ausser et well een eppes spezielles. Mä fir speziell Saachen ginn et och nach ëmmer Bio- oder Spezialbutteker.

  11. Wat de Joël sot.

    An Thierry: ech liewen zu Glasgow, hei gëtt et kee Maart. An ausser beim Waitrose kriss de hei kee sou Service an engem Radius vun ca. enger Stonn, huelen ech un. A fir Tetley’s 240 £3 ze bezuelen fannen ech präiswäert. ;)

  12. Wat huet mein Hiem mat Butteker ze dinn dei Sachen weschwerfen ? Dat geing mech lo mol wierklech interesseieren. An wat huet perfekt gutt Liewensmettelen fortpuchen domat ze dinn dass eng ugefaulten Zalot weder eppes um Buedem nach am Regal ze sichen huet (halbwegs verantwortungsvoll en Buttek feieren kann een och ouni dass et ausgeseit wei wann den Dschingis Khan passeiert wier) ? ech soot net ech weilt meng ganz Regaler voll, ech soot ech weilt se propper an fresch. Y a difference. A well een dofier mei Personal brauch an Personal wat sech kemmert gin ech dofier gär en Su mei aus. (an dorems geet et jo oder net? dass een hei mei bezillt fier die scheinbar nemlecht Leeschtung)

    Wuelgemierkt onoofhängeg fun desem Fall, wei et do ass wees ech jo net. Meiglecherweis bezillt een just den Marber um Buedem. Mais Posts ouni Geigenargument sin mier perseinlech eben ze eeseiteg. An ech hun dem Titel entholl dass et mei en weitgreifend Argument soll sin, kann natierlech sin dass ech och do falsch leien.

    An net dass et iergendeppes zur Diskussioun beidreit mais ech iessen zu 90% Bio (vun maximal Letzeboier Herkunft) aus Iwerzeegung an dat seit lang frum BSE Skandal (an ech erwarden mer och do eng gewess Qualiteit, t’ass net well et Bio ass dass se kennen deen allerleschten Ramsch ubidden deen se iergendwou am Keller vergiess haaten (wat eng Zeitchen lang een relativ groussen Probleem war jiddefalls mol bei ons)).

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *