Deg

A läschter Zäit fillen ech mech oft esou ewéi virun iwwer zwee Joer, wéi ech mat den Erasmusstudenten em d’Haiser gezu sinn. Ewéi wann et sech loune géif, um Liewen ze sinn. Alles ass esou intensiv ewéi et net méi war zanter der Vakanz an der Schwäiz. Wann ech esou driwwer nodenken, ech vermësse keng Zäit vu mengem Liewen esou ewéi dat halleft Joer dat ech mat deene Leit hat.
Mäi Brudder an ech sti virum Trocadero um Iwwerleeë wou mer sollen eppes drénke goen, wéi ech eng SMS vum Meedche kréien. Ech wousst zwar, dass et an der Stad wier, mä op engem TESOL Seminaire mat senger Klass, an der gerénger Chance, dass mer eis géinge gesinn. Mir huelen d’Piccadilly a maachen eis aus Central London eraus. Zanter ech hei wunnen, gi mir all déi Touristen nach vill méi op de Geescht ewéi virdrunner schon – ech hu mer vu gebiertege Londoner soe gelooss, dass dat, an de Fait dass ech TfL net kann ausstoen, mech zu engem echte Londoner mécht. Et huet mech e bësse gefreet wéi ech dat héieren hunn.
“Eppes dat ni ugefaangen huet, kann net op en Enn goen,” sot eng Frëndin viru kuerzem. Et hat Recht – d’Meedchen an ech hu ni ugefaangen, an villäicht fillen ech dofir esou wéineg ewéi den Tom an ech an den O’Neills erakommen an ech hat gesinn. Hatt gesäit mech net direkt; wann ech géing a Klischeeën denken kéint ech elo behaapten et wier mer ewéi eng Metapher virkomm fir eis zwee. Mä wann ech éierlech sinn, denken ech net vill ausser, “ah, do sëtzt et.” Mir emaarmen eis, kuerz – vill méi kuerz ewéi déi läschte Kéier.
Mir schwätzen net vill mateneen – déi meeschten Zäit blödelt hatt mat senger Klass ronderëm, an ech sëtze mam Tom op engem aneren Dësch. E bëssen ass et vläit awer eriwwer – ech hätt virun e puer Wochen nach alles fir hatt gemaach. Ech ka mech nach an all Detail drun erënneren ewéi ech him déi éischte Kéier sot, dass ech et gären hunn. Et ass eng Welt ginn, déi sech muenchmol ufillt ewéi gëschter, mä vill méi oft ass et eng Welt déi esou wäit ewech läit ewéi déi Vakanz an der Schwäiz, wou ech alles hat wat ech wollt a mer dat Wëssen, dass esou eppes net vun Dauer ka sinn, egal war.
Mir gesinn eis an zwou Wochen erëm wann ech zeréck kommen, an déi al Welt déi ech ni wollt opginn, well ech gemengt hunn d’Schiet op der Mauer wieren d’Wourecht. Ech si net méi verléift, an doriwwer sinn ech frou. Ech krut mäi Neiufank. Ech si glécklech well ech eenzeg fir mech liewen – wahrscheinlech fir déi éischte Kéier. Et mécht d’Meedchen net manner wichteg. Ouni hatt wier ech ni hei ukomm.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *