Un Deg Un

Den A. fällt mer virum Stammcafé ëm den Hals. Vun him gezaapte Béier huet ëmmer am Beschte geschmaacht. Dat ass keng Metapher fir iergendeppes, dat ass einfach e Fakt. Ech erënneren mech kuerz drun, ewéi en dem Meedchen ee Pond an de Grapp gedréckt huet fir d’Jukebox während mer Loftbäll duerch de Café opgehaangen hunn. Muer de Moien ass alles eriwwer, nach eng Kéier. Someone turn me around, can I start this again?, huet den Tom Smith gefrot wéi ech virun e puer Méint am Zuch laanscht d’Open University gefuer sinn, eraus aus der wonnerbaarster Stad vun der Welt. An och elo hunn ech déi Zeil nees am Kapp. Hei ze sinn ëmginn vun Bierger an ënner stärekloerem Himmel ass verhärend schéin.
Mir sëtzen op där Bänk op där mer vir d’Läscht fir mäi Gebuertsdag dëst Joer souzen, an drénke schwedeschen Alkohol. Muenchmol ass mäin Heemwee esou grouss, dass ech guer net weess wou ech mat all deem Verlaangeren soll hin. Zu London gesäit ee keng Stären um Himmel, d’Liichtverschmotzung ass vill ze héich. Zu London ginn et keng Bierger wann een zur Fënster erauskuckt, just fuerchtbar ellen Tierm. Heiansdo héieren ech Méiwen, an ech si mer net sécher ob se wierklech iergendwou fléien oder ob ech halluzinéieren a schlussendlech awer mäi Verstand verluer hunn.
“Ech schwieren ech hunn dech grad gesinn,” steet an der SMS. Ech gesinn se eréischt wéi ech erwächen – et mécht mech nach ëmmer frou moies op den Handy ze kucken an däi Numm do stoen ze gesinn. Ech froe mech, ob s du mech wierklech esou vill vermëss oder ob iergendwou zu Cardiff een Doppelgänger vu mir ronderëm leeft. Vläit sinn ech deng Méiw. Wat ee bescheuerte Verglach.
D’V. fänkt u vu sengem Frënd z’erzielen an ech denken, “Gottseidank, well ech kéint mech glat an dech verléiwen” – a mech verléiwen ass dat Läscht wat ech wëll. Fir d’éischte Kéier a mengem Liewen zanter dass ech weess wat Verléiftheet ass sinn ech fräi vun deem Gefill. Ech liewen just fir mech an dat ass wonnerschéin well ech dat nach ni kannt hunn.
D’S. hëlt mech an den Aarm a rifft “mir zwee sinn déi Bescht” duerch de Café. Ech laachen. Hatt huet Recht. Hei hunn sech der fonnt déi de selwechten Humor hunn an déi selwecht Siicht op d’Welt. I just want a mate, sot den zéngten Dokter zum Donna, an dat passt wonnerbar bei dat wat mäi fréiere Matbewunner zu Doughnut City feststellt: “elo ass et richteg a gutt Single ze sinn.” Villäicht stëmmt dat an e puer Wochen oder Méint net méi, mä haut ass dat d’Wourecht. An Haut ass alles wat mer hunn – endlech hunn ech dat verstanen.
Et ass alt nees eng weider Nuecht am Skype mat dir. Et ginn där relativ vill a läschter Zäit. Ech weess net, ob ech dat gutt fannen oder net, alles an allem. Déi eenzel Gespréicher gefale mer. Mir leeën en Datum fest wou s du eng Woch op London kënns. No Chrëschtdag. An engem anere Joer, dat sech momentan nach esou wäit ewech ufillt ewéi ee neit Millenium. Et war ee vollt Joer. An et ass nach net eriwwer. Ech sëtzen bei menger Fënster a fir d’éischte Kéier gesinn ech Stären um Himmel.

“I don’t mind seeing them piss through the letterbox of Nick Clegg’s constituency office.”

If, as a nation, we really cared about higher education, we’d find the money. If the Lib Dems cared half as much as they claimed, they’d welcome this movement. Instead, Nick Clegg wants the students to go home.

What did he get for compromising so many of his party’s principles? A referendum on a type of electoral reform that it never advocated. He should have held out for full PR or made the Tories govern as a minority. The political will was with him then. But he didn’t sense it and he took the important-sounding job. He’ll always be able to say he was once deputy prime minister. But the question he leaves unanswered is: “Why would anyone ever vote for the Liberal Democrats again?”

Alt nees ee groussaartegen Artikel vum genialen David Mitchell am Guardian vun haut. Onbedéngt liesen!

Christian Kane

Ech war bekanntlech e Mëttwoch op de Concert vum Christian Kane zu Shoreditch. Anerhallew Stonn stoung ech als 26. an der Schlang bis d’Dieren um 18.45 opgoungen – ufänke sollt d’Virgrupp um 20. Esou fréi do gewiercht ze sinn huet sech gelount. Et gouf keng Bühn – Bühn war do, wou de Mikro stoung. Ech stoung praktesch direkt virum Christian Kane, op Aanhéicht. Leit hannen am Sall waren ugepisst, dass se sou wäit hannenstoungen an net vill gesinn hunn, mä ech war schon den Dag virdrunner an de McQueen fir mer d’Plaz unzekucken, an ech stoung och ee gudd Stéck méi laang an der Schlaang. Vun dohier hunn ech guer kee Grond gesinn, déi Leit op iergendeng Manéier ze bedaueren. Soit.

De Concert war absolut genial. Bei all eenzelnem Lidd huet d’ganzt Publikum matgesongen. De Kane a Carlson hunn Jack Daniels Shots mat Leit gedronk tëscht Lidder. Et goufen lëschteg Geschichten vum Angel a vum Leverage Set, an en huet esouguer dat Lidd gesongen, dat en an der drëtter Staffel Leverage gesongen huet: Thinking of You (genau déi Szen ass d’Bild am läschte Post).

Hei ass déi aktuell Single House Rules – fir d’éischte Kéier, wou se d’Lidd acoustic gespillt hunn.

An d’Lidd aus Leverage, Thinking of You:

Symphony for Dreams in B Major


Drowsiness is trickling onto the sheets,
the pocket watch ticking towards sleep,
that truth serum which holds me down
at night so I can walk up straight awake.
I don’t want another image drawn
of you by my subconscious –
not of your green eyes, not of your scarf,
not of your voice, not of your earrings.

Quietly as my mind constructs the puzzle
that will turn out to be your face, I know,
I sip more hot chocolate and swallow
the memory of you brushing your brown hair.

Cinnamon is wafting through the room,
I observe the orange sky outside for a while,
I hear you speak of worlds I have never seen
and wonder what your lips taste like.
And what if…
You’re my first friend. You smile,
and so do I. A different affection:
all is well.

Lidd: John Kaada – Smiger. Dat ass Dänesch fir Schmeichelei.

Within Without

He throws her into the toilet booth, pulls her miniskirt down
she grabs the spliff from his mouth, rips the buttons of his jeans open
no condom, no time, the DJ’s beats drum on from outside, faster
she grabs the boner, sticks in it, he starts thrusting, harder
sweat dripping down from their faces, their bodies out of control,
alcohol drenched shirt and top sticking to their skin
she holds the smoke – French kiss
his hands pushed under the top, moving over the pierced nipples
squeezing the breasts, her hands lifting the shirt, scratching his back,
the skin under her fingernails, some blood
he’s thrusting faster, they’re moaning harder
she’s off the ground, legs around his pelvis,
finger in her ass, head against the wall – the booth shaking,
louder louder screaming final thrust.

Due Date – Europa Première

Ech war gëschter mat mengem Brudder a mengem Papp op d’Première vum Due Date, de neie Film vum Old School a The Hangover Regisseur Todd Philips. Hei e puer Impressiounen.

e spezielle “rouden” Teppech

de Robert Downey jr mat senger Fra Susan, der Produzentin vum Film

de Guy Ritchie an de Robert Downey jr

de Guy Ritchie an de Robert Downey jr

de Robert Downey jr

de Robert Downey jr

de Zach Galifianakis

den Todd Philips

d’Nathalie Fay

de Robert Downey jr an de Zach Galifianakis