“I don’t mind seeing them piss through the letterbox of Nick Clegg’s constituency office.”

If, as a nation, we really cared about higher education, we’d find the money. If the Lib Dems cared half as much as they claimed, they’d welcome this movement. Instead, Nick Clegg wants the students to go home.

What did he get for compromising so many of his party’s principles? A referendum on a type of electoral reform that it never advocated. He should have held out for full PR or made the Tories govern as a minority. The political will was with him then. But he didn’t sense it and he took the important-sounding job. He’ll always be able to say he was once deputy prime minister. But the question he leaves unanswered is: “Why would anyone ever vote for the Liberal Democrats again?”

Alt nees ee groussaartegen Artikel vum genialen David Mitchell am Guardian vun haut. Onbedéngt liesen!

4 thoughts on ““I don’t mind seeing them piss through the letterbox of Nick Clegg’s constituency office.””

  1. Den Artikel ass wirklech mega geschriwwen… an den Nick Clegg… hmm… e Mann deen d’LibDems no Joërzéngten erem hätt kéinnten zu enger “Vollekspartei” am UK maachen, mee bon, säin Ziel – no de Wahlen – war wuel fir dofir zesuergen dass bis u säi Liewensenn (an doriwwer eraus) nie méi e LibDem Leader eng Chance hätt déi Partei erem grouß zemaachen. Et kéinnt e scho baal mengen e wier vun den Tories dofir bezuelt ginn… ^^

    Iwwrengs fannen ech et och genial dass an Italien d’Studenten dëser Deeg och richteg op d’Stroos ginn. D’Zäit vun der aktueller Generatioun leeft lues awer secher oof… and that’s a very good thing! ;)

  2. “D’Zäit vun der aktueller Generatioun leeft lues awer secher oof… and that’s a very good thing!”

    Fir e Politikstudent ass dat do wierklech e wahnsinneg naivt Statement.

  3. Ech giff net soen dass et naiv wier, zum Deel villäicht “bold” an demno wéi eng “generell Wouerecht.” Et kennt drop un wéi een “lues awer secher” definéiert, wéi laang respektiv wéi kuerz dat ass. Dat ass vu Persoun zu Persoun aanescht. Naiv ass de Statement nemmen, an do ginn ech der Recht, wann een déi „Zäitugaab” interpretéiert als: an den nächste Méint oder an een, zwee Joër.
    Ech hunn dat selwer awer ni behaapt, dass ech et giff esou gesinn, astuffen — dat maachen ech net. Wann een “lues awer secher” als 5-10 Joër gesäit, esou kann de Statement schon eng generell Wouerecht widderspiegeln, well dann bspw. een elo 27-jähregen scho kéint 37 Joër hunn, an kinnt dann souguer schons — laut der Constitutioun — amerikanesche President ginn. Wann ech 29-jähreg als Maximum vun “eiser” Generatioun gesinn, wouriwwer sech emmer streide léisst, esou bréicht “eis” Generatioun nach bis 2016 bis dass se theoretesch en amerikanesche President kéinnt stellen.

    Ech denken selwer elo net, dass déi Aktiounen sierf et um Kontinent oder hei op der Insel eng grouss Revolutioun mat sech bréngen, déi dofir suergt dass an engem Joër oder sou jhust 20-jähreger un der politescher Muecht sinn. Iwwert d’Geschicht vun der Menschheet war et bis elo eigentlech (leider?) emmer esou dass et eng gradual Verännerung ginn ass. An dofir wäerten wuel och, zumools an Europa, déi Tonn konservativ Parteien dofir suergen, dass dat och dës Kéier esou wäert kommen. Sie mussen jo dofir suergen dass de Burke weiderhin Recht behällt. ;)

    Mee wat ech eigentlech wollt ausdrecken ass, dass trotzdem momentan eng Verännerung stattfennt. D’Studentenprotester sinn nemmen eppes wat elo ‘jiddereen’ gesäit, mee wann een kuckt wéi déi organiséiert ginn, déi meescht iwwert eben sozial Netzwierker an den Internet; an och wann een kuckt a liest, wat Zuckerberg a co. alles gesinn wéi d’Social Networks sech an de kommende Joëre kennen veränneren, wéi e Potential déi also hunn och an Zukunft extrem groussen Drock op d’Regierung(en) zemaachen. Dass déi “aal” Politiker, den “aale” Wee fir Politik zemaachen eriwwer ass, respektiv séngem Enn nogeet, gesäit een net nemmen wann een op de “Klassiker”, déi amerikanesch Wahlen 2008 kuckt, fir op der Insel zebléiwen: do ass d’Partei Memberschaft an de läschte Joëren erofgaangen, emmer manner Léit/Jonker kennen sech wirklech mat enger eenzeger Partei identifizéieren, an verschidden divers Studien weisen dass et onwahrscheinlech ass dass “eis” Generatioun enger politescher Partei wäert “emmer” tréi bleiwen, eppes wat déi Generatioun virdrun gréisstendeels nach gemaach huet/mecht. Genee wéisen Studien dass Jonker sech éischter an enger NGO oder ähnlecher Organizatiounen engagéieren, an esou hier Gesellschaft probéieren zeveränneren, an net méi wéi déi Generatiounen vidrun iwwer de Medium vun der Parteipolitik. Déi Organizatiounen ginn eben emmer méi vun de Léit benotzt fir Drock op d’Regierung(en) zemaachen, an eben net méi d’Memberschaft an enger Oppositiounspartei (gréistendeels well d’Léit keen Ennerscheed méi teschend de Partei’en erkennen kennen), an mat der Zukunft vun den uewen genannten sozialen Netzwierker fir Drock opzebauen loosen sech Saachen déi momentan wuel déi mannsten kennen wirklech virausgesinn.
    A wann een dann och kuckt wéi d’Partei’en an d’Politiker elo nach emmer schlecht op den Internet a séng sozial Netzwierker reagéieren/preparéiert sinn (Bsp. Protester Stuttgart 21 an och do d’Reaktioun vum Landesinnenminister, LibDems am UK no hierem Broch mat de Studenten an dann do eben och déi aktuell Protester) zesumme mam uewen genannte Faite, dass déi Jonk sech emmer manner partei politesch engagéieren an och net wirklech stur eng Parteiligne hunn, wéisst eigentlech drop hin, dass den aktuellen partei politesche System, jiddefalls wéi en momentan an Europa fonktionnéiert, an den kommenden Joëren net méi esou besonneg fonktionnéieren wäert, wéi dat déi Generatioun(en) virdrun nach kannt hunn, well Léit vun “eiser” Generatioun, déi en eigentlech missten wéider veränneren, en praktesch komplett ofléenen.

    Wat dat alles wäert fir Konsequenzen mat sech brengen ass definitiv op zur Diskussioun, mee dass eng grouss Verännerung momentan stattfennt, ass wéi gesinn eigentlech Fakt. A well ech positiv iwwert “eis” Generatioun denken, glëwen ech och, dass déi Verännerung eng ganz gudd Saach ass, déi awer, an dat well ech dann nach eng Kéier betounen, net wäert an e puer Méint oder an nemmen een, zwee Joër fäerdeg sinn. ;)

    @ Thierry
    Sorry fir de langen Comment hei

  4. Ech hu just den éischten an de leschten Abschnitt dovu gelies, well ech net genuch Enthusiasmus dofir iwwreg hunn fir esou e laange Kommentar duerch ze liesen. Sorry, dat ass halt sou u menger Generatioun.

    Du gesäis, mir si verschiddener Meenung, wat d’Qualitéit vun eiser Generatioun betrëfft.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *