Un Deg Un

Den A. fällt mer virum Stammcafé ëm den Hals. Vun him gezaapte Béier huet ëmmer am Beschte geschmaacht. Dat ass keng Metapher fir iergendeppes, dat ass einfach e Fakt. Ech erënneren mech kuerz drun, ewéi en dem Meedchen ee Pond an de Grapp gedréckt huet fir d’Jukebox während mer Loftbäll duerch de Café opgehaangen hunn. Muer de Moien ass alles eriwwer, nach eng Kéier. Someone turn me around, can I start this again?, huet den Tom Smith gefrot wéi ech virun e puer Méint am Zuch laanscht d’Open University gefuer sinn, eraus aus der wonnerbaarster Stad vun der Welt. An och elo hunn ech déi Zeil nees am Kapp. Hei ze sinn ëmginn vun Bierger an ënner stärekloerem Himmel ass verhärend schéin.
Mir sëtzen op där Bänk op där mer vir d’Läscht fir mäi Gebuertsdag dëst Joer souzen, an drénke schwedeschen Alkohol. Muenchmol ass mäin Heemwee esou grouss, dass ech guer net weess wou ech mat all deem Verlaangeren soll hin. Zu London gesäit ee keng Stären um Himmel, d’Liichtverschmotzung ass vill ze héich. Zu London ginn et keng Bierger wann een zur Fënster erauskuckt, just fuerchtbar ellen Tierm. Heiansdo héieren ech Méiwen, an ech si mer net sécher ob se wierklech iergendwou fléien oder ob ech halluzinéieren a schlussendlech awer mäi Verstand verluer hunn.
“Ech schwieren ech hunn dech grad gesinn,” steet an der SMS. Ech gesinn se eréischt wéi ech erwächen – et mécht mech nach ëmmer frou moies op den Handy ze kucken an däi Numm do stoen ze gesinn. Ech froe mech, ob s du mech wierklech esou vill vermëss oder ob iergendwou zu Cardiff een Doppelgänger vu mir ronderëm leeft. Vläit sinn ech deng Méiw. Wat ee bescheuerte Verglach.
D’V. fänkt u vu sengem Frënd z’erzielen an ech denken, “Gottseidank, well ech kéint mech glat an dech verléiwen” – a mech verléiwen ass dat Läscht wat ech wëll. Fir d’éischte Kéier a mengem Liewen zanter dass ech weess wat Verléiftheet ass sinn ech fräi vun deem Gefill. Ech liewen just fir mech an dat ass wonnerschéin well ech dat nach ni kannt hunn.
D’S. hëlt mech an den Aarm a rifft “mir zwee sinn déi Bescht” duerch de Café. Ech laachen. Hatt huet Recht. Hei hunn sech der fonnt déi de selwechten Humor hunn an déi selwecht Siicht op d’Welt. I just want a mate, sot den zéngten Dokter zum Donna, an dat passt wonnerbar bei dat wat mäi fréiere Matbewunner zu Doughnut City feststellt: “elo ass et richteg a gutt Single ze sinn.” Villäicht stëmmt dat an e puer Wochen oder Méint net méi, mä haut ass dat d’Wourecht. An Haut ass alles wat mer hunn – endlech hunn ech dat verstanen.
Et ass alt nees eng weider Nuecht am Skype mat dir. Et ginn där relativ vill a läschter Zäit. Ech weess net, ob ech dat gutt fannen oder net, alles an allem. Déi eenzel Gespréicher gefale mer. Mir leeën en Datum fest wou s du eng Woch op London kënns. No Chrëschtdag. An engem anere Joer, dat sech momentan nach esou wäit ewech ufillt ewéi ee neit Millenium. Et war ee vollt Joer. An et ass nach net eriwwer. Ech sëtzen bei menger Fënster a fir d’éischte Kéier gesinn ech Stären um Himmel.

2 thoughts on “Un Deg Un”

  1. Ausgerechent elo wou just nach een Deel kënnt muss du esou ee Kommentar schreiwen.

    Merci awer. An ech hunn trotzdem duerchaus wëlles, weider Texter op Lëtzebuergesch ze schreiwen. :)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *