Un Deg Dau

Mir sëtzen op grousse Fotellen virum Kamäin Wäin ze drénken. Ech hunn d’Hëtzt vum Feier nach emmer am Léiwsten gehat, si wiermt mech vill besser ewéi eng Heizung an si fillt sech och vill méi heemlech un. Mir hunn grad eisen Virtrag gehalen, un deem mer d’ganzt Semester geschafft hunn, a mir kruten vun onser Proff gesot si wier stolz op dat wat mer geleescht hunn. Ëm wat et gaangen ass dierfe mer kengem soen, mir hunn missten een NDA ënnerschreiwen well et eng Analys vun engem Verlag ass, deen eis déi Daten vertraulech zur Verfügung gestallt huet. Vläit war et dat, wat eis zesummegeschweest huet, vläit war et einfach, well mer eis wierklech gutt verstinn.
D’Polin an ech erklären der Englännerin an der Inderin, wien d’Astrid Lindgren war, well keen vun hinnen zwee et kennt – wat mer allebéid fuerchtbar traureg fannen. Mir schmäissen eis an e gigantesche Flashback a schwärmen vum Karlsson, vum Pippi a vu Bullerbü – um Enn geet et guer net méi drëm, iergendengem z’erzielen wéi wonnerbar déi Geschichten sinn mä just nach drëm eis géigesäiteg drun z’erënneren watfir Spiichten déi Kanner gedriwwen hunn. Ech erënnere mech u Stockholm, wou ech virum Pippi Langstrumpf Musée stoung, an eng onwahrscheinlech laang Schlaang mat Kanner virdru stoung. Wann ech iergendwann eng Kéier Schrëftsteller ginn, wëll ech och Geschichten erzielen, déi esouvill Generatiounen beréieren. Et dierf ee jo dreemen.
Anescht wéi dem Astrid Lindgren seng Charakteren, déi um Pobeier an éiweger Jugend festgehale sinn, musse mir alleguerten erwuessen ginn. An erwuesse ginn heescht léieren d’Vergangenheet lass ze loossen fir déi Persoun ze ginn, déi een d’Potential huet ze sinn. Dat hunn ech dëst Joer ugefaangen ze verstoen, an dat gëtt mer dee Moment virum Kamäinfeier esou richteg bewosst. Lassloossen heescht net vergiessen, lassloossen heescht just weidergoen a wëssen wat hannert engem läit. Muenchmol war mer guer net kloer, firwat ech déi Serie vun Texter iwwerhaapt schreiwen – ursprünglech wollt ech mech einfach nëmmen forcéieren, méi Kreatives op lëtzebuergesch ze schreiwen, muenchmol war et einfach nëmmen fir ee schéine Moment vum respektive Mount festzehalen, heiansdo hunn ech geschriwwen well ech halt einfach wollt schreiwen. Mä et sollt ëmmer ee Joer sinn. Dat hei also? En Epilog, an engem gewëssene Sënn. Fir wat sinn ech mer net esou sécher.
Mir drénken Vodka Jelly – oder seet een: mir iessen Vodka Jelly? – an engem Café deen esou bëlleg ass datt ech guer net ka gleewen, dass en zu London ass, a stellen eis fir ewéi vill méi cool et wier, wann mer d’Suen hätten fir an eisem geléiwte Lexington ze sëtzen. Nodeems d’S. an ech eng Zäit laang dat selwecht Profilbild op Facebook haten a verschidde Leit gemengt hunn, mir wieren elo eng Koppel, hunn mer e puer Mol driwwer gegeckst wéi mir wahrscheinlech permanent rosenen Trennungssex hätten a nach vill méi rosenen Versöhnungssex. An elo versteet guer kee méi déi Witzer, déi mir tëscht eis zwee rappen. Den B. mengt, seng Frëndin géing fuerchtbar gäere verkuppelen, an wann ech eng Kéier géing mat hinnen erausgoen, géing hatt garantéiert eent fir mech fannen. D’S. kuckt mech a mengt, ech géing vill ze vill als Bezéiungsmënsch eriwwer kommen a guer net wéi een deen de schnelle Kick sicht.
Hei ass kee méi vun deene Leit, mat deenen ech virun engem Joer am Café souz. Engersäits ass dat traureg. Anerersäits: vläit hunn ech scho längst lassgelooss, an ech hunn et emol net gemierkt.
Jo, ech hat Recht deemols: alles ass gutt ginn.

Wien wëll, kann alleguerten d’Texter hei nach eng Kéier all liesen, fortlafend.

“By and large, WikiLeaks is a force for good.”

Et solle Leit ginn, déi mengen WikiLeaks wieren déi Béis. WikiLeaks wiere Mënscheliewen egal, a WikiLeaks misst gestoppt ginn. Esou Leit sinn entweder einfach nëmmen ignorant, oder si hunn d’Fakten net all. De schwedesche Sender SVT2 huet een Documentaire iwwer WikiLeaks a seng Missioun gedréit a gëschter Owend ausgestrahlt, deen eng schéin Iwwersiicht gëtt iwwer dat wat se an de leschte Joeren geleescht hunn: si hunn Island gerett wéi Kaupþing kollabéiert ass, si hunn opgedeckt wéi d’US Militär Reuters Journalisten op brutaalst Art a Weis ëmbruecht hunn, si hunn opgedeckt wéi d’US Militär Kanner am Irak erschéisst, si hunn Korruptioun a Kenia opgedeckt, si hunn opgedeckt wéi eng multi-national Firma toxesche Knascht an d’Elfenbeinküst gedumpt hunn, an an an.

Ech kéint elo soen, Leit mat schwaache Nerven sollten sech et net ukucken. Well éierlech gesot erfëllt et ee net nëmmen mat Ekel déi wahnsinneg Brutalitéit an déi Korruptioun ze gesinn, et bréngt een och un d’Kräischen. Zemools de Video an deem d’Zaldoten driwwer laachen, dass se op kleng Kanner um Wee an d’Schoul schéissen, hunn ech schon deemools ofstoussend fonnt wéi en online gestallt gouf (an dat war och déi éischte Kéier, wou ech WikiLeaks Geld gespend hunn).

Et mécht mech onvirstellbar rosen, wann ech d’Hilary Clinton gesinn do stoen verlaangen, dass den Assange misst ugeklot ginn, well de wierklechen Terrorist op dëser Welt ass Amerika. WikiLeaks huet an de leschten dräi Joer méi opgedeckt, wéi sämtlech aner Medien op der Welt zesummen jeemools opgedeckt hunn. An dat mécht dem Status Quo verdammt vill Angscht — genau dowéinst probéieren se d’Säit an den Assange als Béisen dohinner ze stellen, net well en tatsächlech béis wier an si eis wéilte virun him schützen (wéi wann de Status Quo jeemools wéilt eppes aneschters schützen ewéi sech selwer!) Mä si hu längst verluer: alleguerten déi Informatioune verschwannen ni méi, esouguer wann se den Assange sollte festgeholl kréien. An dat eleng dierft verdammt schwéier ginn, well et gëtt kee Gesetz an den USA dat et der Regierung géing erlaben den Assange wéinst dem “Cablegate” unzekloen.

Kucke kann een d’Sendung (gréisstendeels op englesch an deelweis mat engleschen Ënnertitelen) beim Georges um Blog. Et ass dowäert!

Ech kenne just eng Szen aus “The Naked Gun”

… aus The Naked Gun 2½: The Smell of Fear, fir genau ze sinn. Et ass déi Zeen an där de Frank a leschter Sekonn iwwert de Kabel vun der Bomm trëllt an se domatter entschäerft. De Leslie Nielsen, deen de Frank gespillt huet, ass, ewéi mëttlerweil jiddwereen dierft matkritt hunn, virun enger Woch gestuerwen. Fir éierlech ze sinn ass mir dat komplett egal. Ech war ni ee Fan vun him oder senge Filmer, an ëmmerhin krut en akzeptabelen Alter, deen a ville Regiounen vun der Welt als utopesch gëllt. De Grond aus deem ech ergraff war wéi ech vu sengem Doud gelies hunn war ee ganz Aneren.
Wéi ech nach e Kand war, si mir all Joer, ewéi een dat als gudde Lëtzebuerger mécht, op d’belsch Plage gefuer. Op Middelkerke fir genau ze sinn. Middelkerke ass, fir lëtzebuergesch Verhältnisser, ee gréissert Duerf a Westflandern. Wikipedia seet haut géingen do ronn 17000 Leit wunnen, dat war an den 1990er wahrscheinlech eng ganz ähnlech Ziffer. Et läit op der Kusttram Streck, westlech vun Oostende — wat wahrscheinlech méi Lieser ee Begrëff ass. Et gëtt ee Casino an ee Comicgeschäft. An dem Comicgeschäft hunn ech mer eng Dosen Lucky Luke Hefter kaf, déi ech op der Plage gelies hunn. Deemools huet de Lucky nach dierfte fëmmen. Haut huet en ee Grashällemchen. Et goufen natierlech och eng Rëtsch Restauranten. Et gouf een mat enger Venusstatu, deen iergendwann renovéiert gouf an déi cool separat Dëscher op de Säiten erausgeholl goufen. An deem Restaurant goufen et virun allem gutt Paangecher. A Paangecher, dat war mäi léifsten Iessen als Kand. Am Laf vun de Joeren si mer zemools beim Willy Stammclient ginn. Ech weess net méi wéi de Restaurant geheescht huet (an ech hunn elo zwou Stonne laang ouni Erfolleg den Internet duerchkämmt), mä un de Willy erënneren ech mech nach gutt. De Willy huet eis kannt, an mir kruten och emol eppes op d’Haus. Et war ëmmer ee liicht traurege Moment, wann mer vir d’lescht fir dat jeweilegt Joer do waren. Well de Willy sech ëm seng Clienten gekëmmert huet. En ass mat enger Geschwindegkeet duerch de Restaurant gedüst déi absurd war. An eemol, wéi en eigentlech hätt sollten am Bett leien well en eng schlëmm Gripp hat, huet en sech mat Medikamenter vollgestach an ass trotzdem ronderëm gelaf. Well hien huet de Buttek net nëmmen um Lafe gehalen, hie war och d’Häerz a Séil vun där Plaz. Ech mengen, ech hunn do meng éischte Mulle giess. Ech hunn mech an de Joeren, an deenen mir net méi dohinner an d’Vakanz goungen, oft gefrot wat aus dem Willy ginn ass.
Et goufen och eng ganz Rei Appartementshaiser. A muench Summeren (vläit och all Summer, esou genau kann ech mech net erënneren), gouf eng riseg Leinwand op der Plage opgeriicht, op där no Sonnenënnergang Filmer gewise goufen. Vun eisem Balkon hat een eng gudd Vue op d’Leinwand, an een Owend gouf Naked Gun 2½ gewisen. Dat war déi éischte Kéier, wou ech ee vun deene Filmer gesinn hunn. De Leslie Nielsen war mir deemools och nach guer kee Begrëff. Et waren wéi gesot d’1990er, an ech hat nach net all ze vill vun der Welt gesinn. Déi Zeen wou hien iwwert d’Bomm stolpert ass hänkebliwwen, well ech se schon als Kand topeg fonnt hunn (haut géing ech soen deus ex machina, mä déi Expressioun hunn ech dunn natierlech nach net kannt).
Déi Vakanzen op der belscher Plage gehéieren zu menge schéinsten Erënnerungen déi ech aus menger Kandheet hunn. Si sinn meeschtens simpel – mat engem Vëlo iwwer d’Esplanade fueren, beim Willy Mullen iessen, eng Tina Turner CD kafen (jo, d’Tina Turner hunn ech cool fonnt). Ech ka mech och drun erënneren, wéi ech eng Plack vun Take That gesinn hunn. Ech hat keng Ahnung wien dat wier, an krut vu menger Mamm erklärt wat eng Boyband ass. Ech hunn d’CD nees zeréck an d’Regal gestallt. Heiansdo wënschen ech mer, ech kéint erëm dohinner zeréck. Net einfach nëmmen op déi Plaz, mä an déi Welt. An esou Momenter wéi dem Doud vum Leslie Nielsen, wat esou eng ganz Ketten vun Erënnerungen lass trëtt, ass dee Wonsch besonnesch grouss. Ech si glécklech haut, mä där Onschold vun deemools wäert ech mäi Liewen laang notraueren. An dir kënnt iech guer net virstellen ewéi dankbar ech mengen Elteren sinn, dass ech mech no esou enger Welt ka sehnen, well net jiddwereen huet déi Chance.
Dat Heiten ass wuel sou vill ee Stéck nonfiktivt Schreiwen wéi et ee Merci ass u meng Elteren. Ech kéint dat hei och elo alles läschen, an et hinnen einfach mailen oder um Skype soen. Mä jiddwereen soll wëssen wéi wonnerbar si sinn. Ech hu mech bei deene leschte puer Folgen vu Smallville an deenen de Clark endlech lues a lues zum Superman gëtt oft drun erënnert, wéi de Superman ee vu menge Kandheetshelden war. Wann ech haut esou driwwer nodenken, sinn et vill méi den Jonathan an d’Martha Kent, déi d’Helden an der Geschicht sinn. D’Welt mat Superkräfte beschützen ass einfach. Engem eng glécklech Kandheet schenken ass de wierklech bewonnerenswäerten Akt.