Ons Identitéit

D’Pianocktail Lieser wëssen et schon: ee Grupp jonk inspiréiert Leit hunn ee Film iwwer de Lëtzebuergesche Patriotismus gedréit, Ons Identitéit – Mir hunn se fonnt. Meng Erwaardungen un dëse Film waren, wann ech éierlech sinn, minimal bis net existent. Den Trailer hat mech net wierklech ëmgerappt, an esou hunn ech mech ouni jeeglech Virfreed un de Film gewot.
Fir ewech: ech gouf positiv iwwerrascht. Vläit ass Meeschterwierk iwwerdriwwen, mä ech neige bekanntlech oft zum Iwwerdreiwen, dofir benotzen ech dat Wuert elo trotzdem. Geschriwwe vum Jacques Schiltz a Lars Schmitz ass Ons Identitéit eng wonnerbar Parodie iwwer Lëtzebuerg, de Lëtzebuerger, an alles wat an dee Stereotyp erafällt. D’Léift zum Detail ass immens, sierf dat d’Hakekräiz mat de lëtzebuergesche Fändelen, oder d’Etiketten op de Fläschen vum “Lëtzebeier”, oder och nach eng Kopie vum “Lëtzebuerger Wuert”, genausou wéi d’Biergpriedegt vum frustréierte Muselina (Katharina Bintz) an d’Braveheart Szen mam Cafésbesëtzer (Emil Wirtsen Luc Lamesch). D’Geschicht ass ganz offensichtlech inspiréiert vun der Oprou déi d’Land duerchfuer huet ewéi Diekirch sollt an d’Ausland verlagert ginn, an déi Art a Weis ewéi de Film déi Thematik mat intelligentem Witz ugeet ass herrlech.
De Cast setzt sech, esou wäit ech dat beuerteele kann, aus Amateuren zesummen, mä dat heescht bei wäitem net, dass de Film doduercher géing u Qualitéit verléieren. Au Contraire huelen si sech selwer op d’Schëpp, wann et zum Beispill am Ufank vun de Filmkritiker heescht et wier “ee Film vu Studenten, mä en ass awer an HD”. Och um Schluss hëlt sech de Film erëm selwer op d’Schëpp mat engem Dialog iwwer den Grand Duc, deen esou politesch onkorrekt ass, dass ech et bal net konnt gleewen. Besonnesch erfir ze hiewen vun de Charakteren si menger Meenung no d’Ausseministesch (Anne Klein), d’Cafésclienten (Jacques Schiltz a Lars Schmitz), de Cafésbesëtzer (Emil Wirtsen Luc Lamesch) souwéi d’Noriichtespriecherinnen an der bombastescher RTL Parodie (Anna Katina a Xenia Katina).
De Film kann een sech gratis an a voller Längt online ukucken. An ech roden jidderengem vun iech, sech déi knapps 50 Minuten Zäit ze huelen, an seng Laachmuskelen anstänneg ze trainéieren. Et ass wierklech dowäert.
Et freet mech wierklech, dass et zu Lëtzebuerg esouvill Talent gëtt, an all déi Schwaarzmolerei Blödsinn ass (där, ginn ech zou, ech selwer allzeoft verfalen).

6 thoughts on “Ons Identitéit”

  1. Villmools Merci fir déi positiv Kritik. Ech wollt just nach drop hiweisen, datt de Schauspiller, deen de Cafésbesëtzer spillt am Fong net “Emil Wirtsen” oder “Wirtsen Emil” heescht, mä Luc Lamesch ;)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *