Un Deg Dau

Mir sëtzen op grousse Fotellen virum Kamäin Wäin ze drénken. Ech hunn d’Hëtzt vum Feier nach emmer am Léiwsten gehat, si wiermt mech vill besser ewéi eng Heizung an si fillt sech och vill méi heemlech un. Mir hunn grad eisen Virtrag gehalen, un deem mer d’ganzt Semester geschafft hunn, a mir kruten vun onser Proff gesot si wier stolz op dat wat mer geleescht hunn. Ëm wat et gaangen ass dierfe mer kengem soen, mir hunn missten een NDA ënnerschreiwen well et eng Analys vun engem Verlag ass, deen eis déi Daten vertraulech zur Verfügung gestallt huet. Vläit war et dat, wat eis zesummegeschweest huet, vläit war et einfach, well mer eis wierklech gutt verstinn.
D’Polin an ech erklären der Englännerin an der Inderin, wien d’Astrid Lindgren war, well keen vun hinnen zwee et kennt – wat mer allebéid fuerchtbar traureg fannen. Mir schmäissen eis an e gigantesche Flashback a schwärmen vum Karlsson, vum Pippi a vu Bullerbü – um Enn geet et guer net méi drëm, iergendengem z’erzielen wéi wonnerbar déi Geschichten sinn mä just nach drëm eis géigesäiteg drun z’erënneren watfir Spiichten déi Kanner gedriwwen hunn. Ech erënnere mech u Stockholm, wou ech virum Pippi Langstrumpf Musée stoung, an eng onwahrscheinlech laang Schlaang mat Kanner virdru stoung. Wann ech iergendwann eng Kéier Schrëftsteller ginn, wëll ech och Geschichten erzielen, déi esouvill Generatiounen beréieren. Et dierf ee jo dreemen.
Anescht wéi dem Astrid Lindgren seng Charakteren, déi um Pobeier an éiweger Jugend festgehale sinn, musse mir alleguerten erwuessen ginn. An erwuesse ginn heescht léieren d’Vergangenheet lass ze loossen fir déi Persoun ze ginn, déi een d’Potential huet ze sinn. Dat hunn ech dëst Joer ugefaangen ze verstoen, an dat gëtt mer dee Moment virum Kamäinfeier esou richteg bewosst. Lassloossen heescht net vergiessen, lassloossen heescht just weidergoen a wëssen wat hannert engem läit. Muenchmol war mer guer net kloer, firwat ech déi Serie vun Texter iwwerhaapt schreiwen – ursprünglech wollt ech mech einfach nëmmen forcéieren, méi Kreatives op lëtzebuergesch ze schreiwen, muenchmol war et einfach nëmmen fir ee schéine Moment vum respektive Mount festzehalen, heiansdo hunn ech geschriwwen well ech halt einfach wollt schreiwen. Mä et sollt ëmmer ee Joer sinn. Dat hei also? En Epilog, an engem gewëssene Sënn. Fir wat sinn ech mer net esou sécher.
Mir drénken Vodka Jelly – oder seet een: mir iessen Vodka Jelly? – an engem Café deen esou bëlleg ass datt ech guer net ka gleewen, dass en zu London ass, a stellen eis fir ewéi vill méi cool et wier, wann mer d’Suen hätten fir an eisem geléiwte Lexington ze sëtzen. Nodeems d’S. an ech eng Zäit laang dat selwecht Profilbild op Facebook haten a verschidde Leit gemengt hunn, mir wieren elo eng Koppel, hunn mer e puer Mol driwwer gegeckst wéi mir wahrscheinlech permanent rosenen Trennungssex hätten a nach vill méi rosenen Versöhnungssex. An elo versteet guer kee méi déi Witzer, déi mir tëscht eis zwee rappen. Den B. mengt, seng Frëndin géing fuerchtbar gäere verkuppelen, an wann ech eng Kéier géing mat hinnen erausgoen, géing hatt garantéiert eent fir mech fannen. D’S. kuckt mech a mengt, ech géing vill ze vill als Bezéiungsmënsch eriwwer kommen a guer net wéi een deen de schnelle Kick sicht.
Hei ass kee méi vun deene Leit, mat deenen ech virun engem Joer am Café souz. Engersäits ass dat traureg. Anerersäits: vläit hunn ech scho längst lassgelooss, an ech hunn et emol net gemierkt.
Jo, ech hat Recht deemols: alles ass gutt ginn.

Wien wëll, kann alleguerten d’Texter hei nach eng Kéier all liesen, fortlafend.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *