“It’s time to take a stand.”

D’Palinites sinn grad grouss domatter beschäftegt, folgend Bild vum Internet verschwannen ze loossen, dat bis virun kuerzem nach op der Facebook Säit ze fannen war. Wann hunn d’Palinites dovunner? Ee Streisandeffekt. Well d’Bild wéi wëll iwwerall veröffentlecht gëtt.

Mat Viséieren gëtt op dësem offizielle Plakat dozou opgeruff, bestëmmt Demokraten unzegräifen, well se fir d’Health Care Bill gestëmmt hunn. Och wann dat keen direkten Opruff zur Gewalt ass, esou ass dat – am Viraus wéi elo am Nachhinhein – eng onbeschreiwlech bescheuert Idee. D’Gabrielle Giffords (D, AZ), dat haut an de Kapp geschoss gouf, steet och op der Lëscht.

2 thoughts on ““It’s time to take a stand.””

  1. Also wat dës Schéisserei vu geschter definitiv weist ass, dass eng Ännerung an der “politescher Rhetorik” muss kommen — egal op Demokrat, Independent oder Republikaner. Et ass dat wat den Jon Stewart jo op sénger Rally eigentlech scho gesoot huet. Et muss opgehaalen ginn Léit mat aaneren Vuen – déi ganz a guer net extrem sinn – wéi Extremisten zebehandelen an duerzestellen. Op dat elo Tea Party Supporter sinn wéi d’Sarah Palin, déi de President als “socialist” dohinner stellen, oder awer Demokraten, déi d’Tea Party nemmen als rietsradikal ugesinn, well se et gewoot hunn iwwer Méinten hin géint e Gesetz zeprotestéieren.
    Léit déi op Washington DC ginn maachen net de ganz schwéiere Wee fir dann “endlech” hiert Land futti zemaachen, mee probéieren dem Land hiere Stempel opzedrecken an et zum Besseren zeveränneren – och den George W. Bush zielen ech do dobäi. Et kann een dee “Stempel” kritiséieren deen verschiddenener (Republikaner oder Demokrat) probéieren opzedrecken, mee et soll een ophaalen eng (net extrem) Persoun, däer hiere Stempel een net leiden kann, als Extrem dohinner zestellen, nemmen well dat vill vill méi einfach ass fir esou d’Léit zemobiliséieren, wéi wann een giff higoen an de “Stempel”, déi politesch Positiounen, giff kritiséieren ouni d’Persoun (an ouni d’Famill) perséinlech unzegräifen.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *