The King’s Speech

Ech war e Samschdeg The King’s Speech kucken – ee Film vun deem ech, bis en am Kino ugelaf ass, net wierklech vill matkrut. Ech hat deemno keng Erwaardungen un den Film. De Chris huet dem Film bei Pianocktail just 2,5 Stäre ginn, woumatter ech guer net averstanen sinn.
De Film ass, där s muss een sech bewosst sinn well soss kann een net an all senger Genialitéit appreciéieren, keng zesummegesponne Geschicht, mä baséiert op Fakten. De Prënz Albert (dat ass de spéidere Kinnek George VI, fir d’Geschichtsbanausen ënnert iech), gespillt vum Colin Firth deen eng Tour de Force dohileet, wollt wierklech net Kinnek ginn (jo, en ass an Tréinen ausgebrach, dat steet net einfach nëmmen esou am Dréibuch). Säi Brudder Edward VIII, gespillt vum Guy Pearce, huet effektiv op Drock vum Premierminister missten ofdanken an huet sech mat senger amerikanescher Frëndin bestued. D’Ried, déi den Prënz Albert am Ufank vum Film hält, huet en tatsächlech gehalen, an si war wierklech esou katastrofal. Den Lionel Logue, säi Sproochtherapeut, gespillt vum groussaartegen Geoffrey Rush, ass och eng réel Persoun an si waren e Liewen laang bescht Frënn.
De Chris wëll sozialen Dialog am Film. Jo, dee sicht ee vergeblech. De Chris fënnt dat schlëmm. Ech net. Natierlech kéint een dem Film dat virwerfen, mä dat sollt een awer net, well de Film ni vir gëtt eppes anescht ze sinn ewéi ee Bildungsroman. Et geet net ëm d’Situatioun vum Empire, et geet ëm déi perséinlech Geschicht vun engem Mann deen ni wollt Kinnek ginn, deen esou ënnert der eiserner Fauscht vu sengem Papp leid – och nach no deem sengem Doud – dass en stottert a sech forcéiert mat der rietser Hand ze schreiwen. Et ass e Film iwwert eng Frëndschaft tëscht zwee Leit, déi sech ënner aneren Ëmstänn ni kennegeléiert hätten, awer zu beschte Frënn goufen. Wann den Lionel Logue de Prënz “Bertie” oder “mate” nennt, ass dat net nerveg, mä et weist eppes ganz Entscheedendes ouni dat d’Geschicht anescht verlaf wier: de Logue gleeft u Gläichheet, an hien zéckt och net virun engem Prënz zeréck. A genau dat bréngt den Prënz Albert dozou, hien ze respektéieren. Dat leeft natierlech net alles perfekt, et gëtt Gestreids an Ausernanersetzungen, mä dat sinn kleng Deeler aus engem grousse Puzzel, déi um Enn all Sënn erginn.
De Film huet mech zum Laachen bruecht a mech mat leide gedoen. En ass groussaarteg liewensbejohend an onvirstellbar traureg. Well een zu all Moment mat den Haaptpersonnagë fillt. Eng Geschicht iwwert eng Frëndschaft déi méi aussergewéinlech net kéint sinn. Net méi a net manner. Dat mat engem sozialen Dialog z’iwwerlueden hätt dem Film geschuet oder et wier een Opus vu véier Stonnen ginn. A wann et um Enn drëm geet, dem Vollek ze soen, dass d’Empire an de Krich géint Däitschland zitt, geet de Film net wierklech drop an ewéi d’Vollek doropper reagéiert, mä konzentréiert sech eenzeg an eleng op d’Verzweiwelung vum Kinnek a kulminéiert an engem wierklech groussaartege Moment, wann de Kinnek an den Logue eleng virum Mikro stinn. An all dat mécht de Film zu engem Meeschterwierk.
Wann et hei géinge Stäre ginn, krit en der 5/5. Mä gleeft net mir, gitt iech selwer iwwerzeegen.

6 thoughts on “The King’s Speech”

  1. Majo, ech sinn zwar net denger Meenung, mä kann däi propper artikuléiert Argument novollzéien.
    A wann dat lo bëssen arrogant geklong huet, wëll ech soen, dass et iwwerhaapt net sou gemengt ass. Et ass just genee d’Absence vu sou wuel iwwerluechten Kommentaren, déi mech dovu fort beweegt hu selwer Kritiken ze verfaassen.

  2. Merci. Wann ech méi Zäit hätt géing ech vill méi Kritike / Kommentare schreiwen… Géing mech awer freeën, wann s de et net opgëss Kritiken ze schreiwen. Och, oder grad well, ech oft anerer Meenung sinn.

  3. Thierry,

    Just eng kleng Remarque: Stottern schéngt primär genetesch bedéngt ze sinn. Psychologesch Fakteuren (wéi en dominanten Papp, deen keng Schwächten erlaabt – oder Stress allgemeng) maachen den eigentlechen Problem duerno just méi oder manner offensichtlech. Stotteren als Konsequenz vun engem Trauma schéngt extrem rar a ass och dann éischter zäitlech begrenzt. Am Géigensaz zum ‘normalen’ Stotteren, dat heescht deem Stotteren vun Ufank un. Wou Sprooch-, Otem- an och ‘Selbstbewosstseins’-Therapien de Problem zwar kompenséieren, awer an deenen mannsten Fäll wierklech oder komplett heelen, kënnen.

  4. Stëmmt gréisstendeels. 5% vun Kanner stotteren tëscht 2 an 5 Joer, bei dem gréissten Deel verschwënnt et awer erëm, well et net genetesch ass, mä just d’Zurechtkommen mat komplexer Syntax. D’Etiologie ass eigentlech nach ëmmer net wierklech schlësseg, mä et weist villes doropper hin, dass d’Stotteren en Zesummespill vu Genetik an äußeren Aflëss ass, an net nëmmen eppes vun deenen zwee. An déi äußer Aflëss goufen et beim Prënz Albert, well en huet eréischt mat 6 Joer ugefaange mat Stotteren.

  5. Ech kennen dem Albert seng Detailer net, duerfir kann ech dat net jugeieren.

    Obwuel och beim him wahrscheinlech eng genetesch Predispositioun dierft do sinn. En plus ginn et jo emmer individuell Ennerscheeder teschent de Lait, de Problem ass jo och net bei all Stotterer d’selwecht staark resp. dei eng kënnen den Handicap besser oder mei liicht kompenseieren wei anerer. Ech fannen halt just et muss een mat desen Trauma-Theorien oppassen. Well et get wei gesot weineg Beleeger dofir.

    Mee natierlech kann en strengen an onverständnisvollen Papp d’Stotter-Potential ‘triggeren’ oder den schon existenten Problem mei grouss maachen. Ech gleewen allerdengs net, dass Lait mat ‘normalen’ Gehirer duerch Stress etc kënnen zu liewenslaangen Stotteren gemaach ginn.

    Nujee, ass och egal. Wat wichteg ass, an wat de Film jo anscheinend riwwerbréngt (ech hunn en nach net gesinn), ass dass Stotteren net equivalent mat Idiotie an intellektueller Beschränktheet ass. Wat fréier (an och haut nach?) awer leider och an Filmer oft insinuéiert gouff.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *