All Along the Watchtower

Zwiellef. Ee bescheuerte Sproch, méi war et net. Well een als richtege Jong Meedercher eekleg fënnt, oder zumindest komesch genuch fir vun hinnen wëllen ewech ze bleiwen. Ech lafen de Bierg erop zeréck bei d’Schoul well d’Paus eriwwer ass, mä während mer nach hallef eisen domme Sproch ruffen, klaakt et gewalteg. Ech weess net méi wou ech dru sinn, ewéi wann ee mech an d’Luucht gehuewen, am Krees gedréit an mech anstänneg gerëselt hätt bis et mer schwindeleg an schummereg ginn ass.
Ech froen mech, ob ee ka süchteg ginn no deem Gefill. Darf ich dich behalten? huet de Casper d’Kat gefrot, an déi Fro ass bis haut bei mer bliwwen. Kann et eng Fro ginn, déi d’Verléiftsi besser erfaasst?

Dräizéng. Ech gesinn deng Ski duerch d’Luucht fléien. Déi aner mierken näischt fueren weider, mir zwee sinn déi Lescht. Ech sinn net besonnesch gutt, dat hei ass eréischt meng zweet Skivakanz. Wéi oft kann een seng Fantasie vum Retter an der Nout schon ausspillen — mä dat ass mer grad vollkommen egal. Ech froen, ob s de der wéi gedoen hues an hëllefen der nees zeréck op d’Been. Mir fueren lues niefteneen weider, an wéi mer de Recht vum Grupp anhuelen an ech gefrot ginn ob ech gefall wier, soen ech d’Wourecht.
D’Wourecht ass esou eng Saach. Muenchmol huet se zwou Säiten an et ass net ëmmer einfach sech fir déi richteg Säit z’entscheeden, well et objektiv keng richteg Säit gëtt. Verléift sinn, heescht dat net ganz genau wëssen wat ee wëll? A wann een zweemol verléift ass?

Véierzéng. Muenchmol ass alles esou einfach ewéi beim Fläschendréien déi richteg Persoun z’erwëschen. Sech d’Hand onbewosst ze ginn, wann een an der Mëttespaus an d’Stad leeft well eng Glace beim Veneziano vill besser kléngt ewéi fetteg Chicken Nuggets aus der Kantin oder ee steenhaart Bréitche vum Fischer. Am Kino den Aarm ëm een ze leeën ouni fir d’éischt esou ze maachen ewéi wann een gaapst an sech streckt. Fir eemol sinn ech net als éischte verléift. Dat ass komesch well et nei ass.
Éischtens kënnt alles anescht. Net all Léift ass déi, déi een nervös froen léisst fir eng Kéier eppes zesummen drénken ze goen. Muenchmol ass et déi Léift, déi een eréischt no Joeren wierklech versteet an et dann endlech kann ausspriechen.

Fofzéng. Et gouf nëmmen ee Grond firwat ech mech ëmmer esou gehetzt hunn fir aus dem Jongelycée erauszekommen: eis Schoulweeër hunn sech bei der Theaterstuff gekräizt. Du bass heem getrëppelt, ech sinn hannert de roude Lycée de Bus huelen gaangen. Ech mengen, deen Arrêt gëtt et haut net méi – elo heescht dat Päerdsmaart, an ass op der Säit vum Glacis. De Bus deen ech deemools geholl hunn, fiert awer scho laang net méi iwwert de Lampertsbierg.
Verléift sinn misst een emol erëm eng Kéier. Esou richteg. Muenchmol iwwerkënnt mech déi Angscht, dass een sech just als Teenager ka richteg verléiwen. Mam Kribbelen am Bauch an dem Zidderen an de Been. Heiansdo erwächen ech moies a froe mech wien ech eigentlech nieft mer am Bett soll vermëssen.

Siechzéng. De ganze Summer duerch hunn ech ëmmer erëm un dech geduecht. Ech weess emol net wéi s de heeschs an denken mer och näischt wierkleches dobäi, dass de muenchmol a menge Gedanke bass. Ech gesinn dech an der Schoulzäit all Dag am Bus moies, muenchmol am Haff, am Bus mëttes. Mir trëppelen de selwechte Wee heem. Du zéng Meter viru mir, ech zéng Meter virun dir. Deemno wéi mer eben am Bus souzen an wien als éischten erausgeklommen ass. Du bass en Deel vu mengem Alldag ouni en Deel vu mengem Liewen ze sinn. Haut ass alles anescht. Haut klëmms du an de Bus eran, an ech muss kämpfen fir vun all deem Gléck net futti ze goen.
Muench Deeg weess ech emol net méi, wéi dat sech ufillt, dat Verléiwtsinn. Ech kann et rationaliséieren, weess wat am Kierper geschitt, mä et empfannen? Nee, dat geet net. Wann ech ee Moment a mengem Liewen kéint wielen fir en z’änneren, dann wier et dee Moien am Bus. Do nach eemol ufänken, an eng nei Cascade ausléisen déi alles verännert, well do huet alles ugefaangen an do huet alles opgehalen.

One thought on “All Along the Watchtower”

  1. “Verléift sinn misst een emol erëm eng Kéier. Esou richteg. Muenchmol iwwerkënnt mech déi Angscht, dass een sech just als Teenager ka richteg verléiwen. Mam Kribbelen am Bauch an dem Zidderen an de Been. Heiansdo erwächen ech moies a froe mech wien ech eigentlech nieft mer am Bett soll vermëssen.”

    “Muench Deeg weess ech emol net méi, wéi dat sech ufillt, dat Verléiwtsinn. Ech kann et rationaliséieren, weess wat am Kierper geschitt, mä et empfannen? Nee, dat geet net.”

    Word.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *