Wer hat uns verraten? Sozialdemokraten!

Grad op RTL gelies:

Mir hunn e bëssche vergiess, datt do Mënsche liewen, och Demokratie wëllen an och matschwätze wëllen, sou den Asselborn zu Bréissel.

Putain. Méi wéi dem Frank-Walter Steinmeier säi Fanger ze lutschen ass wuel einfach net dran. Oder, och schéin: “Do sinn seng 2 Gehirzellen rëm aneneen geknuppt.”

11 thoughts on “Wer hat uns verraten? Sozialdemokraten!”

  1. Ech fannen dat do eng kéng an éierlech Ausso vun him. All Respekt.
    Do ass just eppes verkéiert, wann een eppes falsches gesi wëll.

  2. Wat dorunner esou falsch ass, ass datt een als Ausseminister d’Aufgab huet ze wëssen, wat an anere Länner leeft, an net just de schéine Männchen maachen ze goen.

    Serge, dofir steet den Tweet jo do. ;)

  3. Obwuel ech och fannen dass eisen Ausseminister normalerweis net ‘the brightest bulb in the room’ ass, gesinn ech awer och lo hei net direkt wat sou falsch oder schlecht drun ass … ?

  4. Hien gëtt e Feeler an, wat jo awer eigentlech ganz richteg ass. Donieft ass et jo net esou wéi wann jiddereen säit Joeren sech driwwer géif iergeren wat fir e schlëmme Fanger de Mubarak ass, a just den Asselborn an d’LSAP géifen am Eck sëtzen a soen: “‘t ass am Fong kee schlechte Kärel.” D’Ausso ass ganz kloer: mir hunn, well mer eis ze vill drop fokusséiert hunn, wat de Mubarak an der Aussepolitik bréngt, vergiess ze hannerfroen wat mat de Leit a sengem Land lass ass. Ech fannen däi Bäitrag e bësse suggestiv, dofir.

    (Wann de Jerome an ech enger Meenung sinn, muss et jo awer bal richteg sinn.)

  5. Dir hutt alleguerten e bëssen Recht, wahrscheinlech. Also, engersäits waren et sécherlech just net den Asselborn an d’LSAP déi “vergiess” hunn, wéi et ëm d’Demokratie an Ägypten steet, anerersäits ass et awer och net falsch, ze soen, dat et d’Aufgab vun engem Ausseminister ass, genee esou eppes eben ze wëssen an net ze vergiessen. Dat hien dat zou gesteet (Trennt een am Lëtzebuergeschen “zougestoen” bei esou engem Saz? Weder luxogramm nach de Spellchecker gi mir do wierklech Kloerheet!) ass per se keng schlecht Saach. D’Fro ass, wat en lo dorausser mëscht an wat d’Konsequenzen fir déi lëtzebuergesch Aussepolitik sinn.

  6. stëmmen dem thierry zuer ofwieslung zou an verstinn sain usaatz ganz gudd

  7. Joël: absolut d’accord, mat deem wat s de sees. Mä dat Argument bréngt den Thierry jo réischt an de Kommentaren an et geet net wierklech aus sengem Artikel vir. Wéi ech dat gelies hunn, hat ech net wierklech verstan wou de Problem mat der Ausso u sech ass, a wat dat ganzt mat der LSAP als Partei ze dinn huet.

    Da si mer eis jo lo alleguer eens! Allez, ech spendéieren eng Boule Glace fir et ze feieren. Juchee!

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *