New Age Fun with a Vintage Feel

“Wëlls du net och eng Linn zéien,” freet en, während en ee Schäin rullt. “Eemol ass keemol, an et soll een alles am Liewen eng Kéier probéieren.”
“Dréi léiwer een Joint,” änweren ech a schmäissen ëm eng Tut Gras op de Schreifdësch déi op sengem Bett louch. “Schnéi bréngt et net.”
“Ech sinn nach ëmmer erstaunt, dass du kiffs, sou gesäiss du guer net aus,” héieren ech säi Matbewunner duerch säi bëllegen australesche Wäin blubberen, deen en aus engem McDonald’s Colabecher drénkt.
Genau dofir vermëssen ech Studentenheemer net, denken ech, a wëll schon meng Jacket huelen an heemgoen. Eigentlech sinn ech nëmmen hallef hei. Ech hänken déi ganzen Zäit mam Meedchen um Telefon, op enger anerer Hausparty, 200 Kilometer ewech.
“Ech weess net wéi ech glécklech soll ginn,” seet e während en zidd. “Wat sinn ech iwwerhaapt?”
“E Mënsch,” soen ech während ech déi neisten SMS liesen. Fotoen versprécht et mer, vu sengem Kostüm. Ech weess net, op ech mech dorobber soll freeën. Ëmmer, wann Fotoen vun him a mengem Newsfeed opdauchen, ass dat eng Mëschung tëscht Virwëtz, Freed an Jalousie. Virwëtz well et den SMSen eng aner Dimensioun gëtt. Freed, well ech gesinn, dass et him gutt geet. Jalousie, well all déi Leit ronderëm hatt wahrscheinlech guer net ze schätzen wëssen, wat fir eng Chance si hunn an trotzdem physesch esou vill méi no bei him sinn ewéi ech.
“Ech ruffen mengem Dealer un, wëll nach een eppes,” rifft de Matbewunner während en zur Dier erausgeet Richtung Kichen. E kritt wuel zimlech schnell d’Munchies. “£20 fir Lemon Haze, kann dat nëmmen emfeelen.”
D’Amerikanerin schwärmt vum Danny, Jessie an Joey, a mir décidéieren esou schnell wéi méiglech ee Full House Binge z’organiséieren. Dovunner verspriechen mer eis allenzwee méi Spaass wéi vun deem wäisse Pudder, dee mëttlerweil an enger Dosë Linnen iwwer de ganze Schreifdësch läit.
“Wëlls du wierklech net? Du sëtz hei ouni matzemaachen,” nuschelt en, während en sech e bëssen iwwert d’Zännfleesch schmiert.
“Ech sinn hei fir d’sozial Experienz,” erwiederen ech. “Human Traffic ass ee kranke Film, ech wëll wëssen wat stëmmt. Ausserdeem gesäit dat do net no Spaass aus, wéi der permanent är Nues eropzidd.”
Hien hëlt eng Schlupp Waasser aus senger säit Wochen ongespullter Taass, a gräift nom McDonald’s Colabecher, deen säi Matbewunner um Buedem nieft dem Bett stoe gelooss huet. Dee kënnt grad erëm eran. En Hamburger mat allem drëm an drun an esouvill Fritten, dass se ëm ronderëm vum Teller falen. Dat sinn emol Munchies déi dowärt sinn. Vläit hat en och schon méi staark Saachen intus, ier e bei eis koum. Esou eppes geschitt am McClusky’s, deen jiddereen just McSlutsky’s nennt, well ee mat all bëllegem Meedchen eng nei Geschlechtskrankheet inklusiv kritt. Stellt iech de White fir, awer op der Stroossbuerger Strooss.
“Ech wëll an de Bacchus,” déklaréiert en. “Dat hei mécht mech total flippeg.” E klappt mat senger Studentekaart op den Dësch. Besonnesch schlau ass dat bestëmmt net, Koks un der Studentekaart ze hunn. Mä dat ass säi Problem, an ech sinn net hei fir opzepassen. Ech sinn hei aus perversem Virwëtz. “Bacchus. Kommt mir ginn an de Bacchus, et ass halwer eng, mir hunn just nach eng hallef Stonn fir eranzekommen.”
Am Bacchus schafft engem Kolleeg seng kleng Schwëster. Do weisen ech mech bestëmmt net mat drogéierte Leit elo. “Du hues se jo net méi all,” ruffen ech, “du bass komplett zou an dicht, du kënns ni am Liewen do eran, du gees der héchstens eng sichen.”
“Ech sinn esou eppes vu glécklech hei, ech beweegen mech keen Zantimeter méi,” erklärt de Matbewunner, an stécht déi zweet Hallschent vum Hamburger op ee Coup eran.
Ech décidéieren, dass et definitiv genuch ass mat dem perverse Virwëtz, an ausserdeem hat ech mer Leit op Drogen méi ënnerhalsam virgestallt. Ech huelen meng Jacket, a soen jidderengem äddi. Hien stécht seng Studentekaart an d’Täsch a seet e kéim nach mat erof. An der Haaptentrée begéinen mer engem Meedchen, dat hien anscheinend kennt, well si diskutéieren iergendeppes an senger Mammesprooch. “Mir ginn eis bei de Floss setzen an fëmmen nach bëssen därs gudde Stoff,” flüstert en während e mer d’Hand gëtt fir äddi ze soen. Hien schwätzt kuerz mam Sécherheetspersonal, déi en all mam Numm kennen, an e froen wéi et ëm geet. Hien erklärt, en hätt e puer Shots zevill gehat, an un hieren Aan ass z’erkennen, dass si dat tatsächlech gleewen.
Véierzeg Minuten Heemwee hunn ech vun hei, wann ech mech kann erënneren wéi genau ech zeréck an de Stadzentrum kommen. Ech schreiwen dem Meedchen eng lescht SMS, froen wéi seng Party ass, soen ëm, ech géing elo heemtrëppelen an ëm muer uruffen. Hatt änwert net méi. Villäicht schléift et schon, oder et huet vill Spaass. Ech stierchen den Handy an d’Täsch a mierken, dass alles doud ass. Vun zwou Messerpickereien, dovunner eng déidlech, an dräi Schéissereien, dovunner dräi, hunn ech de Moien gelies. Alldeeglech Headlines an dëser Stad. Mä esou onsécher hunn ech mech nach ni soss enzwousch gefillt. Villäicht hunn ech och einfach nëmmen e bësse Gras ageotemt, an dat mécht paranoid. Dat ass Blödsinn, dat hat ech zu Amsterdam jo och ni. De Reen fänkt u méi schlëmm ze ginn, fir eng Kéier hunn ech Gottseidank mäi Prabbeli net vergiess. London, du bass definitiv interessant, mä du bass wierklech net meng Stad.

2 thoughts on “New Age Fun with a Vintage Feel”

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *