25

Ech hunn déi beschte Frënn vun der Welt. Souer ewéi de Cyrille zum Beispill, deen ee wonnerbaren Artikel iwwer mech op senger Säit geschriwwen huet fir mäi Gebuertsdag. All déi Leit, déi mer gewënscht hu fir eng Zuel, déi mer ëmmer grouss virkoum an déi mer elo eigentlech guer net wichteg virkënnt. Meng Famill, déi mer SMSen an Emailen geschéckt huet. An déi Leit, mat deenen ech déi lescht Deeg iwwer gefeiert hunn.

Et war eng memorabel Woch. D’leschten Dënschdeg war ech um Launch vun Daps 2011, déi Anthologie vun där ech 2009 selwer Editeur war. Ech hunn vill Leit erëmgesinn, mech mat fréiere Proffen ënnerhalen, an et war déi éischte Kéier zanter mer erausgeplënnert sinn, dass ech mat all mengen fréiere Matbewunner vum leschte Joer zesumme war (bis dohinner huet ëmmer een/t gefeelt wa mer eis gesinn hunn). Mëttwochs war ech op der Porte Ouverte fir Schüler z’iwwerzeegen déi Uni ze wielen. Dat huet sech verdammt komesch ugefillt, engersäits do ze sëtzen an mech z’erënneren wéi ech selwer ee vun deene Schüler war just fënnef Joer éischter, anerersäits well ech virun all deene Leit vun der Proff virgestallt gouf ewéi wann ech eng wichteg Persoun wier.
Nodeems ech dunn zwee Deeg u mengem Essai geschafft hunn, souz ech e Samschdeg mam Meedchen beim Mier a sinn dono asiatesch iesse gaangen. Sonndes nomëttes hunn ech mer zwee Filmer eragezunn (The Adjustment Bureau a Limitless – den Éischte war wierklech gutt, deen Zweeten éischter meh), an owes… Ja. Virun der Gare hunn zwee Toperten eng pasty op ee Kolleeg a mech geschoss, wat ech net derwäert fonnt hunn mer eng bluddeg Nues sichen ze goen. Mäi Kolleg huet awer gemengt, hien kéint mat hinnen argumentéieren, a krut dofir eng Fauscht an d’Gesicht. D’Police geruff, déi koum mat engem SWAT Van, a während se eis Temoignagen opgeschriwwen hunn, kruten se gesot déi zwee wieren op CCTV gesi ginn. Séier an den Auto, séier, séier! An duerch d’Stad gedonnert ewéi wann et géing drëm goen ee Liewen ze retten. Schlussendlech sinn déi zwee op enger Tankstell gesi ginn, an mat dräi Policeautoen an dem SWAT Team déi d’Tankstell gestiermt hunn ewéi wann een Terrorist dobanne séiz, hunn se déi zwee 16 Järeg festgeholl. Et war e bëssen ewéi Hollywood, ouni Explosiounen. Mä dofir huet deen een vum SWAT Team ausgesinn ewéi dem Hugh Dillon säin Zwillingsbrudder. Mäi Kolleg war Gottseidank net verletzt, an no 45 Minutten Temoignagen opschreiwen an der Erklärung, déi zwee géingen elo mol d’Nuecht an der Zell verbréngen an den Dag drop formell ugeklot ginn wann hier Erzéiungsberechtegt do sinn, si mer heemgaangen, wou ech mam Meedchen an sengen Matbewunnerinnen emol nach ee Film gekuckt hunn, How to Train Your Dragon, well mäin Adrenalinpegel total um Ofsacke war an ech just nach wollt de Verstand ofschalten. Ech war ëmmerhi scho bal ee Véirelsjoerhonnert al, do muss een op säin Häerz oppassen!
Op mengem Gebuertsdag selwer krut ech fir d’éischt emol vum Meedchen gekacht (esou léisst et sech liewen), an nodeems mer eis Kick-Ass ugekuckt haten, goung et an de Café wou scho Leit op eis gewaart hunn. Ech krut Gebuertsdagskaarten, et gouf gedronk, et gouf giess, et gouf gelaacht, an et gouf Miles Davis an Lemon Jelly op der Jukebox gespillt. Ech hunn een Pineapple Upside Down Cake mat waarmer Vanilleszooss giess (SOU GUTT!) an um Enn sinn ech schwéieren Häerzens awer glécklech an de Bus geklommen a war gëschter Moien fréi erëm zu London.
Ech hunn déi beschte Frënn vun der Welt.

Write Out Loud

Et ass esouwäit! De Joshi Gottlieb, d’Claudine Muno, d’Laetitia Kaiser, d’Sarah Pepin, d’Vanessa Wujanz, de Jacques Schiltz, de Joël Adami, an ech hunn d’leschte Summer eng CD mat eegenen Texter opgeholl, déi elo vun Op der Lay verëffentlecht gouf. Si huet ee wierklech schéine Cover, an d’CD selwer gesäit aus wéi eng kleng Schallplack. Et ass scho bal ee Sammlerstéck!
Méi Informatiounen, souwéi kuerz Beschreiwungen vun den Auteuren kritt der op onser Säit Write-Out-Loud.lu, wou der d’CD fir nëmmen €8 bestellen kënnt (an dir kritt se souguer gratis op eng lëtzebuergesch Adress geschéckt).

“Alles esou, ewéi s du der et wënschs”

Стиляги ass ee russesche Film vun 2008, dee mech méi iwwerascht huet ewéi esou zimlech alles, dat ech a leschter Zäit gesinn hunn. Стиляги ass déi kyrillesch Schrëftweis fir Stilyagi, an d’Stilyagi waren eng Subkultur an der Sovietunioun déi et vun de spéiden 1940er bis Ufank den 1960er gouf. Eng Subkultur, déi géint alles stoung, wat d’Sovietunioun representéiert huet: si hunn sech faarweg a modern (d.h. amerikanesch) ugedoen, si hunn Jazz a Rock gelauschtert, si hunn gären stilvoll gefeiert an si hunn näischt méi gehaasst ewéi sech d’selwecht ze verhalen ewéi all déi aner. Si waren net gären gesinn, an si sinn och oft verfollegt ginn. Well Placken schwéier ze kréien waren, hunn se an de 1950er ugefaangen, Lidder op entwéckelt Röntgebiller ze kopéieren. Esou absurd ewéi dat kléngt, dat ass kee Witz. Wien erwëscht gouf, ass bis zu fënnef Joer an engem Aarbechtslager gelant.

Op Englesch heescht de Film Hipsters, well se keng méi bescheuert Iwwersetzung fonnt hunn. Mä dat mécht awer näischt, de Film bleift fantastesch. Ee russesche Musical, deen an der Sovietunion spillt – wien hätt sech esou eppes erwaard?
Visuell ass de Film héich effektiv: déi bont Welt vun de Stilyagi gëtt iwwerstiliséiert an mat intensive Faarwen duergestallt, a mat dynamesche Kameraopnahmen agefaangen, während d’Welt vun de Komeroden steif a gro wierkt.

D’Handlung ass doriwwer eraus denkbar simpel: de Mels (Anton Shagin) ass ee Konformist, deen d’Stilyagi foltert andeems en hinnen zesummen mat Komeroden d’Hoer ofschneid an d’Kleeder futti rappt. Doduercher léiert hien d’Polly (Oksana Akinshina) kennen, an ass direkt verschoss. Hien décidéiert, selwer zu engem Stilyaga ze ginn an streckt lues a lues seng Fühler an déi Welt aus. E gëtt net direkt mat oppenen Ärm emfaangen, an e puer Mol gëtt mat ëm de Geck gemaach. Lues awer sécher akzeptéieren déi aner hien awer, an de Mel, ewéi en elo heescht, ass fest an där Welt verankert.
Et kënnt, ewéi et komme muss: d’Polly verléiwt sech och an de Mels, an de Film entwéckelt sech relativ fréi a schnell zu enger Liebesgeschicht, déi méi Ecken a Kanten huet ewéi déi ofgeschnidde Röntgebiller.

De Film stellt net vill politesch Froen. Eigentlech stellt e guer keng. E konzentréiert sech virun allem op d’Stilyagi an d’Welt ronderëm si, an erzielt d’Geschicht vum Mel a Polly op eng Art a Weis, déi an hierer Onschold muenchmol esou verdammt wéi deet ewéi net vill aner Filmer. Wann de Mel owes heemlech am Bett mat der Täscheluucht läit Stréchmännëscher an engem Buch ze kucken fir ze léieren ewéi Sex funktionéiert, wierkt dat fir haut zwar lächerlech, illustréiert awer eng Wourecht, déi deemols nach méi gestëmmt huet ewéi haut: Sex ka verdammt vill Angscht maachen, a nach vill méi, wann een guer keng Méiglechkeet huet erauszefannen, wat genau beim Sex iwwerhaapt geschitt. Hei ass den Anton Shagin wierklech eng Révélatioun: just mat senge Gesiichtsausdréck bréngt en alleguerten déi Emotiounen op de Bildschierm.

Стиляги ass ee “feel-good” Film. Et freet een sech richteg beim Kucken, an och wann et donkel Momenter ginn, et gëtt engem richteg waarm ëm d’Häerz wann een sech vun där Welt fessele léisst – an sech vun där Welt fesselen ze loossen gëtt engem wierklech einfach gemaach.
Den Trailer hunn ech op YouTube leider just ouni Ënnertitelen fonnt, mä vu dass et gréisstendeels just Musék ass, dierft dat iech trotzdem ee gudden Androck vum Film maachen.

Scratch Marks On Green Tea Leaves

Non giocano più. Ma io… io voglio giocare – sempre giocare. Hatt fällt mer ëm den Hals, ewéi nëmmen ee mat vill Alkohol am Blutt engem kann ëm den Hals falen. Déi zwieleft Ronn Jägerbommen gëtt grad bestallt, ech verstinn net ewéi hier Lieweren dat matmaachen. Ech hat der zwou, an dat ass mir duergaangen. Net, well dat mer schon de Recht ginn hätt, mä well se mer schmaachen, an no zwou war de Goût dono gestëllt. Londoner kennen keng Limiten, mengen ech. Fäerten ech.
Sechs Méint. D’lescht Nuecht hunn ech no Appartementer zu Cardiff gesicht, einfach esou. Well mer langweileg war, an well ech um Punkt ukomm sinn, wou ech vu London fir de Recht vu mengem Liewen genuch hunn. Ech hunn der Stad eng Chance ginn, eng Zäit laang hunn ech gemengt ech kéint hei Gléck fannen, mä näischt dovunner ass geschitt. Ech sinn ni hei ukomm, well ech ni wierklech Wales verlooss hunn. 95% Walliser – ech hunn déi Kultur als meng eegen ugeholl, ech hunn esouguer e bëssen vun der Sprooch geléiert. Hei kucken ech mech ëm, a menger Wunneng, déi dat dräifacht kascht vun deem fir dat ech zu Cardiff eng Wunneng mat Mieresbléck an duebeler Quadratmeterzuel kréich. D’Këssen am Eck richt nach ëmmer e bëssen nom Meedchen, wann ech net esou faul wier, hätt ech deen Iwwerzuch längst gewäsch. Mä et gefält mer och iergendwéi, dass do nach eppes ass, wat mech un d’Meedchen erënnert. Nach zwou Wochen, dann klammen ech erëm an de Bus an verbréngen eng Nuecht bei him. Eng Nuecht, wat ass dat schon ausser d’Éiwegkeet déi mer hei esou feelt.
Ech otmen e bëssen vum Joint an, deen a meng Richtung geblose gëtt, an huelen d’S. an den Aarm. Dat Schéint un eiser Frëndschaft ass, dass et keng Froen ginn. Kee Watwierwann. Keen Dubassméifirmech. Well eis Häerzer allebéid fir anerer schloen, während ronderëm eis d’Bezéiungen auserneen falen, well d’Leit behaapten si wiere verléift, an trotzdem mat aneren schlofen. Well d’Leit behaapten si wiere Romantiker, awer matmaachen wann een iwwer se hierfält.

Non giocavano mai. E io… io voglio giocare – giocare altrove. Géings du fir deng nei Kolleegen zu London bleiwen, freet d’H. mech. Wann ech esou driwwer nodenken, hunn ech wierklech just eng Persoun tatsächlech an d’Häerz geschloss, vun där et mer leed deet wann ech se net all zweeten Dag gesinn. Si froen mech hei all, wisou ech net mäi ganzt Privatliewen duerch de Café posaunen, esou ewéi de Recht vun hinnen. Ech soen: ech sinn ee private Mënsch. D’Wourecht denken ech mer: ech hunn iech getest, ob ech iech vertrauen kann, an dir sidd mat der Panz duerchgefall. Dat ass ganz okay. Ech hu meng Frënn, an ech weess wou déi sinn. An dohinner ginn ech zeréck.

So dov’è quest’ “altrove”: dove giocano. Ech drécken d’S. instinktiv, wéi ech realiséieren, dass deen Äddi mer wäert verdammt wéi doen. This is what we call a cwtch, soen ech. Sou wéi ech an de leschte Méint ëmmer erëm op Cardiff gefuer sinn, esou fueren ech an Zukunft op London. Ech weess elo ouni Zweiwel wou Doheem ass: villäicht hunn ech missten vun do fort, fir ze verstoen, dass dat tatsächlech déi Plaz ass wou ech higehéieren, a net nëmmen eng Plaz wou ech mech eben agelieft hat. Ech hunn een Doheem – ass dat net wonnerbar?