Scratch Marks On Green Tea Leaves

Non giocano più. Ma io… io voglio giocare – sempre giocare. Hatt fällt mer ëm den Hals, ewéi nëmmen ee mat vill Alkohol am Blutt engem kann ëm den Hals falen. Déi zwieleft Ronn Jägerbommen gëtt grad bestallt, ech verstinn net ewéi hier Lieweren dat matmaachen. Ech hat der zwou, an dat ass mir duergaangen. Net, well dat mer schon de Recht ginn hätt, mä well se mer schmaachen, an no zwou war de Goût dono gestëllt. Londoner kennen keng Limiten, mengen ech. Fäerten ech.
Sechs Méint. D’lescht Nuecht hunn ech no Appartementer zu Cardiff gesicht, einfach esou. Well mer langweileg war, an well ech um Punkt ukomm sinn, wou ech vu London fir de Recht vu mengem Liewen genuch hunn. Ech hunn der Stad eng Chance ginn, eng Zäit laang hunn ech gemengt ech kéint hei Gléck fannen, mä näischt dovunner ass geschitt. Ech sinn ni hei ukomm, well ech ni wierklech Wales verlooss hunn. 95% Walliser – ech hunn déi Kultur als meng eegen ugeholl, ech hunn esouguer e bëssen vun der Sprooch geléiert. Hei kucken ech mech ëm, a menger Wunneng, déi dat dräifacht kascht vun deem fir dat ech zu Cardiff eng Wunneng mat Mieresbléck an duebeler Quadratmeterzuel kréich. D’Këssen am Eck richt nach ëmmer e bëssen nom Meedchen, wann ech net esou faul wier, hätt ech deen Iwwerzuch längst gewäsch. Mä et gefält mer och iergendwéi, dass do nach eppes ass, wat mech un d’Meedchen erënnert. Nach zwou Wochen, dann klammen ech erëm an de Bus an verbréngen eng Nuecht bei him. Eng Nuecht, wat ass dat schon ausser d’Éiwegkeet déi mer hei esou feelt.
Ech otmen e bëssen vum Joint an, deen a meng Richtung geblose gëtt, an huelen d’S. an den Aarm. Dat Schéint un eiser Frëndschaft ass, dass et keng Froen ginn. Kee Watwierwann. Keen Dubassméifirmech. Well eis Häerzer allebéid fir anerer schloen, während ronderëm eis d’Bezéiungen auserneen falen, well d’Leit behaapten si wiere verléift, an trotzdem mat aneren schlofen. Well d’Leit behaapten si wiere Romantiker, awer matmaachen wann een iwwer se hierfält.

Non giocavano mai. E io… io voglio giocare – giocare altrove. Géings du fir deng nei Kolleegen zu London bleiwen, freet d’H. mech. Wann ech esou driwwer nodenken, hunn ech wierklech just eng Persoun tatsächlech an d’Häerz geschloss, vun där et mer leed deet wann ech se net all zweeten Dag gesinn. Si froen mech hei all, wisou ech net mäi ganzt Privatliewen duerch de Café posaunen, esou ewéi de Recht vun hinnen. Ech soen: ech sinn ee private Mënsch. D’Wourecht denken ech mer: ech hunn iech getest, ob ech iech vertrauen kann, an dir sidd mat der Panz duerchgefall. Dat ass ganz okay. Ech hu meng Frënn, an ech weess wou déi sinn. An dohinner ginn ech zeréck.

So dov’è quest’ “altrove”: dove giocano. Ech drécken d’S. instinktiv, wéi ech realiséieren, dass deen Äddi mer wäert verdammt wéi doen. This is what we call a cwtch, soen ech. Sou wéi ech an de leschte Méint ëmmer erëm op Cardiff gefuer sinn, esou fueren ech an Zukunft op London. Ech weess elo ouni Zweiwel wou Doheem ass: villäicht hunn ech missten vun do fort, fir ze verstoen, dass dat tatsächlech déi Plaz ass wou ech higehéieren, a net nëmmen eng Plaz wou ech mech eben agelieft hat. Ech hunn een Doheem – ass dat net wonnerbar?

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *