“Alles esou, ewéi s du der et wënschs”

Стиляги ass ee russesche Film vun 2008, dee mech méi iwwerascht huet ewéi esou zimlech alles, dat ech a leschter Zäit gesinn hunn. Стиляги ass déi kyrillesch Schrëftweis fir Stilyagi, an d’Stilyagi waren eng Subkultur an der Sovietunioun déi et vun de spéiden 1940er bis Ufank den 1960er gouf. Eng Subkultur, déi géint alles stoung, wat d’Sovietunioun representéiert huet: si hunn sech faarweg a modern (d.h. amerikanesch) ugedoen, si hunn Jazz a Rock gelauschtert, si hunn gären stilvoll gefeiert an si hunn näischt méi gehaasst ewéi sech d’selwecht ze verhalen ewéi all déi aner. Si waren net gären gesinn, an si sinn och oft verfollegt ginn. Well Placken schwéier ze kréien waren, hunn se an de 1950er ugefaangen, Lidder op entwéckelt Röntgebiller ze kopéieren. Esou absurd ewéi dat kléngt, dat ass kee Witz. Wien erwëscht gouf, ass bis zu fënnef Joer an engem Aarbechtslager gelant.

Op Englesch heescht de Film Hipsters, well se keng méi bescheuert Iwwersetzung fonnt hunn. Mä dat mécht awer näischt, de Film bleift fantastesch. Ee russesche Musical, deen an der Sovietunion spillt – wien hätt sech esou eppes erwaard?
Visuell ass de Film héich effektiv: déi bont Welt vun de Stilyagi gëtt iwwerstiliséiert an mat intensive Faarwen duergestallt, a mat dynamesche Kameraopnahmen agefaangen, während d’Welt vun de Komeroden steif a gro wierkt.

D’Handlung ass doriwwer eraus denkbar simpel: de Mels (Anton Shagin) ass ee Konformist, deen d’Stilyagi foltert andeems en hinnen zesummen mat Komeroden d’Hoer ofschneid an d’Kleeder futti rappt. Doduercher léiert hien d’Polly (Oksana Akinshina) kennen, an ass direkt verschoss. Hien décidéiert, selwer zu engem Stilyaga ze ginn an streckt lues a lues seng Fühler an déi Welt aus. E gëtt net direkt mat oppenen Ärm emfaangen, an e puer Mol gëtt mat ëm de Geck gemaach. Lues awer sécher akzeptéieren déi aner hien awer, an de Mel, ewéi en elo heescht, ass fest an där Welt verankert.
Et kënnt, ewéi et komme muss: d’Polly verléiwt sech och an de Mels, an de Film entwéckelt sech relativ fréi a schnell zu enger Liebesgeschicht, déi méi Ecken a Kanten huet ewéi déi ofgeschnidde Röntgebiller.

De Film stellt net vill politesch Froen. Eigentlech stellt e guer keng. E konzentréiert sech virun allem op d’Stilyagi an d’Welt ronderëm si, an erzielt d’Geschicht vum Mel a Polly op eng Art a Weis, déi an hierer Onschold muenchmol esou verdammt wéi deet ewéi net vill aner Filmer. Wann de Mel owes heemlech am Bett mat der Täscheluucht läit Stréchmännëscher an engem Buch ze kucken fir ze léieren ewéi Sex funktionéiert, wierkt dat fir haut zwar lächerlech, illustréiert awer eng Wourecht, déi deemols nach méi gestëmmt huet ewéi haut: Sex ka verdammt vill Angscht maachen, a nach vill méi, wann een guer keng Méiglechkeet huet erauszefannen, wat genau beim Sex iwwerhaapt geschitt. Hei ass den Anton Shagin wierklech eng Révélatioun: just mat senge Gesiichtsausdréck bréngt en alleguerten déi Emotiounen op de Bildschierm.

Стиляги ass ee “feel-good” Film. Et freet een sech richteg beim Kucken, an och wann et donkel Momenter ginn, et gëtt engem richteg waarm ëm d’Häerz wann een sech vun där Welt fessele léisst – an sech vun där Welt fesselen ze loossen gëtt engem wierklech einfach gemaach.
Den Trailer hunn ech op YouTube leider just ouni Ënnertitelen fonnt, mä vu dass et gréisstendeels just Musék ass, dierft dat iech trotzdem ee gudden Androck vum Film maachen.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *