Blend

Dem Franck Tabouring säi Kuerzfilm Blend ass endlech fäerdeg. De Film ass nach net fräi fir de grousse Public, mä als ee vun de Leit an de Special Thanks konnt ech en de Moien scho kucken. De Film gëtt och grad u Festivaler geschéckt an demnächst op DVD gepresst. Dat soll mech awer net dovunner ofhalen, de Film elo schon ze rezenséieren.

Blend ass ee knapp 15-minüttege Kuerzfilm, geschriwwen a gedréit vum Exil-Lëtzebuerger Franck Tabouring a Kalifornien. De Film erzielt d’Geschicht vum Marcel (Nicolas Aliberti), dee viru Kuerzem gescheed gouf an sech zanterhier relativ dépriméiert duerch d’Liewe kämpft. Enges Dags fënnt hien op der Strooss eng Polaroidfoto vun engem Meedchen (Hali Hudson) a verléiwt sech direkt an et. Ee Liichtbléck – an net vill Hoffnung, et ausserhalb vu senger Fantasie jemols wierklech ze gesinn.
Blend liewt virun allem duerch dem Nicolas Aliberti seng grandios Leeschtung. De gréissten Deel vum Film ginn et keng Dialogen (tatsächlech muss ee bal bis an d’Hallschent vum Film waarden ier déi éischt Zeil gesot gëtt) an de Film kritt seng Stäerkt vun de Gesichtsausdréck, de wonnerbare Locations an dem herrleche Soundtrack. Gefilmt gouf mat enger Canon 7D an enger Zeiss Compact CP.2 Prime Lëns déi dem Film ee professionellt Ausgesinn erlaben – hei muss een allerdéngs och d’Talent vum Franck erwähnen wat color correction ugeet.
Wat mech bei de kuerze Preview Clips, déi ech virdru gesinn hat, e bëssen irritéiert hat, war d’Gewackels vun der Kamera, mä dat huet mech beim Kucken vum Film awer schlußendlech guer net gestéiert. Et ënnersträicht déi onroueg Gefillswelt vum Marcel an steet a Kontrast zu deem rouege Soundtrack.
Blend brécht iech d’Häerz. Jiddfereen vun eis weess, wéi dat ass wann eng Bezéiung op en Enn geet, an all déi kleng Ritualer déi de Marcel sech schaaft sinn, obwuel net déi eegen, vollkommen novollzéibar. Hei beweist de Franck ee groussartegt Fangerspëtzegefill fir ee Charakter z’erschafen, mat deem ee net einfach matfillt, mä mat deem een sech identifizéiere kann. Wann déi zwee Personnagen zu Hollywood Hills stinn an erof op d’Stad kucken, ergräift een déi Szen mat voller Kraaft. Villäicht huet deen Dialog ze no doheem ageschloen, well ech selwer zanter Méint domatter kämpfen mech an eng Stad anzeliewen vun där ech net weess op si mech net wëll oder ech si net, mä ech sinn dovunner iwwerzeegt, dass déi puer Zeilen och soss staark wieren. Well se fir jiddereen, deen schon eng Kéier verluer war, verständlech sinn.
Et goufen e puer Momenter am Film, wou ech Gänsehaut krut. Hollywood Hills war een dovunner. En aneren war de Schluss, deen ech iech elo hei net verroden wëll.

De Franck ass ee vun deene Leit, déi Film schon ëmmer geliewt hunn. RTL-Zuschauer kennen en eventuell nach aus senger Zäit beim Zinemag, anerer vu senge Kritiken op WorldCinema.lu. Ech ka mech nach gutt drun erënneren, ewéi onse Proff an der Filmoptioun ëmmer vun him geschwärmt huet (nach vill méi dat Joer, wéi de Franck op der Uni war an net méi bei eis an der Klass). En hat Recht. Hei ass een Talent, deen enges Dags ganz grouss kéinnt ginn – a mat der Leidenschaft mat där en schafft, ass dat praktesch onvermeidbar: säi nächste Film, I Am L.A. huet e scho gëschter ugekënnegt, an e kléngt ewéi eppes, dat ech direkt géing kucken.

An Erwaardung op d’ëffentlech Fräigab kënnt der op der offizieller Säit méi liesen, an e puer Stills gesinn.

One thought on “Blend”

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *