Kuerzkritiken, oder sou (8)

Thor. Haut ugelaf, war ech de Moien direkt an déi éischte Virstellung. Ech war bis elo nach ni um 11 Auer am Kino. Gekuckt hunn ech en an glorräichem 2D, well e gottseidank och als solche gelaf ass, an wat soll ech soen… de Film huet mech och an zwou Dimensiounen an seng Welt eragezunn. En ass wierklech groußarteg.
Den Thor gëtt vum Odin aus Asgard verbannt, well en géint den Uerder vu sengem Papp e Krich ufänkt. E verléiert säin Hummer a gëtt op d’Äerd geschéckt, wou en muss beweisen, dass e net nëmmen ee gudden Zaldot, mä och e weisen Leader ass. D’Spezialeffekter si wierklech propper, de Soundtrack ass top (Foo Fighters!) an de Cast ass bombastesch. Den Idris Elba als Heimdall – sou cool! A rennt net direkt eraus wann d’Credits um Schluss kommen, well et kënnt nach eng Szen dono.
10/10. Inklusiv Pluspunkt, wéinst dem Natalie Portman dat d’Einstein-Rosen Bridge erklärt (gëtt et eppes méi attraktives, wéi e schlaut Meedchen?)

Your Highness. Eigentlech wousst ech guer net, wat ech mer vun deem Film sollt erwaarden, well ech net emol en Trailer gesinn hat. Mä ech hunn wierklech anstänneg gelaacht. De Film mécht de Geck mat Märecher an Fantasy – an dat verdammt gutt an esou iwwerdriwwen, dass ech et deelweis guer net gleewen konnt. Et ginn esou bombastesch Dialogen wéi den béisen Zauberer deen zu der Jongfra an sengem Tuerm seet, “If your vagina is anything like my hand, we won’t have any problems.” Ausserdem weess ech elo, dass den James Franco einfach ëmmer bekifft ass, a net nëmmen wann en d’Oscars moderéiert.
8/10. Inklusiv Pluspunkt, wéinst dem Natalie Portman dat eng “adventurous slut” spillt.

Arthur. Jo, e Russell Brand Film. Wat soll ech soen – d’Helen Mirren ass eng fantastesch Schauspillerin, an dat war mer Grond genuch. De Film huet mech positiv iwwerascht. D’Geschicht ass net extrem déifgrënneg: räiche Jong vun 30 drénkt an schléift sech duerch d’Liewen an brauch nach ëmmer eng Nanny, gëtt dann forcéiert eng Fra ze bestueden déi e net ka leiden, a verléift sech an eng Touristeguide. Mä d’Geschicht ass häerzerwiermend. Si brécht iech d’Häerz esou richteg krass, mä virun allem ass et e feel-good Film. An dat geet heiansdo völlegen duer.
8/10. Inklusiv Pluspunkt, fir den John Hodgman als Manager vun engem Séissegkeetebutték.

Fast Five. Maacht roueg de Geck. De Film muss ee net gesinn hunn, wierklech net. Mä et ass zwou Stonnen laang schnell Autoen, vill Schéissereien, a schéi Meedecher. An aleng d’Verfolgungsjuegd um Schluss huet de Film wäert gemaach. Gleewt mer, esou eppes hudd der nach ni gesinn, well sou eppes bescheuert Iwwerdriwwenes gouf et nach ni. Falls der e sollt kucken goen, och hei gëtt et eng Szen no de Credits, an wann iech de Franchise och nëmmen am Geréngsten intresséiert, musst der iech dat eranzéien.
7/10. Inklusiv Pluspunkt, fir de bombasteschen Twist no de Credits… Woah.

3 thoughts on “Kuerzkritiken, oder sou (8)”

  1. Arthur ? Eeschthaft ? Wat remaken se eigentlech net ?
    Op Thor freen ech mech, an wann Your Highness an deem Stil Humor feiert deens de ernimms dann ass et neischt fier mech :P, groussen Bouh rondrem maan.
    Zum 5 soen ech mol neischt :P ech weert en dach och iergendwann kucken ech kenne mech.

  2. Sinn iwwerrascht iwwert deng Kritik vum ‘Thor’ … vum Trailer hier huet dat no héichstem Trash ausgesinn. Mee sou wäert ech em awer lo eng Chance ginn! Genau wéi dem FastFive.

    An du bass jo offensichtlech dann och e groussen Natalie Portman Fan ;)

  3. Virun allem d’Léift zum Detail am Thor ass genial. Et ginn eng ganz Rei Querverweiser duerch d’Marvel Universum, déi genuch verstoppt sinn fir ee Nerd frou ze maachen.

    Erwaard der näischt Déifgrënneges vum Fast Five, e bleift dem Franchise trei. Mä et ass gudde Popcornkino. A wéi gesot, déi Verfollegungsjuegd duerch Rio: herrlech.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *