Gemengewahlen 2011, oder: I really don’t give a flying fuck.

Ech wunnen, wéi déi Meescht vun iech wëssen, scho laang net méi zu Lëtzebuerg. Ech war dëst Joer just ee Weekend am Juni aus private Grënn eng Kéier do, an ech plangen mech am November, wann ech mäi Status als Student verléieren, endlech komplett ofzemellen an an ofsehbarer Zukunft och déi Nationalitéit ofzeginn. Ech si kee Lëtzebuerger méi, an ech hunn bei der Vollekszielung bei der Fro no der nationaler Identitéit och ‘Welsh’ geschriwwen. Lëtzebuerg ass schon esou laang net méi mäin Doheem oder meng Kultur, dass ech muench Deeg Problemer hunn mech wierklech mat där Persoun z’identifizéieren, déi emol eng Kéier esou empfonnt huet.
Mech interesséiert et iwwerhaapt net, wat zu Lëtzebuerg lass ass. Ausser dem sporadeschen Artikel op wort.lu oder rtl.lu, deen ech matkréien well een dovunner op Facebook oder Twitter schreift, kréien ech näischt mat. Politesch huet mech Lëtzebuerg nach ni wierklech interesséiert, an deen Interessi ass an de leschte Joeren komplett verschwonnen. Ech kéint iech spontan ausser dem JCJ an dem Asselborn emol kee Minister nennen, geschweige dann wéi d’aktuell Buergermeeschtesch a “mengem” Duerf heescht. Hei weess ech dat, well et mech betrëfft. Déi Entscheedungen déi hei gefält ginn (lokal wéi national wéi UK-wäit), sinn déi déi mech interesséieren, well dat déi sinn déi mäi Liewen beaflossen. An do läit mäi Problem.
Dank iergendengem archaesche Gesetz muss ech am Oktober ee Kräiz an eng Këscht nieft d’Partei vu menger Wal maachen. Ech hunn keng Wahlprogrammer gelies, an ech hunn och net wëlles meng Zäit domatter ze verschwenden. Ech hunn am Moment genuch politesch Problemer virun der eegener Dier (an England wëllen se de Gesondheetssystem privatiséieren – dat betrëfft mech zwar net perséinlech, mä meng Frënn an England awer), fir mech mat iergendwelleche Lappalien vun engem Dierfchen ze beschäftegen dat mer net méi egal kéint sinn. Mä, wéi gesot, muss ech wielen. Dat maachen ech per Bréifwahl, well ech net agesinn firwat ech soll Geld zur Fënster eraus schmäissen extra dofir op Lëtzebuerg ze reesen.
Ech hunn laang mam Gedanken gespillt, einfach guer net ze wielen. Ech kennen eng Rei Leit, déi zanter Éiwegkeeten net méi waren – an et geschitt ni eppes, well et der ze wéineg sinn fir dass et d’Politiker géing këmmeren, an ze vill fir d’Justiz domatter zouzesetzen. Aus wat fir engem Grond och ëmmer, hunn ech dunn awer d’Bréifwahl ugefrot – an lo sëtzen ech hei. Vu mengem Brudder weess ech, dass déi eenzeg Méiglechkeet d’CSV lass ze ginn ass d’DP ze wielen. Den Dilemma ass do natierlech, dass ech dat net mat mengem Gewësse kann vereinbaren. Et ginn och soss keng Alternativen. Éischter géing ech mer de Fouss ofseeën ewéi d’LSAP ze wielen, d’ADR huet iwwerhaapt keng Lëscht (dat gesinn ech schon emol als Gewënn), déi Lénk och net, an déi Gréng sinn d’DP mat méi deierem Paltong. D’Piraten hunn och keng Lëscht, mä vu dass ech mech guer net mat der lëtzebuergescher Inkarnatioun auskennen an just déi britesch Versioun, an déi schwedesch a Schweden ewéi am EU Parlament verfollegen, géing ech déi souwisou net wielen.
Wat maachen ech also? Et leeft drop eraus, dass ech ongülteg wäert wielen, well ech et wierklech net kann mat mengem Gewëssen ausmaachen iergendeng vun deene Parteien ze wielen. Dir kënnt elo mengetwege probéieren, mech an de Kommentaren z’iwwerzeegen fir eng bestëmmte Partei ze wielen, mä déi Méi kënnt der iech spueren. Et kann ee mer virwerfen, ongülteg ze wielen wier mäi Recht op eng Stëmm ewech geworf. Mä: ech wëll déi Stëmm iwwerhaapt net, si gëtt mer opgezwongen. An dovunner ofgesinn ass déi aktuell Buergermeeschtesch a “mengem” Duerf mat e puer honnert Stëmmen ongewielt an gouf dank dem Gesetz dat méi Lächer huet ewéi e schwäizer Kéis, an dee Poste gestach. Meng Stëmm ass an deem ondemokrateschen Land esou oder sou verluer.

Kuerzkritiken, oder sou (9)

Friends with Benefits — Zwee Frënn, gespillt vum Justin Timberlake an dem d’Mila Kunis, hunn es genuch mat Bezéiungsstress, mä wëllen net op Sex verzichten. Also décidéieren se kuerzerhand mateneen ze schlofen, an sech ze schwieren sech net aneneen ze verléiwen. Dat geet eng Zäit laang gutt, féiert dann awer zum prévisiblen Resultat, dass déi zwee sech awer trotzdem aneneen verléiwen.
Wat kléngt, wéi eng weider sënnlos romantesch Comedy, huet iwwerraschend vill Substanz an glafwierdeg Charakteren. D’Dialoger sinn erstaunlech originell, an et gi Momenter vu grousser Mënschlechkeet – zum Beispill dann, wann dem Timberlake säi Charakter mat sengem un Alzheimer leidende Papp um Flughafen ësst.
Iwweraschenderweis: 4/5 (Trailer)

Tinker Tailor Soldier Spy — Adaptatiounen sinn esou eng Saach. Si ginn an de meeschte Fäll schief aus. Mä dës Filmversioun vum LeCarré sengem Bestseller huet et an sech. Ee Cast, vun deem een soss nëmmen dreemen kéint – Benedict Cumberbatch, John Hurt, Colin Firth, Mark Strong – bidd eng formidabel Performance vun engem intelligente Spionage Thriller.
De Film stécht virun allem duerch seng wonnerbar Cinématographie ervir an duerch de Sound Editing – déi dem Film allebéid eng onheemlech Gravitas ginn. D’Cinématographie duerch déi düster Beliichtung, de Sound Editing doduercher dass alles haart ass – vum Bic deen op den Dësch geluecht gëtt bis den Toast an dee gebass gëtt.
Definitiv dowäert, an gëtt dem Buch duerchaus gerecht. 4/5 (Trailer)

One Day — Nach eng Adaptatioun, allerdéngs hunn ech d’Buch ni gelies. D’Handlung? Ee Jong léiert no der Ofschlossfeier ee Meedchen kennen, déi zwee ginn zesummen heem an et kënnt wéi et komme muss: déi zwee schlofen weder mateneen, nach verléiwen se sech. Si ginn sech d’Verspriechen, Frënn ze bleiwen. De Film zidd sech iwwer 23 Joer – vun 1988 bis 2011. All Joers um 15. Juli begéinen mer de Personnagen erëm, an iwwer d’Joeren ewech erliewen mer mat, ewéi d’Frënnschaft sech entwéckelt.
De Film ass hallef als Comedy, hallef als Romantik ugeluecht, mä amfong ass et näischt vun deenen zwee. Et ass ee Film iwwer déi Art vu Frënnschaft, där et just eng am Liewen kann ginn.
Ech hat mir wierklech guer näischt vum Film erwaart, mä ech war um Enn tatsächlech matgeholl. Villäicht, well ech déi Art vu Frëndschaft kennen an ech mech oft wonneren, wou déi nach iwwerall hiféieren wäert. Mä virun allem bidden den Jim Sturgess an d’Anne Hathaway esou eng wonnerbar Leeschtung, dass ee mat de Charakteren iwwer 20 Joer ewech laacht an leid.
Et gëtt ee Pluspunkt, wéinst dem iwweraschende Cameo vum Matt Berry, an well d’Anne Hathaway an der kubanescher Bar schafft an där ech selwer vill ze oft owes souz Mojito ze drénken virum leschten Zuch heem. 5/5 (Trailer)

Trolljegeren — D’Norweger sinn interessant Leit, well et si Leit déi ee Film am Blair Witch Stil kënnen dréien iwwer ee Grupp Studenten, déi engem Troll Jeeër nolafen. Vill méi gëtt et zu deem Film net ze soen, well et ass déi komplett Handlung.
En ass ënnerhalsam, an mech huet et virun allem gefreet, endlech nees Norwegesch ze héieren. Et ginn e puer wonnerbar Opnahmen vu Bierger a Schnéilandschaften. Et kann een sech de Film duerchaus undoen, et dierf een sech awer net méi ewéi Popcornkino erwaarden. Mä dat ass muenchmol jo och ganz an der Rei. 3/5 (Trailer)

Colombiana — Schon erëm ee Film iwwert eng Vendetta. Dës Kéier vum Luc Besson, a mam Callum Blue, Michael Vartan a Zoe Soldana. Een Drogeboss bréngt d’Elteren vun engem klenge Meedchen ëm, dat doropshin schwiert, sech ze rächen. Dat mécht et och, an bréngt säi Monni dozou et zu engem Killer z’erzéien. Domatter wier d’Handlung geklärt.
Et ass richteg gudde Popcornkino. Et ginn Schéisseren, Explosiounen, et gëtt close combat, an et gëtt genuch Blutt. Duerchaus ee vun de besseren Filmer vum Genre. 4/5 (Trailer)

Den RTL huet geklaut sech inspiréiert

Deen éischte Gedanken, deen mir koum ewéi ech mer déi nei Säit vum RTL ugekuckt hunn? Deen do Design kennen ech! Well ech deen Design zanter Joeren all Dag gesinn – bei der britescher Zeitung The Guardian.

Beim RTL gesinn mer iwwert dem Artikel Feiler mam Ressort an deem mer eis grad befannen, drënner den Titel mam Datum. An der Colonne niewent dem Artikel kréien mer eng Lëscht mat social media Linken presentéiert, an eng Auswiel vun anere relevanten Noriichten. An der drëtter Colonne gëtt et eng Ëmfro an déi meescht geliesen Artikelen um Site mat enger Auswiel vum Zäitraum. Tëscht der zweeter an der drëtter Colonne ass eng hellgro, vertikal Linn. Déi éischt Colonne huet 460 Pixelen, déi zweet Colonne 140 Pixelen, déi drëtt Colonne 300 Pixelen. Déi dräi Colonnen zesummen hunn mat Sputt dotëscht eng fix Breet vun 940 Pixelen.

Beim Guardian gesinn mer iwwert dem Artikel Feiler mam Ressort an deem mer eis grad befannnen, drënner den Titel mat Haaptpunkten, a mam Datum. An der Colonne niewent dem Artikel kréien mer eng Lëscht mat social media Linken presentéiert, an eng Auswahl vun anere relevanten Ressorten an Noriichten. An der drëtter Colonne gëtt et e puer Finanzinformatiounen an déi meescht geliesen Artikelen am Ressort mat enger Auswahl vum Zäitraum. Tëscht der zweeter an der drëtter Colonne ass eng hellgro, vertikal Linn. Déi éischt Colonne huet 460 Pixelen, déi zweet Colonne 140 Pixelen, déi drëtt Colonne 300 Pixelen. Déi dräi Colonnen zesummen hunn mat Sputt dotëscht eng fix Breet vun 940 Pixelen.

Eng Säit am Geschichtsbuch

Et schwätzt jiddereen dovunner, wat virun zéng Joer geschitt ass an wou een selwer deemools war. Dat ass verständlech, mä wat mir duerch de Kapp geet ass d’Géigewaart. Et ass zéng Joer hir, an domatter gëtt et eng ganz Generatioun dobaussen, déi entweder nach net gebuer waren oder ze jonk fir sech z’erënneren (esou wéi et mir mam Fall vun der Mauer geet).
Ongeféier 770 Milliounen méi Mënschen liewen haut ewéi 2001. Dat sinn der vill, déi een Dag deen d’Welt fundamental verännert huet net materlieft hunn an iwwer Berichter an Geschichtsbicher eraus ni wäerten kënnen verstoen wat fir eng Angscht op deem Dag duerch d’Welt goung.
Mech erschreckt dat.