Eng Säit am Geschichtsbuch

Et schwätzt jiddereen dovunner, wat virun zéng Joer geschitt ass an wou een selwer deemools war. Dat ass verständlech, mä wat mir duerch de Kapp geet ass d’Géigewaart. Et ass zéng Joer hir, an domatter gëtt et eng ganz Generatioun dobaussen, déi entweder nach net gebuer waren oder ze jonk fir sech z’erënneren (esou wéi et mir mam Fall vun der Mauer geet).
Ongeféier 770 Milliounen méi Mënschen liewen haut ewéi 2001. Dat sinn der vill, déi een Dag deen d’Welt fundamental verännert huet net materlieft hunn an iwwer Berichter an Geschichtsbicher eraus ni wäerten kënnen verstoen wat fir eng Angscht op deem Dag duerch d’Welt goung.
Mech erschreckt dat.

One thought on “Eng Säit am Geschichtsbuch”

  1. Ech hu vrun e puer Deeg dat nämlecht geduecht. Hu mer deno awer gesoot dass eis Generatioun an där Hisicht déi “läscht Hoffnung” ass. Mir si jonk genuch dass mer d’Angscht vum kaale Krich net richteg, oder guer net, materliewt hunn. Mir sinn awer aal genuch dass mer d’Welt vrum 9/11 matkritt hunn.
    An déi Welt (post-Mauerfall an pre-9/11) musse mer rëm zréck… an eis Generatioun ass déi eenzeg déi wees wéi déi ausgesinn huet a jonk genuch ass (also nach vill Joeren Zäit huet) fir zekämpfen erem dohinner zekommen. Ech well net soen dass mer d’Aan sollen zouman, dass mer sollen vergiessen — dat solle mer nie! — mä éischter dass mer déi Fräiheeten, déi mer am läschten Joerzéngt opginn hunn, erem zréck huelen, dass mer déi Angscht, déi zum Deel nach emmer präsent ass op an USA oder Europa, bekämpfen, dass mer déi Virurteeler géint Islam an Angscht geigeniwwer Muslimen bekämpfen.
    Wann een mech dowéinst en “Dreamer” nennt, deen un eppes glewt wat nie z’erreechen ass… da sinn ech eben sou een. I’m gonna die tryin’ ;)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *