Gemengewahlen 2011, oder: I really don’t give a flying fuck.

Ech wunnen, wéi déi Meescht vun iech wëssen, scho laang net méi zu Lëtzebuerg. Ech war dëst Joer just ee Weekend am Juni aus private Grënn eng Kéier do, an ech plangen mech am November, wann ech mäi Status als Student verléieren, endlech komplett ofzemellen an an ofsehbarer Zukunft och déi Nationalitéit ofzeginn. Ech si kee Lëtzebuerger méi, an ech hunn bei der Vollekszielung bei der Fro no der nationaler Identitéit och ‘Welsh’ geschriwwen. Lëtzebuerg ass schon esou laang net méi mäin Doheem oder meng Kultur, dass ech muench Deeg Problemer hunn mech wierklech mat där Persoun z’identifizéieren, déi emol eng Kéier esou empfonnt huet.
Mech interesséiert et iwwerhaapt net, wat zu Lëtzebuerg lass ass. Ausser dem sporadeschen Artikel op wort.lu oder rtl.lu, deen ech matkréien well een dovunner op Facebook oder Twitter schreift, kréien ech näischt mat. Politesch huet mech Lëtzebuerg nach ni wierklech interesséiert, an deen Interessi ass an de leschte Joeren komplett verschwonnen. Ech kéint iech spontan ausser dem JCJ an dem Asselborn emol kee Minister nennen, geschweige dann wéi d’aktuell Buergermeeschtesch a “mengem” Duerf heescht. Hei weess ech dat, well et mech betrëfft. Déi Entscheedungen déi hei gefält ginn (lokal wéi national wéi UK-wäit), sinn déi déi mech interesséieren, well dat déi sinn déi mäi Liewen beaflossen. An do läit mäi Problem.
Dank iergendengem archaesche Gesetz muss ech am Oktober ee Kräiz an eng Këscht nieft d’Partei vu menger Wal maachen. Ech hunn keng Wahlprogrammer gelies, an ech hunn och net wëlles meng Zäit domatter ze verschwenden. Ech hunn am Moment genuch politesch Problemer virun der eegener Dier (an England wëllen se de Gesondheetssystem privatiséieren – dat betrëfft mech zwar net perséinlech, mä meng Frënn an England awer), fir mech mat iergendwelleche Lappalien vun engem Dierfchen ze beschäftegen dat mer net méi egal kéint sinn. Mä, wéi gesot, muss ech wielen. Dat maachen ech per Bréifwahl, well ech net agesinn firwat ech soll Geld zur Fënster eraus schmäissen extra dofir op Lëtzebuerg ze reesen.
Ech hunn laang mam Gedanken gespillt, einfach guer net ze wielen. Ech kennen eng Rei Leit, déi zanter Éiwegkeeten net méi waren – an et geschitt ni eppes, well et der ze wéineg sinn fir dass et d’Politiker géing këmmeren, an ze vill fir d’Justiz domatter zouzesetzen. Aus wat fir engem Grond och ëmmer, hunn ech dunn awer d’Bréifwahl ugefrot – an lo sëtzen ech hei. Vu mengem Brudder weess ech, dass déi eenzeg Méiglechkeet d’CSV lass ze ginn ass d’DP ze wielen. Den Dilemma ass do natierlech, dass ech dat net mat mengem Gewësse kann vereinbaren. Et ginn och soss keng Alternativen. Éischter géing ech mer de Fouss ofseeën ewéi d’LSAP ze wielen, d’ADR huet iwwerhaapt keng Lëscht (dat gesinn ech schon emol als Gewënn), déi Lénk och net, an déi Gréng sinn d’DP mat méi deierem Paltong. D’Piraten hunn och keng Lëscht, mä vu dass ech mech guer net mat der lëtzebuergescher Inkarnatioun auskennen an just déi britesch Versioun, an déi schwedesch a Schweden ewéi am EU Parlament verfollegen, géing ech déi souwisou net wielen.
Wat maachen ech also? Et leeft drop eraus, dass ech ongülteg wäert wielen, well ech et wierklech net kann mat mengem Gewëssen ausmaachen iergendeng vun deene Parteien ze wielen. Dir kënnt elo mengetwege probéieren, mech an de Kommentaren z’iwwerzeegen fir eng bestëmmte Partei ze wielen, mä déi Méi kënnt der iech spueren. Et kann ee mer virwerfen, ongülteg ze wielen wier mäi Recht op eng Stëmm ewech geworf. Mä: ech wëll déi Stëmm iwwerhaapt net, si gëtt mer opgezwongen. An dovunner ofgesinn ass déi aktuell Buergermeeschtesch a “mengem” Duerf mat e puer honnert Stëmmen ongewielt an gouf dank dem Gesetz dat méi Lächer huet ewéi e schwäizer Kéis, an dee Poste gestach. Meng Stëmm ass an deem ondemokrateschen Land esou oder sou verluer.

13 thoughts on “Gemengewahlen 2011, oder: I really don’t give a flying fuck.”

  1. Dat ass awer e laangen Text fir een deen keen flying fuck op déi Saachen gët ;)

    Ech fannen däin ‘Haass’ op Lëtzebuerg awer irgendwéi interessant … du muss jo wierklech schwéier traumatiséiert gi sinn? An ass den Duerchschnetts-Waliser dann wierkelch souvill méi cool wéi den Duerschnetts-Lëtzebuerger?

    A firwat schräiws de eigentlech iwwerhaapt nach op Lëtzebuergesch? Misst de dann net konsequent ginn an och déi Sprooch dann ofginn?

    An ech soen jo net, dass hei zu Lëtzebuerg alles riicht leeft oder gutt ass, loin de là, mee fir esou géint e Land, a seng Awunner, ze fachen fannen ech schon e bëssen kannerech … Mee bon, wanns du dann léiwer Waliser, oder wat och ëmmer wëlls sin, firwat net a vill Spaass domadder! Mee dat kéint een och sinn ouni sou verbattert riwwer ze kommen wéi s du dat hei mëss …

  2. Dat ass keen Haass. Ech identifizéieren mech einfach net mat deem Land oder där Kultur, an dat hunn ech zanter iwwer 10 Joer net. Fir mech ass den Duerchschnëtts-Waliser méi cool ewéi den Duerchschnëtts-Lëtzebuerger, definitiv jo. Well ech hei Doheem sinn, an well ech d’Traditiounen, d’Sprooch, an alles hei méi schätzen. Wann s du de Lëtzebuerger cool fënns, dierfs du deen och roueg weider cool fannen. :)

    Wisou soll ech ophalen eng Sprooch ze benotzen, well ech net méi an deem Land wëll liewen? Dann brauch ech och keen Däitsch, Franséisch, Italienesch, a scho guer kee Latäin, well dat sinn och alles Kulturen, mat deenen ech mech net identifizéieren. Ar wahân i hynny, os byddaf yn ysgrifennu yn y Gymraeg, fyddai neb yn fy neall.

    Wann s de al Artikelen liesen gees, gesäiss de, dass ech schon ëmmer géint Parteien gesténkert hunn. An dat maachen ech hei och. Ech sinn jo net verbattert géint Lëtzebuerg, ech si verbattert géint de Fait, dass ech mech MUSS fir eppes interesséieren wat mer egal ass, an wou et guer keen Effekt op mäi Liewen huet, ganz egal wat ech elo maachen. Ech wielen eng (lokal) Regierung fir eng Plaz wou ech net liewen. Déi Entscheedung ze verlaangen ass net nëmmen vis-à-vis vun mir onfair, mä virun allem onfair virun de Leit déi do wunnen, well si Leit un d’Muecht gesat kréien, déi net-Awunner fir si gewielt hunn. Et ass d’Lächerlechkeet an dat ondemokratescht Verhältnis, dat mech esou rosen mécht, an dat fir mech duerchaus symptomatesch fir Lëtzebuerg ass. (Ech hat bei de Landeswahlen schon eng Kéier ausgerechent, ewéi eng kleng Zuel vun Awunner tatsächlech gewielt hunn.)

  3. Wat dat obligatorescht Wielen ugeet, ginn ech der Recht. Dat misst net sinn. Op der anerer Säit kann een jo och einfach net wielen (dat huet keng wierklech legal Konsequenzen) oder du gëss e wäissen Ziedel of. Béides ass net schwéier, duerfir verstinn ech däin Gejéimers net ganz?

    An et ass jo ok, wanns du dech net mat dësem Land oder seng Kultur identifizéiers an béides usech déck null fënns (wat s de jo regelméisseg zum Ausdrock bréngs) mee firwat dann weiderhin en Deel vun dëser Kultur, an dësem Fall d’Sprooch, benotzen? Ass alles null ausser der Sprooch, oder wéi?

    Ech hunn och net behaapt den Duerchschnetts-Lëtzebuerger wier cool (loin de là), et giff mech just interesséieren a wat fir engem Sënn oder Mooss den Duerchschnëtts-Waliser MEI cool ass? Wat kann oder mécht deen wat ‘den Lëtzebuerger’ net mécht?

    Mee däin Verhalen erënnert mech och e bëssen un deen Genre Läit, déi alles cool fannen, ausser deem vun wou sie kommen … Mee dat ‘aanert’ ass natierlech ëmmer méi opregend, spektakulär, geheimnisvoll, cool, etc wéi dat wat een kennt.

    A villäicht ass et dann och keen Haass mee irgendeppes muss dech jo awer schwéier verletzt hunn hei zu Lëtzebuerg soss giffs de dech net stänneg sou driwwer opreegen. Wann der Lëtzebuerg *wierklech* egal wier, dann giff en Post wéi deen do uewen iwwerhaapt net existéieren.

  4. “Ech hat bei de Landeswahlen schon eng Kéier ausgerechent, ewéi eng kleng Zuel vun Awunner tatsächlech gewielt hunn.”

    Du spills domadder op d’Auslänner hei am Land un déi net wielen däerfen? Wéi ass dat dann an aneren Länner mat engem equivalenten Auslänner-Prozentsaatz?

    Ech sinn awer d’accord, dass eng aner, besser Léisung misst fonnt ginn wéi die aktuell. Wat awer net heescht, dass automatesch direkt all Auslänner ouni Konditiounen hei misst a sollt wielen kënnen. Mee op déi Diskussioun hunn ech am Moment keng Loscht.

  5. Verstee deng Stemm un déi meeschtbiddend Partei ;)

    Zur Wahlpflicht: grad wéi et Leit gin déi wéis du dat éischter lästeg fannen fir mussen ze wielen, gin et och Leit déi frou sin fir kënnen ee Wuert matzeschwetzen.

  6. D’Pflicht ass absolut definitiven Scheiss, sou Leit wei den Thierry sollen w.e.g. guer net wielen goen (merci fier den qed Post Thierry by the way ;-) ). An fier normal Leit muss imho och d’Meiglechkeet bestoen hiert Desinteresse ze weisen. Soss geet et sou weider wei lo wou ech an mengem Emkrees fill Leit heieren soen si gingen eng Oppositiounspartei wielen just fier ze weisen dass se net zefridden sin, wann ech mer dann deenen hieren Programm duerchliesen leeft et mer kaal den Réck roof.
    Wat ech fun Länner haalen dei hieren Gesondsheetsystem wellen privatiseieren soen ech leiwer net :P

  7. Wahlpflicht wech, Wahlrecht fir Auslänner_innen. Ech weess net, wéi vill Länner soss 40% Auslänner_innen Undeel hunn, mä wann d’Wahlbedeelegung bei 60% ass, ass dat meeschtens keen gutt Zeechen fir eng Demokratie.
    Thierry, kanns du dech net einfach vun denger Gemeng ofmellen? Wann s du keng Suen vun der CEDIES méi kriss an zu Cardif liewe wëlls, wier dat jo awer och e logesche Schratt? (An theoretesch misst een jo dann och net méi wiele mussen. Wéi ass dat dann als Auslandslëtzebuerger, weess dat een?)

  8. Jerome: Iergendwéi ass mer d’Beschreiwung vun deem wat ee Waliser ausmécht, en eegene Post wäert (well dat duerchaus eng interessant Fro ass!). Et goung mer hei amfong just ëm d’Walen.

    Serge: Ech sot jo, meng eenzeg rational Léisung wier d’DP ze wielen (einfach wéinst hiere Resultater déi lescht puer Kéieren), fir d’CSV erauszekréien (wat einfach par défaut meng Astellung ass). Mä ech kann dat eben net mat mengem Gewëssen ausmaachen. Ech hunn de Walprogramm dës Kéier net gelies, mä bei de Landeswalen vun der DP war eng gigantesch Katastrof, wirtschaftlech ewéi Dateschutz-méisseg (deen mir eben besonneg um Häerz läit).
    An d’Privatiséieren vum Gesondheetssystem war einfach als Illustratioun geduecht, dass ech amfong schon hei genuch politesch aktiv sinn, fir mech dann och nach mat engem Land ze beschäftegen wou ech net liewen.

    Joël: Jo, dat hunn ech jo selwer och schon argumentéiert. Ech sinn vollkommen averstanen, dass Auslänner d’Walrecht sollen hunn. (Mat bestëmmte Conditiounen quoi, à la ‘minimum schon 5 Joer Awunner’.)
    Dach. An wéi ech geschriwwen hunn, maachen ech jo dat och. Am November. Well ech dank Studium einfach keng Zäit hunn, virun de Walen dat ze maachen. (Ech weess och net, wéi et dann mam Wielen ass. Mä dann wier et mer och egal ob ech d’Gesetz géing briechen. Där Kolleegen hunn ech nach, cf. Facebook.)

  9. :D wei ech emmer soen et muss een eng eegen Partei grennen, den allergreissten Probleem deen sech do leider stellt ass dass ech Parteien dei net zu all Thema eng Meenung hun net fier foll huelen an ech mer selwer muss agestoen dass ech Probleemer hett eben dat ze maan.
    Bzw ech sin studientechnesch interesseiert un allem wat Gesondheetswiesen ass, wanns de iergendwann eng Keier Loscht hues mei dozou ze soen liesen ech dat mat Interessi by the way ;)

  10. Thierry: Ech muss just kuerz eppes zur DP an de Landeswahlen soen. Ech fannen net dass hire Programm wirtschaftlech eng “gigantesch Katastrof” war.
    In fact, huet de Claude Meisch d’Situatioun vun de leschten 2 Joer 2009 schonns gutt viraus gesot. Duerch d’Steiererhéijungen, d’Aféierung vun néie Stéieren an den ausschliisslechen Interessi vun den EU Staaten d’Schold, déi all Staat pro Joer nei mecht, ze reduzéieren, huet — zumindest schon an e puer EU Staaten (Griichenland, Portugal, Spuenien, UK etc.) — dozou gefouert, dass et vun der Finanzkris beim Staat zu enger Finanzkris bei all Mënsch komm ass. Genee dowéinst seet den Internationalen Währungsfong dass mer momentan a méi enger schlëmmer Situatioun sinn wéi nach am September 2008 & dowéinst seet d’Europäesch Zentralbank dass Europa den “Epizenter” vun der Kris ass.
    Den Haptpunkt vun der DP hiren Programm fir d’Wirtschaft waren wuel déi proposéiert kuerzzäiteg Steiererliichterungen. Déi hätten ënnert anerem de Fokus och op de Wuesstem gesat, ouni deen een – par definition – an eng Rezessioun kennt. De Fokus op Wuesstem feelt momentan awer an der EU an dowéinst gëtt eng “double-dip recession” fir d’Weltwirtschaft ëmmer méi wahrscheinlech an Wirtschaftslag vun der Eurozone gesäit trotz Rettungsschierm oder Euro Bonds ganz moer aus. (Portugal huet schonns ugekënnegt Suen zebrauchen wa Griichenland d’Faillite misst erkläeren; Italien ass net vill besser & Frankräich ass méi wéi ‘ugeschloen.’ D’Belsch steet och net gutt do an Irland erkritt sech nemme lues.)

    En plus, bléift festzehalen dass kuerzzäiteg Steiererliichterung (e.a. TVA) vun der Brown Regierung Groussbritannien endlech (an als leschten EU Land) aus der Rezessioun erauskritt hunn. Deemols gouf dat och scharf kritiséiert, well et d’Schold vum Staat giff an d’Luut dreiwen. Trotzdem war et alles anescht wéi eng “gigantesch Katastrof” ;)

    —-
    Fir de Recht sinn ech averstanen: Wahlpflicht ofschaffen, Wahlrecht fir Auslänner an ech fannen et misst d’Méiglechkeet fir Auslänner bestoen sech (och bei Landeswahlen) op Leschten ze setzen. Mä et schéngt mer wéi wann dat eent manner realiséierbar wier zu Lëtzebuerg wéi dat aanert. Schued.

  11. Thierry:

    Et ass mer méi drëms gaang a wat fir engem Sënn den Duerschnëtts-Waliser MEI cool oder BESSER wier wéi den Duerchschnëtts-Lëtzebuerger. Giff mech wierklech interesséieren :)

    An ass den Duerchschnëtts-Waliser dann generell deen Beschten oder ginn et aner Duerschnetts-Nationalitéit-X déi nach besser sinn?

  12. Joel:

    “Wahlpflicht wech, Wahlrecht fir Auslänner”

    Deem éischten stëmmen ech voll zou, deem zweeten nëmmen zum Deel. An engem kléngen Land wéi Lëtzebuerg kann een net einfach sou all Auslänner ouni Konditiounen d’Wahlrecht ginn. Dat hätt hei ganz aner Repercussiounen (a giff ganz aner Problemer schaafen) wéi an groussen Länner wou d’Auslänner eng vill méi kléng Minoritéit sinn.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *