Glécklech sinn

Réckblécker schreiwt een anscheinend an der Regel Enn Dezember oder Ufank Januar, hunn ech mer soen gelooss. Dëst Joer ass no mengem Kalenner – där hunn ech dank menger Mamm endlech een mat ville schéine Fotoen drop – kaum zwee Méint al an et fillt sech trotzdem un ewéi wann et schon erëm misst op Silvester duergoen.
Déi lescht Wochen waren eng Achterbunnfahrt, an villes dovunner géing ech gären vergiessen; woubäi dat eng Ligen ass, well et gëtt bekanntlech kee Gléck ouni Ongléck, an ech sinn zanter dësem Weekend zimlech glécklech. Et gëtt villes, wat (nach) net an der Rei ass (ass jemools alles an der Rei?), mä ech hunn zanter dräi Deeg permanent ee Laachen am Gesiicht an et goufe Momenter wou ech net méi wousst wéi et sech ufillt frou ze sinn. Ech hunn de Weekend mat dräi Mënschen verbruecht, déi mir onvirstellbar wichteg sinn – an eng Persoun dovunner hat ech zanter dräi Joer net gesinn, well mer vill Stonnen Fliger vun eneen ewech liewen. Ech hunn I love you héieren an ech hunn I love you gesot, an et ass laang hier, dass déi Wierder a mengem Liewen gefall sinn well dat Wierder sinn, mat deenen een net einfach esou ronderem sech geheit an déi een awer méi brauch wéi all déi aner Wierder.
Ech hunn geléiert, dass dat heiten wierklech mäin Doheem ass, well hei déi Frënn sinn déi mer och déi Froen stellen déi wéi dinn, well se wëssen dass ech se muss héieren – an ech krut vill Froen gestallt déi verdammt wéi gedoen hunn, mä d’Änwerten déi ech fonnt hunn hu mech all weiderbruecht.
Ech weess net, wouhinner et vun hei aus weidergeet. Et gi vill Saachen an der noer Zukunft, déi mer Angscht maachen. Mä et geet biergop, an ech ginn de Wee net eleng – dat ass alles wat zielt.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *