The Avengers

An engem Wuert: brilliant. Whedonesken Humor zitt sech duerch ee Film mat herrlechen Explosiounen, vun deenen de Michael Bay just dreeme kann. Deen neien Hulk schléit sech ee gutt Stéck besser wéi déi virëscht Inkarnatiounen, an iwwerhaapt ass dem Casting näischt virzewerfen (och wann eng Stëmm a mengem Kapp all Kéiers “Robin!” geruff huet, wann d’Cobie Smulders um Schierm opgedaucht ass).
Ier der iech all ze vill lëtzebuergesch verhaalt an opsprangt fir déi éischt beim Auto ze sinn wann d’Credits ufänken: do kënnt nach eppes. Wann der iech net auskennt, kritt der zumindest ee Virgeschmaach op de nächste Film. A wann der iech auskennt, ass et ëmsou méi eng besser Szen.
Wann et hei géife Stäre ginn, kriit en der 4.5/5.

Bei den Elteren am Keller sëtzen; oder: Qualitéitsjournalismus

Et gouf dëse Freideg een Artikel am Lëtzebuerger Land iwwer d’Blogger zu Lëtzebuerg – jiddefalls vill Leit, déi dat mol eng Kéier waren (de Georges ass et dofir direkt zweemol, awer dann eemol als “anonymen” Auteur vu Blogeescht – do muss wuel een der Madame nach erklären, wat eng About Säit ass, obwuel dee Link grouss uewen steet). Ech hunn mech op Twitter genuch doriwwer opgereegt, de Max huet sech elo dohinner gesat an déi sëlleche Problemer a Feeler am Artikel auserneen geholl, an an een oppene Bréif un d’Auteurin vum Artikel verpaakt. Eng fantastesch Äntwert op ee fuerchtbar schlecht geschriwwenen Artikel.