Kuerzkritiken, oder sou (10)

The Expendables 2. Vum éischten Deel war ech deemools net onendlech begeeschtert, well de Film ee grousse Cast versprach hat awer am Endeffekt bal jiddereen just e puer Minutten am Bild war. D’Fortsetzung huet mech wierklech positiv iwwerrascht. Ausser dem Jet Li kritt jiddereen vill Dialog an Action – esouguer den Chuck Norris an den Arnold Schwarzenegger. An de Bruce Willis dierf dës Kéier och an den Actionszenen matspillen. De Film ass eng herrlech Satir vum Genre a vun sech selwer – d’Schauspiller huelen hier eege Karriär wonnerbar op d’Schëpp, si huelen sech géigesäiteg op d’Schëpp (et gëtt ee wonnerbare Moment an deem den Schwarzenegger an de Willis sech jeeweils aus deem anere senge Filmer zitéieren), an den Chuck Norris léisst souguer ee vun den Chuck Norris Fakten sprangen. Et ginn vill Explosiounen, vill impressionant Kampfszenen, et fléie genuch Kugelen an ech hunn méi gelaacht ewéi bei sou muencher Comedy an der lescht. Muss ee wierklech gesinn hunn. 4.5/5

The Bourne Legacy. Déi kuerz Versioun: ech hätt no Expendables sollten heemgoen. Mä ‘t huet gereent, an ech hat keng Loscht doduerch ze lafen. An och wann ech null Erwaardungen hat, den Trailer huet zumindest no flotten Actionszenen ausgesinn, an den Edward Norton ass den Edward Norton. De Film ass schlecht – de Film ass wierklech onvirstellbar schlecht. Et ass grotesk, dass esou eppes iwwerhaapt ee Budget krut. De Cast ass zwar gutt – Edward Norton, Jeremy Renner, Rachel Weisz, an de genialen Željko Ivanek – mä och dee Cast kann de Film net retten. D’Geschicht ass lächerlech forcéiert – e spillt zur selwechter Zäit ewéi The Bourne Ultimatum, den Jason Bourne gëtt permanent erwähnt, daucht awer ni op, mä dofir ginn Szenen aus Ultimatum recycléiert (inklusiv där vum Guardian Journalist an der Waterloo Station). De Film probéiert mordicus sech an d’Bourne Filmer anzefügen, mä logesch sinn déi Zesummenhäng net. Et gëtt eng gutt gemaachten Verfolgungsszen um Enn vum Film, mä dat war et och schon. Se hätte besser gehat deem Cast ee komplett neie Film ausserhalb vum Bourne Universum ze schreiwen. Meng Reaktioun zur Schlussszen vum Film? Meh. Ouni iergendwellech Erklärung bleiwt alles fir jiddereen ouni Konsequenz. Erspuert iech de Misère. 0.5/5 (an deen hallwe Punkt och wierklech just fir d’Schauspiller)

Zitater (32)

Ech fille mech ëmmer wéi an engem Atomkrich wann ech Heinz Béchsen opmaachen. // There’s always strip poker… // 1890 goufen et 40’000 Houeren zu New York. // I shall let it steep for the recommended five minutes. // Et ass Seattle, ‘t ass net wéi wann een do iergendeppes géif futti maachen wann een eppes Ellenes dohisetzt. // Don’t cum on my face, please! // There’s never an excuse to keep your socks on during sex. // There’s bacon flavoured lube! // Not many people know that Thierry has a dark side. // More drinks! Less clothes! // I have a filter set up on OKCupid that blocks anyone who writes “i”, because you really don’t want to date people who can’t spell. I don’t get many matches. // Thierry should never be a leader. He’d push that red button if someone just stepped on his foot. // Natierlech ass de Wand reguléiert, a Bayern däerf een nëmmen mat Genehmegung blosen. // When I become world leader, there’ll only be nice people left. You could count them on one hand, but hey. // I’ve just worked out that me and you spent more time in pubs than asleep this weekend. // Play-Doh bondage, anyone?