Mir ënnerbriechen de reguläre Programm fir e puer Emfeelungen.

Well d’Loft hei nach ëmmer e bëssen eraus ass, an all meng Entwërf fir Artikelen oninspiréiert virun sech hindümpelen, an ech dëse Mount net vill op Twitter war wou ech soss d’Linken an d’Welt schleideren, hei e puer Artikelen déi et wierklech dowäert sinn gelies ze ginn.

Zu Harvard leeft momentan bekanntlech ee risege Skandal ëm 125 Studenten déi beim Ofschreiwen erwëscht goufen. Dat ass awer bei wäitem keen Eenzelfall a geschitt net nëmmen op den Unien. D’New York Magazine huet sech mat engem Fall op der Stuyvesant High School beschäftegt an sech ugekuckt wisou et oft clever Schüler sinn, déi fuddelen.

Déi Fro wat meng Nationalitéit ass hunn ech mer selwer schon oft genuch gestallt, an dono wat et iwwerhaapt heescht eng Nationalitéit ze hunn – de Richard Morgan huet sech konkret domatter auserneen gesat, wisou hien nach ëmmer keen US Amerikaner ass obwuel en schon säi ganzt Liewen do doheem ass.

D’Diane an d’Stephanie léieren sech als Kriibspatientinnen kennen a gi schnell Frënn. Beim Stephanie dauchen séier Komplikatiounen ob, an et gesäit esou aus ewéi wann et net géing iwwerliewen. Mä dann kënnt alles anescht – ganz anescht, ewéi d’Diane sech dat hätt kéinte virstellen. Eng hefteg Lektür an déi déifsten Ofgrënn vun engem Mënsch.

Kuerzkritiken, oder sou (11)

Total Recall. Eigentlech misst de Film “Total Lens Flare” heeschen, well d’Leinwand 90% vun der Zäit just mat deenen onvirstellbar nervegen bloe Strahlen ausgefëllt ass. Stroboskopesch Effekter ginn et der och genuch: den Optakt vum Film, deen ëmmerhin eng ganz Rëtsch Minutten dauert, besteet aus zwee Protagonisten déi probéieren ze flüchten, während et souvill wäiss flackert dass et och ouni Epilepsie net flott ass drop ze kucken. D’Kulissen sinn flott – trei Lieser wëssen, dass ech dystopesch, post-apokalyptesch Saachen gären hunn. De Bryan Cranston ass, déi puer Szenen wou en effektiv opdaucht, einfach immens als béise Kanzler – an eleng seng Frisur ass et schon dowäert, sech de Film unzedoen. De Bill Nighy gesäit ee mol net fir 5 Minutten, e gëtt an senger eenzeger Szen direkt vum Cranston erschoss. De Colin Farrell ass okay, d’Jessica Biel an d’Kate Beckinsale och, mä dat war et och schon. “Taken” hat manner Lächer am Plot wéi “Total Recall” – d’Kampfszenen sinn zwar gutt gemaach, mä et gëtt zum Beispill ni erklärt, wéi se ee giganteschen, metallenen Tunnel duerch den Ärdkär gebuddelt kruten ouni dass hinnen alles ewech geschmolz ass. Gesäit schéin aus, ass awer just ee plot device an ouni Logik. Fazit: kann ee kucken goen wann een e puer schéin Explosiounen wëll, verpasst een awer wierklech näischt. 1.5/5

The Watch. Wou “Total Recall” enttäuscht huet, war “The Watch” emsou schlëmmer. De Cast hätt Potenzial gehat – virun allem den Ayoade huet mech an de Kino bruecht. De Film ass esou fuerchtbar, dass net mol all déi witzeg Szenen aus den Traileren dra sinn. E funktionéiert op kengem Level: ‘t ass vill ze oninspiréiert fir eng Parodie (och wann e krampfhaft probéiert eng ze sinn), an en ass ze onwitzeg fir als normal Comedy. D’Momenter an deem et dem Film effektiv geléngt, de Geck mat Ausserirdesch-Invasioun Filmer ze maachen sinn rare a ginn et ënnert dem ganze anere Misère ënner. Kënnt der iech getréischt spueren. 1/5