Kuerzkritiken, oder sou (11)

Total Recall. Eigentlech misst de Film “Total Lens Flare” heeschen, well d’Leinwand 90% vun der Zäit just mat deenen onvirstellbar nervegen bloe Strahlen ausgefëllt ass. Stroboskopesch Effekter ginn et der och genuch: den Optakt vum Film, deen ëmmerhin eng ganz Rëtsch Minutten dauert, besteet aus zwee Protagonisten déi probéieren ze flüchten, während et souvill wäiss flackert dass et och ouni Epilepsie net flott ass drop ze kucken. D’Kulissen sinn flott – trei Lieser wëssen, dass ech dystopesch, post-apokalyptesch Saachen gären hunn. De Bryan Cranston ass, déi puer Szenen wou en effektiv opdaucht, einfach immens als béise Kanzler – an eleng seng Frisur ass et schon dowäert, sech de Film unzedoen. De Bill Nighy gesäit ee mol net fir 5 Minutten, e gëtt an senger eenzeger Szen direkt vum Cranston erschoss. De Colin Farrell ass okay, d’Jessica Biel an d’Kate Beckinsale och, mä dat war et och schon. “Taken” hat manner Lächer am Plot wéi “Total Recall” – d’Kampfszenen sinn zwar gutt gemaach, mä et gëtt zum Beispill ni erklärt, wéi se ee giganteschen, metallenen Tunnel duerch den Ärdkär gebuddelt kruten ouni dass hinnen alles ewech geschmolz ass. Gesäit schéin aus, ass awer just ee plot device an ouni Logik. Fazit: kann ee kucken goen wann een e puer schéin Explosiounen wëll, verpasst een awer wierklech näischt. 1.5/5

The Watch. Wou “Total Recall” enttäuscht huet, war “The Watch” emsou schlëmmer. De Cast hätt Potenzial gehat – virun allem den Ayoade huet mech an de Kino bruecht. De Film ass esou fuerchtbar, dass net mol all déi witzeg Szenen aus den Traileren dra sinn. E funktionéiert op kengem Level: ‘t ass vill ze oninspiréiert fir eng Parodie (och wann e krampfhaft probéiert eng ze sinn), an en ass ze onwitzeg fir als normal Comedy. D’Momenter an deem et dem Film effektiv geléngt, de Geck mat Ausserirdesch-Invasioun Filmer ze maachen sinn rare a ginn et ënnert dem ganze anere Misère ënner. Kënnt der iech getréischt spueren. 1/5

One thought on “Kuerzkritiken, oder sou (11)”

  1. Bei The Watch huet mëch schon alléng den Trailer dovun ofgehal, mer sou eppes un zë din. Total Recall wor einfach nëmme schlecht. Gudd Explosiounen a flotte CGI-Décor (London an di australesch Stad hun net schlecht ausgesin), awer vun der Geschicht an der Logik hir: nullst. Do war di éischt Versioun mam Schwarzenegger nach besser.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *