Kuerzkritiken, oder sou (12)

Looper. Ech hat mer, op d’Traileren hin, net vill méi erwaard ewéi een Actionfilm mam Bruce Willis an dem Joseph Gordon-Levitt. Dat war mer Argument genuch, fir mech mat engem Eemer Popcorn dohinner ze setzen an mer e puer Gehierzellen ewech ze balleren. Wat ech um grousse Bildschierm ze gesinn krut, war eng positiv Iwweraschung: jo, et ginn Schéissereien an Kläppereien, mä de Film huet eng Prämiss déi den Trailer net verréit an eigentlech geet et guer net esou vill ëm den jonken Mafiakiller géint säin eelert Alter Ego. De Film ass vill méi eng interessant Interpretatioun vum Dilemma, ob ee géing an der Zäit zeréck reesen fir den Hitler emzebréngen ier en zum Diktator gëtt. (Nee, et geet net ëm den Hitler, och d’relativ Vergangenheet am Film läit an onser noer Zukunft.) Ech wëll net zevill verroden – sief just gesot, dass der iech dëse Film getréischt kënnt undoen. 4/5

Ruby Sparks. D’Prämiss vun dësem Film huet mech als een, deen selwer gäre schreiwt, intriguéiert. E jonke Schrëftsteller dreemt no joerelaangem Schreifblock vun engem Meedchen a fänkt doropshin un vun ëm ze schreiwen, a verléiwt sech iwwert dem Schreiwen an et – an enges Dags steet hatt an der Kichen tatsächlech virun him. Et ass eng romantesch Comedy mat Twist, an och wann de Film sech an der Mëtt e bëssen zidd, sou konnt ech mech erschreckend gutt mam Schrëftsteller identifizéieren (et berouegt mech och, dass ech offensichtlech net deen eenzegen sinn, deen sech an seng eege fiktiv Charakteren “verléiwt”). Et ass e léiwe Film, mat engem wonnerschéinen Soundtrack an iwweraschendem Schluss. 3.5/5

Taken 2. De Liam Neeson mécht een sech besser net zum Feind. De Plot ass séier erklärt: dës Kéier kidnappen se seng Fra, an de Liam Neeson mécht mat sengem “very particular set of skills” dat wat e schon am éischten Deel gemaach huet. Dës Kéier dierf seng Duechter ëm souguer dobäi hëllefen. Et ass genau dat, wat een sech erwaart. Sou sënnlos ewéi den éischten Deel, a genau sou spaasseg. Muss een net gesinn hunn, ass awer gudden Popcornkino. 3/5

The Perks of Being a Wallflower. Baséierend um Buch, erzielt de Film d’Geschicht vun engem scheie Bouf deen sech a sengem éischte Joer am Lycée mat den Ofschlossjoer Schüler Patrick a senger Stéifschwëster Sam ufrënnt. Während en sech séier an d’Sam verléiwt brécht e lues a lues aus senger Schuel eraus, gëtt awer vun depressive Gedanken geplot, well den Doud vu senger Tata en net lass léisst. De Film ass esou, ewéi sech Teenager-sinn ufillt – d’Charakteren sinn esou realistesch, dass et zwou Stonnen laang esou richteg wéi deet hinnen nozekucken. Vu Frëndschaft iwwert den éischte Kuss bis hin zum Mobbing an der Schoul wéinst dem Patrick senger Homosexualitéit ass alles dobäi – a wann der d’Buch net gelies hutt, bleiwt onbedéngt vu Spoileren ewech ier der de Film kucken gidd. Ech si mat Gänsehaut heemgetrëppelt. Wahrscheinlech de Film vum Joer. 5/5

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *