Heelen

Et ass guer net esou einfach dech aus mengem Liewen ze verbannen. Mir hunn eis zanter fënnef Méint net méi gesinn, an eigentlech ass dat wierklech laang – et gouf eng Zäit wou déi fënnef Minutten nodeems mer eis Äddi soten sech ewéi eng Éiwegkeet u gefillt hunn. Ironeschweis fillen sech déi lescht Méint guer net esou laang un: villäicht well se sech aus souvill Misère zesummesetzen, dass alles an een eenzege Moment verschmolz ass, villäicht well trotz allem d’Liewen ouni dech weidergaangen ass an ech esou oft mat anere Meedecher am Bett louch (och wann ech mer iwwer meng Motivatioun dofir net sécher sinn, well gehollef huet bis ewell net).
Ech hunn nei Frënn fonnt déi näischt vun dir wëssen. An déi, déi ech emol eng Kéier fir gemeinsam Frënn gehalen hunn waren op eemol just nach meng Frënn. Et ass schéin, dass esouvill Leit mer de Réck gestäipt hunn ewéi ech et gebraucht hunn, an awer deet dat wéi. Et mécht mech traureg, dass se dech just konnte leiden well ech dech gären hat – et zerstéiert déi Welt vun de leschte Joeren wou mer eis all verstanen hunn, well s du eben e léift Meedchen bass. Villäicht sollt ech soen: “wars” – ech weess näischt méi vun dengem Liewen, ech weess net mol a wéi enger Stad s de wunns, an ech weess net ewéi s de dech an dengem neien Ëmfeld mat dengem neie Frënd behëls. ‘She who shall not be named’ nennen meng Frënn dech elo, an ‘that time Thierry disappeared’ soen se fir déi Wochen am September, wou ech d’Welt net méi ausgehalen an d’Land verlooss hunn, ouni engem ze soen dass oder wouhinner ech géing goen.
Ech probéieren dech net z’erwähnen, mä ech hunn esouvill Erënnerungen un dech – dat ass jo och nëmmen normal – dass dat vill méi einfach gesot ass ewéi gemaach. Muenchmol kréien ech mech gerett, andeem s ech däin Numm einfach net soen, muenchmol rëtscht e mer eraus an och wann ni een drop reagéiert fillt et sech esou un ewéi wann s du an dës Welt eragedonnert kéims. Ech wëll net, dass meng Erënnerungen un dech sech ufillen ewéi eng Invasioun all Kéiers wann se geschéien (Biller viru mengem ënneren An, däi Parfum a menger Nues, däi Kierper widdert mer – heiansdo alles op eemol, an am Moment nach bal all Dag), mä si sinn een Duerchbriechen vun där ënnerer Mauer déi ech krampfhaft probéieren ronderëm mäin Häerz opzebauen. Ech wéinscht, et wier alles esou einfach ewéi deng Foto vum Schreifdësch ze huelen, deng Kaarten a Bréiwer vun der Mauer ze rappen, sämtlech Biller vu mengem Laptop an Handy ze läschen an d’Gezei dat s de mer kaf hues ewech ze geheien – ech wéinscht, ech kéint all meng Gedanken un dech an eng Këscht puchen, an se iergendwou ganz wäit hannen a mengem Kapp verstauen. Iergendwann, an e puer Joer, géing ech d’Këscht nees opmaachen an ech kéint mech un déi gutt Zäiten erënneren, ouni dass et wéi deet.
Ech sinn net rosen op dech. Ech sinn net rosen, dass du fortgoungs, ech sinn net rosen, dass du elo mat engem aneren zesummen bass, an ech sinn net emol rosen doriwwer wéi mir op en Enn goungen. Ech hu kee Recht rosen ze sinn (woubäi Gefiller sech natierlech meeschtens wéineg dorëm këmmeren), dat Eenzegt wat ech fillen ass Traueregkeet.
Ech hunn dech op Skype geblockt, mä ech hunn et nach net iwwer d’Häerz bruecht deng Nummer ze läschen. Villäicht sinn ech jo an e puer Méint erëm okay, a mir kéinten eis gesinn a bei engem Stéck Kéistaart ewéi zwee Erwuessener schwätzen. Oder einfach ewéi zwee Mënschen, déi sech emol eng Kéier eppes bedeit hunn an déi iwwer enger Taass Kaffi probéieren sech erëm an hier géigesäiteg Liewen ze loossen – awer net wierklech, well eigentlech hunn se sech längst zevill auserneengeliewt, an si gesinn sech dono ni méi erëm.
Villäicht hate mir dee Moment och scho längst. Mir souzen bei der Fënster um éischte Stack an engem Wetherspoon – du haass ee Fireball Whisky mat Äppeljus an ech hat en Eristoff Black mat Cola – an hunn déi aner Säit vun der Strooss de Café gesinn, an deem mer just e puer Wochen virdrun nach mat engem Äiscube gespillt hunn ier mer a meng Wunneng gelaf sinn an et just bis op d’Fotell gepackt hunn. Déi puer Woche waren eng Éiwegkeet. Mir hunn keng Pläng gemaach eis erëmzegesinn während mer do souzen. Du hues versprach, du kéims mech oft besichen, mä mir woussten allebéid dass dat een eidelt Verspriechen wier. Mir hunn eis eng leschte Kéier ëmaarmt, du bass an den Zuch geklommen, an eis Liewensweeër hunn sech gespléckt.
Nee. Fir et hei duerch ze schaffen, brauch ech dat Bild vun eis a mengem Kapp, wéi mer ons an e puer Méint erëmgesinn an näischt bereien – ech brauch dat als Zil, well esou wëll ech mech fillen.

Kuerzkritiken, oder sou (13)

Skyfall. Nodeems de leschte Bond mech iwwerhaapt net matgerappt hat (et ass bis dato den eenzege Film, bei deem ech aus Langweil am Kino agepennt sinn), war ech net onbedéngt presséiert fir mer dee Neien unzedoen. Dem Craig säi Bond gefält mer net, mä ech krut verséchert deen neie Film wier gutt. En ass net aussergewéinlech schlecht, an en ass besser wéi de leschten, mä gutt? Nee, dofir ass de Plot an den Twist um Schluss vill ze einfach virauszegesinn (trotz, oder vläit grad wéinst, den onzielege Lächer an der Story). De Javier Bardem kämpft mat engem schlechten Skript, d’Judi Dench dierf bësse mat ronderëm lafen an d’Bondgirl leeft 90% vum Film just am Büro ronderëm (firwat dat sou ass, ass een “Twist” deen ee just zum Gaapse bréngt) an de Ralph Fiennes huet Krämpes net total ënnerfuerdert erauszegesinn. Deen neie Q huet mer gefall, och wann ech mer gewënscht hätt e géing e bësse méi maachen wéi op ee grousse Bildschierm ze kucken. Als Bond Fan muss een de Film wahrscheinlech gesinn hunn, anerwäerts verpasst een wierklech net vill. 2.5/5

De Rouille Et D’Os. “Rust and Bone” heescht deen hei, an wat d’Iwwersetzung ugeet ass dat och dat Eenzegt wat geklappt huet, well d’Ënnertitelen ware grauenhaft. Mä als Lëtzebuerger huet ee mat Franséisch jo generell kee Problem – an de Film ass wierklech immens. Ech hunn “Amour” nach net gesinn, mä “De Rouille Et D’Os” hätt d’Palme d’Or verdéngt gehat. De Genre vum Film ass schwéier festzeleeën, well och wann et am Trailer wéi eng Liebesgeschicht ausgesäit, ass et keng. Et sinn zwee Charakteren, deenen hier Liewen sech duerch Zoufall kräizen an, well se keen aneren hunn, sech géigesäiteg duerch hier respektiv Tragedien droen. D’Art a Weis, wéi d’Léift (an domatter mengen ech net eng romantesch, well et ass souvill méi) tëscht deenen zwee entsteet ass esou realistesch, dass et richteg vill wéi deet. Et ass en tour de force fir d’Marion Cotillard an de Mathias Schoenaerts – an e Film, deen een onbedéngt muss gesinn hunn. 5/5