Oblivion

Et ass, no deem ganzen Vampir Krom, endlech nees um Tour vun Science-Fiction fir Mainstream Filmer z’iwwerhuelen. Deen Trend war, ewéi de Vampirgenre virdrunner och schon, natierlech schon zanter engem Jorzéngt ofzegesinn, an Oblivion ass den Éischten vun enger Well Filmer, déi an noer Zukunft op eis duerkommen wäerten. Elyisum mam Matt Damon an Jodie Foster ass dovunner een, op deen ech mech am Meeschte freeën, mä After Earth mam Will Smith kéint och interessant ginn.
Dovunner ofgesinn, dass dystopesch Science-Fiction zu menge léiwste Genren gehéiert, ass et gutt, dass Oblivion relativ um Ufank vun der Well koum – et kann eigentlech just besser ginn. Visuell ass de Film, dank der wonnerbarer Designarbécht vum Daniel Simon, zwar bombastesch an inspiréiert, mä schauspilleresch ass de Film enttäuschend. Natierlech kann een sech vun engem Tom Cruise (deen ironescherweis mat Interview with the Vampire als Ausgangspunkt vum rezente Vampirgenre verantwortlech war) keen tour de force erwaarden, mä och de Morgan Freeman huet schon emol méi iwwerzeegend gewierkt. Dat maach awer och un deem schleefenden Dréibuch leien, dat zwar Méiglechkeeten vir postapokalyptesch Landschafte bidd, mä d’Story net wierklech weiderdreiwt.
D’Geschicht ass amfong séier erklärt: 2077 sinn den Jack (Cruise) an d’Victoria (Andrea Riseborough) déi zwee lescht Mënschen op der Äerd no enger Invasioun déi d’Mënschheet zwar gestoppt krut, mä déi de Planéit esou zerstéiert huet dass se huet missten op de Saturnmound Titan emigréieren. Si sollen d’Dronen reparéieren an op gigantesch Maschinnen oppassen, déi d’Mierwaasser opsaugen fir mat op den Titan ze huelen. Hier Missioun steet kuerz virum Enn, an an zwou Wochen sollen se bei de Recht vun der Mënschheet op Titan. D’Victoria – mat engem Hauch Stepford Wives – ass besiess drop, fir alles no Protokoll ze maachen an esou séier ewéi méiglech de Planéit ze verloossen, den Jack ass kritesch well hien d’Äerd als säin Doheem ugesäit. Doriwwer eraus gëtt den Jack permanent geplot vu Visiounen vun enger Fra déi en um Empire State Building getraff huet (Olga Kurylenko), wat net méiglech ass, well d’Welt 2017 zerstéiert gouf an hien dunn nach guer net gebuer war.
Den Twist ass net originell genuch fir e Film vun iwwer zwou Stonnen ze rechtfertegen – well een eben als Zuschauer duerchaus fréi realiséiert, wat lass ass. De Film follegt den etabléierte Musteren, an dat mécht eng Iwwerraschung einfach onméiglech. De gréissten Deel vum Film gesäit et allerdéngs esou aus, ewéi wann e wéilt op en Enn kommen, an sech guer net ëm den Twist këmmeren – wat fierchterlech frustrant ass.
Et deet mer net onbedéngt leed, dass ech de Film gesinn hunn: visuell war e beandrockend, an de Soundtrack vun der wonnerbarer südfranséischer Band M83 ass definitiv der dystopescher Visioun würdeg, mä weideremfeelen kann ech de Film och net onbedéngt.
Ech ginn ëm 3 vu 5 radioaktiv verstrahlt Blummen, fir d’Aarbecht vum Simon an M83.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *